한국   대만   중국   일본 
Theo Makowsky ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Theo Makowsky

Vu Wikipedia
Desen Artikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Theo Makowsky
Gebuer 1902
Gestuerwen 1989
Aktiviteit Jazzmuseker

Den Theo Makowsky , gebuer 1902 zu Oochen , a gestuerwen 1989 zu La Ciotat , war en Jazzbatteur , deen an den 1930er Jore virun den Nationalsozialisten aus Daitschland op Letzebuerg geflucht ass.

1919 hat hie sain eischt Engagement an engem Oochener Ennerhalungsorchester, mat deem hie vill an Daitschland ennerwee war. 1933 huet hien als Bouf vu polnesch-jiddeschen Elteren Daitschland misse verloossen. Zu Letzebuerg ass hie freiere Musekskolleege wei dem Efim Schachmeister oder dem Tommy Dallimore erembegeint, dei och Daitschland hu misse verloossen. De Letzebuerger Komponist an Dirigent Emile Boeres huet hien 1934 an den nationale Radiosdanzorchester engageiert, wou och Museker wei den Andy Felten , de Fred Gehlen an de Johnny Glesener gespillt hunn.

Den 10. Mee 1940 gouf hie mam Iwwerfall vun Daitschland op Letzebuerg gezwongen, och vun do virun den Nazien ze fluchten. Hien huet sech a Sudfrankraich zereckgezunn, wou hie bis zu senger Pensioun an enger Kueleminn geschafft huet.

Niewebai huet hien nach a verschiddenen Amateurbande getrommelt.

Quellen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Spautz, Roger : Luxemburgs Pioniere der leichten Muse. RTL Edition, Luxembourg 1983.
  • Urwald, Georges : De Litty - Les carnets didactiques du Cedom: Jazz zu Letzebuerg , Letzebuerg: Cedom/BnL, 2017.