Saturn III (Tethys)
![](//upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/ab/Tethys_PIA07738.jpg/250px-Tethys_PIA07738.jpg) Saturnmound Tethys, opgeholl vun der Raumsond
Cassini
.
|
Zentralkierper
|
Saturn
|
---|
Eegenschafte
vum
Orbit
|
---|
Grouss Hallefachs
|
294.619 km
|
---|
Periapsis
|
294.589 km
|
---|
Apoapsis
|
294.648 km
|
---|
Exzentriziteit
|
0,0001
|
---|
Emlafzait
|
1,887802 Deeg
|
---|
Inklinatioun
|
1,120°
|
---|
Physikalesch Donneeen
|
---|
Mettleren Duerchmiesser
|
1062,2 ± 1,2 km
|
---|
Dicht
|
0,984 ± 0,003 g/cm
3
|
---|
Gravitatioun
op der Uewerflach
|
? m/s
2
|
---|
Albedo
|
0,80 ± 0,15
|
---|
Visuell Magnitude
(mag)
|
10,2
|
---|
Entdeckung
|
---|
Entdecker
|
Giovanni Domenico Cassini
|
---|
Entdeckungsdatum
|
21. Maerz
1684
|
---|
Den
Tethys
(oder
Saturn III
) ass de fennefgreisste vun 62 bekannte
Mounde
vum Planeit
Saturn
. Hien zielt zu den
Aismounden
.
Den Tethys gouf den
21. Maerz
1684
vum
franseischen
Astronom
mat italieenesche Wuerzelen, dem
Giovanni Domenico Cassini
entdeckt.
[1]
Den Tethys ass zesumme mam
Dione
de 4. a 5. entdeckte
Saturnmound
an den
8. resp. 9. entdeckte Mound
am ganze
Sonnesystem
. Duerch seng deemools am drettnosten zum Saturn leiend Emlafbunn gouf hien als drettbannenzegte vu siwe bis dohin bekannte grousse Saturnmounde vun der
I. A. U.
mat der reimescher Nummer
III
markeiert.
De Mound gouf no der
Titanin
Tethys
aus der
griichescher Mythologie
genannt. Si war eng Duechter vum
Uranos
an der
Gaia
a war mat hirem Brudder
Okeanos
bestuet. No der Gettin ass och den
aerdgeschichtlechen
equatorialen Ozean
Tethys
genannt.
Den Numm
Tethys
an Nimm fir weider siwe Saturnmounde goufe vum Astronom
John Herschel
,
1847
an enger Publikatioun
?Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope“
virgeschloen. Si sollten no Geschwester vum
Titan
Kronos
genannt ginn.
Den Tethys kreest em de Saturn op enger
prograder
, bal perfekt kreesfermeger Emlafbunn op enger mettlerer Distanz vun 294.619 km (zirka 4,888 Saturnradien) vun Zentrum (resp. dem
Schweierezentrum
), also ongefeier 234.351 km iwwer der Wollekenuewergrenz. D'
Bunnexzentriziteit
ass 0,0001, d'Bunn lait 1,12° schrei geigeniwwer dem
Equator
vum Saturn, si lait also bal an der Equatorheicht vum Planeit. Duerch dei zimmlech niddreg Exzentriziteit varieiert d'Bunn an der Distanz zum Saturn em ronn 59 km.
D'Emlafbunn vum nachste bannenzege Mound
Enceladus
ass an der Moyenne ongefeier 56.671 km vum Tethysorbit ewech. D'Bunndistanze vun de nachste baussenzege Mounde
Dione
souwei d'
Trojaner-Mounde
Helene
an
Polydeuces
beweegen sech an der Moyenne op 82.777 km.
D'Tethys-Trojaner-Mounde
Telesto
an
Calypso
lafen op Tethys’
Lagrange-Punkte
L
4
an L
5
, all Keier 60° vir an hanner dem Mound, op der selwechter Emlafbunn em de Planeit.
Den Tethys leeft an 1 Dag, 21 Stonne, 18 Minutte an 26,1 Sekone em de Saturn. Dat sinn ongefeier 2 Stonnen a 50,9 Minutte mei laang wei d'Emlafzait vum
Jupitermound
Io
. Den Tethys brauch fir een Emlaf 12 Stonnen an zirka 25,3 Minuttemei laang wei de bannenzege Noper Enceladus.
Den Orbit vum Tethys lait deif an der
Magneitosphar vum Saturn
, sou datt de Plasma, dee mam Planeit matroteiert, op dei follgend Hemisphar trefft. Si gett doduerch och vun energeeteschen Deelercher (
Elektronen
an
Ionen
) getraff.
Animatioun vun der Tethysrotatioun.
Den Tethys steet a
gravitativer
Wiesselwierkung mat senger Noperschaft. Nieft den Trojaner-Mounden
Telesto
a
Calypso
(1:1-
Bunnresonanz
) leeft den Tethys bal an enger 4:3-
Bunnresonanz
mam nachste bannenzege Mound
Enceladus
a bal an enger 2:3-Resonanz mat der baussenzeger Bunnnopesch
Dione
em de Saturn.
Den Tethys a seng beid Trojaner-Mounde kreesen em de Saturn bannenzeg vum
E-Rank
, sou datt sech d'Uewerflache vun de Mounde an engem dauernde Bombardement duerch
Mikrometeoritte
steet.
D'
Rotatiounszait
vum Tethys a d'selwecht wei seng
Emlafzait
. Alle beid gescheie bannen engem Dag, 21 Stonnen, 18 Minutten a 26,1 Sekonnen. Den Tethys weist domat, wei den
Aerdmound
an all grouss Trabante vun de
Gasrise
, eng
synchron Rotatioun
op. Hie weist also emmer mat der selwechter
Hemisphar
zum Saturn. D'Equatorheicht steet 0,034° schrei zu der Emlafbunn.
E Cassini-Faarfbild bal an Echtfaarwen.
Den Tethys ass bal komplett kugelfermeg, mat engem Duerchmiesser vun an der Moyenne 1062,2 km. Dei genee Moosse sinn 1076,8 × 1057,4 × 1052,6 km. D'Ofwaichung vun ongefeier 0,9 % ass op d'
Gezaitekraafte
vum Saturn zereckzefeieren, wat dem Mound d'Form vun engem draiachsegen
Ellipsoid
gett. D'Langsachs ass op de Saturn ausgeriicht, dei mettelst Achs ass tescht feierender a follgender Hemisphar an dei kierzest Achs tescht de
Pole
. Den Tethys ass de fenneftgreisste Saturnmound a rangeiert am ganze
Sonnesystem
op der 16. Plaz bei alle Planeitemounde souwei der 31. Plaz vun alle bis elo bekannte Kierper (Stand Maerz
2012
).
Vun der Greisst hir ass den Tethys ze verglaiche mam greissten
Haaptceinture
-
Asteroid
Ceres
oder der eppes mei grousser Nopesch
Dione
.
Dei gabz Flach vum Tethys ass zirka 3.544.561 km² grouss, dat ass ongefeier d'Flach vun
Indien
mat
Bangladesch
an
Nepal
.
Den Tethys ass en aisegen Himmelskierper, genee wei dei grouss Saturnmounde Dione an
Rhea
. Seng kleng Dicht vun 0,984 g/cm
3
weist drop hin, datt hie greisstendeels aus
Waasserais
zesummegesat ass. D'Mass u Gestengs kann 6 % vun der ganzer Moundmass net iwwerschreiden. Et ass net bekannt, ob den Tethys en
differenzeierte
Kierper huet. Wann dat sou wier, dann hatt de Gestengskar en Duerchmiesser vu ronn 290 km, also ongefeier en Drettel vum ganzen Moundduerchmiesser. D'Dimensioune vum Ellipsoid weisen op en homogeene Kar hin. D'Existenz vun engem ennerierdeschen
Ozean
gett als onwahrscheinlech ugesinn.
D'Uewerflach vum Tethys ass ganz hell, si reflekteiert 80 % vum agestralte Sonneliicht. Dei heich
Albedo
ass d'Resultat vum Beschosse duerch dei reng Waasseraispartikele vum E-Rank. Dei feierend Hemisphar ass doduerch em ronn 10 bis 15 % mei hell wei dei follgend, well si d'Rankmaterial op hirer Emlafbunn quasi zesummebrengt. Op dem Mound Tethys sinn Temperature vun zirka ?187 °C (dat sinn 86
Kelvin
).
D'Aschlagbecken
Odysseus
D'Uewerflach vum Tethys ass staark verkratert an huet vill Resser. Zwou ennerschiddlech Aarten vu geologesche Regioune konnten ausgemaach ginn, eng Regioun mat ville Impaktkrateren an en daischtert Band, mat mannere Kratere, dat iwwer de Mound verleeft. Dei lescht Regioun ass en Zeechen dorop, datt d'Uewerflach zu engem speideren Zaitpunkt geologesch aktiv war, woubai eeler Gebidder vun der Uewerflach erneiert goufen. Dei genee Ursaach vun der donkler Bandverfierwung ass net bekannt. Eng meiglech Erklaerung keinte Fotoe vun der
Raumsond
Galileo
liewweren, dei d'Jupitermounde
Ganymed
a
Kallisto
ennersicht hat. Allen zwein Mounde hunn hell Polkapen, dei vu groussen Aisoflagerungen an den Hang vu Kratern geformt goufen. Aus der Distanz erschengen d'Polkape mei hell wei d'Muster, dat vun Dausenden, net opgeleiste mei klengen a veraiste Kratere geformt gett. D'Uewerflach vum Tethys keint d'selwecht gebilt sinn a besteet aus Polarregioune mat engem ondaitleche Muster aus hellem Ais, tescht deenen eng daischter Zon lait.
Op der westlecher Hemisphar ass de risege Krater
Odysseus
dat opfallegst Zeechen. Hie bedeckt knapps 3,5 % vun der ganzer Uewerflach, a sain Duerchmiesser ass mat 445 km gutt 40 % vum Moundduerchmiesser. De Krater erschengt relativ flaach a glaicht de Kratere um Jupitermound Kallisto, woubai dei typesch Rengwall an de Zentralbierg feelen, wei si um
Merkur
oder um
Aerdmound
ze fanne sinn. Dat ass wuel dorop zereckzefeieren, datt dei schwaach aiseg Kuuscht vum Tethys iwwer geologesch Zaitraim ewech agebrach ass.
Den Dall
Ithaca Chasma
Dat zweet opfallegt Zeechen um Tethys ass e risegen Dall, den
Ithaca Chasma
, dee ronn 100 km breet ass an drai bis fennef Kilometer deif. Mat enger Langt vun 2000 km leeft en zu ronn drai Veirel em de Mound. Et keint geformt gi sinn, wei flessegt Waasser am Kar vum Mound gefruer ass an d'Uewerflach duerch d'Ausdeenung opgerass gouf. No enger anerer Theorie keint den
Ithaca Chasma
entstane sinn, wei bei engem risege Kierperaschlag, deen de Krater Odysseus geformt hat, Schockwellen duerch de Mound gestouss hat an dei zerbriechlech Kuuscht op der Sait vis-a-vis opgebrach hat.
Den Tethys huet eng
visuell Magnitude
vun 10,3
m
, dei 1:6300 vum Zentralplaneit grouss ass. Fir den Tethys z'observeieren, brauch een e greissert
Teleskop
.
Den Tethys gouf bis elo vu veier
Raumsonden
ugeflunn, speziell vun de Laanschtfluchsonden
Pioneer 11
den
1. September
1979
,
Voyager 1
den
12. November
1980
a vum
Voyager 2
de
25. August
1981
an zum Schluss vum
Cassini-Huygens
, deen zanter dem
1. Juli
2004
em de Saturn kreest. De
24. September
2005
war d'Sond op enger Distanz vun 1.503 km laanscht den Tethys geflunn. Bei engem Laanschtfluch am Abrell
2015
hat d'Sond Biller mat roude Straifen op der Uewerflach gescheckt, dei meiglecherweis geologesch ganz jonk sinn.
[2]
Portal Astronomie
- ↑
Cassini:
An Extract of the Journal Des Scavans. of April 22 st. N. 1686. Giving an Account of Two New Satellites of Saturn, Discovered Lately by Mr. Cassini at the Royal Observatory at Paris.
Phil. Trans. 1686 16:79-85; (
Volltext
)
- ↑
Cassini Solstice Mission: Red Arcs on Tethys