Den
Terence David John Pratchett
gebuer den
28. Abrell
1948
zu
Beaconsfield
am
Buckinghamshire
, a gestuerwen den
12. Maerz
2015
, war een
englesche
Fantasy-
Schreftsteller
. Seng bekanntst Bicher sinn dei aus der
Discworld
-Welt.
De Pratchett huet sain eischt "Wierk" mat 13 Joer erausbruecht, an der Schoulzeitung. Des
Kuerzgeschicht
,
The Hades Business
, ass duerno an enger Science Fantasy Zaitschreft ofgedreckt ginn, an huet dem Pratchett
1961
seng eischt 14
Pond
erabruecht.
Nodeem hien
1965
mat der Schoul faerdeg war, ass hie Lokal-
Journalist
ginn an huet seng eischt Kontakter mat der Buch-Industrie gekneppt. Duerno huet hien als Pressespriecher an engem Atomkraaftwierk geschafft, ma just soulaang bis hie mei Sue mat Schreiwen, wei mat schaffe verdenge konnt.
Hien huet
1998
den
Order of the British Empire
fir seng Zerwisser un der
Literatur
kritt an zielt haut zu de meeschtgeliesene Schreftsteller an
England
an doriwwer eraus.
Den Apel falt net wait vum Stamm: sai Meedchen, d'
Rhianna Pratchett
, ass och Fantasy-Schreftstellerin a Journalistin.
Mat
Going Postal
ass Buch Nummer 33 an der
Discworld
-Serie Enn
2004
op de Maart komm. Des Rei vu Bicher sinn humoristesch Fantasy-Parodien dei sech op enger
Scheiwewelt
ofspillen. Des Welt gett vu veier
Elefante
gedroen, des Elefanten hirersaits stinn um Reck vun enger enormer Rise-Schildkrot dei duerch de Weltraum schwemmt (wei gesot, et handelt sech em
Fantasy
, an dach baseiert des Geschicht op engem reale
Mythos
vun den
Hindus
: der
Chukwa
).
Dem Pratchett seng Parodien emfaasse sou Theme wei Science fiction,
Ingmar Bergman
-Filmer,
Australien
,
Hollywood
, Zeitungen,
Rock'n Roll
Musek, Relioun,
Philosophie
, egyptesch
Geschicht
, Gewerkschaften,
Monarchie
a sou weider. Eigentlech riichte sech seng Geschichten un dat erwuessent Publikum, ma zum Beispill huet hien
2001
d'
Carnegie Medal
fir sai Roman
The Amazing Maurice and His Educated Rodents
als beschte Kanner-Roman gewonnen.
Zesumme mam
Ian Stewart
an
Jack Cohen
huet de Pratchett
The Science of Discworld
(
1999
) an
The Science of Discworld II: The Globe
(
2002
) geschriwwen. Des Bicher beschreiwen op eng quasi wessenschaftlech Aart a Weis d'Scheiwewelt. Een drett Buch an deser Serie,
The Science of Discworld III: Darwin's Watch
, soll am Mee
2005
erauskommen.
- The Colour of Magic, The Light Fantastic, Mort
an
Guards! Guards!
gett et als Comic.
E puer vum Pratchett senge Romaner si vum
Stephen Briggs
zu Theater-Stecker emgeschriwwe ginn:
- Wyrd Sisters: The Play
(1996)
- Mort: The Play
(1996)
- Johnny and the Dead
(1996) (non-Discworld)
- Guards! Guards!: The Play
(1997)
- Men at Arms: The Play
(1997)
- Maskerade
(1998)
- Interesting Times
(2002)
- The Truth
(2002)
- Wyrd Sisters
a
Soul Music
si vu Cosgrove Hall Films fir Channel 4 als Zeechentrickfilm-Serie erauskomm.
- Guards! Guards!
,
Wyrd Sisters
an
Mort
sinn als Lauschterspill-Serie um Radio gelaf an
The Amazing Maurice and his Educated Rodents
ass als 90-Minutte Steck op BBC Radio 4 gesent ginn.
Eischt Editioune vun den eischten
Discworld
Bicher ginn deier gehandelt, sou kascht dei englesch Eischteditioun mat haardem Deckele vun
The Colour of Magic
iwwer £2000 (4,500 Steck sinn an den
USA
vu St Martin's Press gedreckt ginn, dovu sinn der just 506 an
England
verkaaft ginn, also eng zimmlech Rariteit), fir
The Light Fantastic
muss een emmerhin nach £1000-1500 berappen.
Kurieiserweis kann ee sech selwer an enger Geschicht vereiwegen. Heiansdo namlech falt et dem Har Pratchett an, op enger Woltategkeetsveranstaltung deem, deen am meeschte bitt eng Roll an engem Buch quasi op de Leif ze schreiwen.
Dei aussergeweinlech Buchdeckel-Illustratioune fir all
Discworld
Bicher (op d'mannst emol dei, dei an England verkaaft ginn) huet bis
2001
den
Josh Kirby
gemoolt.
Net ze vergiessen eng Rei vu Bicher dei naischt mat der Scheiwewelt ze dinn hunn.
Do sinn zum Beispill dei drai Bicher iwwer den Johnny Maxwell,
Only You can save Mankind
,
Johnny and the Bomb
an
Johnny and the Dead
, een zwielef Joer jonke Borscht deen nawell eppes erlieft.
Da gett et nach zwei Romaner dei mei a Richtung Science fiction tendeieren, natierlech mat enger typescher Portioun Humor. Klengt Beispill: ≪ D'Ausgruewungen hu bewisen datt de Plesiosaurier ee Scheld am Grapp gehalen huet, wou drop stoung,
Stoppt Atomversich: ELO
. Dat war naischt Ongeweinleches, ma... ≫
Oder d'Nomen-Trilogy (
Truckers
,
Diggers
,
Wings
) iwwer ee Vollek vu Gnomen dei urpletzlech mussen hir Welt verloossen. Hir Welt ass, wei sech erausstellt, dem Ennergank geweit, well hir Welt ass namlech e Mega-Akafszentrum a la Harrods, deen elo ofgerappt gett. An drai Romaner gett den Exodus, den Nei-Ufank an de Greff no de Stare beschriwwen. Vill Parallellen zu eisen Zivilisatiounen an eng Portioun sozialer Kritik maachen aus dese Bicher kleng Bijouen.
Ma den absolutten Hummer ass
Carpet People
. Wien elo mengt, et geif em wierklech mini Mannercher goen dei an engem decke Perser-Teppech wunnen, a fir dei de
Stebssuckler
eng Naturkatastroph ass, dee lait richteg. Wann ech schreiwe mini, da mengen ech och mini. Sou tummele sech do ganz Velker an deem Teppech, mat Kricher an Expeditiounen an Aerzminnen, dei wait ewech leien. Gleeft mir, dir kuckt aren Teppech ni mei mat deene selwechten Ae wann der dest Buch gelies hutt.
Hei eng Lescht:
- Strata
(et geet zwar och em eng Scheiwewelt, ma et ass eischter geduecht als eng Parodie op dem Larry Niven sai
Ringworld
) (Colin Smythe, 1981)
- The Dark Side of the Sun
(Colin Smythe, 1976)
- The Carpet People
(dem Pratchet sain eischt Buch, substantiell fresch geschriwwen nodeem hie beruumt gi war) (Colin Smythe, 1971)
- Eng Trilogy (och bekannt als
The Bromeliad
):
- Good Omens
(geschriwwen zesumme mat dem
Neil Gaiman
)
- The Unadulterated Cat
(mat dem Gray Jolliffe. Een Hommage u Kazen)
- Eng Kannerbicher-Triolgy iwwer den Johnny Maxwell, deen doudeg Leit gesait, Aliens an nach ee ganze Koup aner komesch Saachen:
- Only You Can Save Mankind
- Johnny and the Dead
- Johnny and the Bomb
- Once More* *With Footnotes
? eng Kollektioun vun Artikelen, Virwierder a Kuerzgeschichten, publizeiert vun NESFA.
Bicher wou de Pratchett seng Fangeren am Spill hat
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
- Meditations on Middle-Earth
(2002)
- The Leaky Establishment
vum David Langford mat engem Virwuert vum Pratchett
Dem Pratchett seng Bicher hunn, fir de Fantasy-Genre, ongeweinlech vill Praisser gewonnen an et gett och eng Partie Bicher dei sech mat sengem Wierk beschaftegen. Eng Kompilatioun dovun,
Terry Pratchett: Guilty of Literature?
, eds. Andrew M. Butler, Edward James a Farah Mendlesohn, publizeiert vun der
Science Fiction Foundation
am Joer 2000.
De Pratchett war ee vun den eischte Schreftsteller dei den Internet benotzt hu fir mat hire Lieser a Kontakt ze kommen. Zanter Joren ass hie reegelmeisseg am
Usenet
Newsgroup alt.fan.pratchett ze fannen.