The Bitter Years 1935-1941
ass eng
Fotosausstellung
, dei
1962
fir de
New Yorker
Museum of Modern Arts
vum
Edward Steichen
zesummegestallt gi war. D'Fotoe si vun der
Farm Security Administration
hierkomm, a weisen dei "batter Joren", wou, als Folleg vun der
Grousser Depressioun
, e groussen Deel vun der amerikanescher Landbevelkerung veraarmt waren.
D'Ausstellung besteet aus 208 schwaarz-waiss
Fotoen
, dei vun enger Ekipp vun 12 Fotografen, dorenner d'
Dorothea Lange
, de
Walker Evans
, de
Russel Lee
, de
Jack Delano
an den
Arthur Rothstein
, fir d'
Farm Security Administration
(FSA) gemaach goufen. D'FSA war vum
amerikanesche President
Franklin D. Roosevelt
an d'Liewe geruff gi fir de Baueren an Nout ze hellefen.
7 Joer laang sinn des Fotografen uechtert d'
Vereenegt Staate
gezunn an hunn d'Liewe vun de Leit an hirem Misar op hire Fotoe festgehalen. En ettlech vun de Fotoe waren och scho virun der Ausstellung weltwait an der Press an a Bicher verbreet ginn. Hei an do ass hinne virgeworf ginn, si wiere Propaganda fir dee Programm vun der FSA, deen d'Landwirtschaft sollt erem un d'Rulle brengen.
D'Ausstellung "The Bitter Years 1935 - 1941" ass an den 1990er Jore restaureiert ginn, an
1995
zu
Letzebuerg
, duerno och a
Japan
an a
Russland
, ausgestallt ginn.
Se krut den 28. September 2012 un am freiere
Waassertuerm
vun der
Diddelenger Schmelz
,
[1]
deen no senger Restaureierung Deel vun der Galerie
Waassertuerm + Pomhouse
ass, en definitiivt Doheem.
- Francoise Poos
, ed.: "The Bitter Years. The Farm Security Administration Photographs Through the eyes of Edward Steichen", Thames and Hudson), 2012.
- ↑
"Steichen-Expo am Diddelenger Waassertuerm vu September un."
RTL.lu - 25.06.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiseiert: 26.06.2012, 08:20.