Den
Tanegashima Space Center
(
Tanegashima Uch? Sent?
, dacks als
TNSC
ofgekierzt) ass eng
japanesch
Weltraumgare
zu
Minamitane
op der Insel
Tanegashima
. Mat enger Flach vu 9,7 Quadratkilometer ass den TNSC dei greisst japanesch Weltraumgare.
Hei gi virun allem Wieder-, Kommunikatiouns-, Aerdobservatiouns- a Radiosatellitte gestart.
D'Rakeitestartplaz gouf
1969
bei der Grennung vun der
National Space Development Agency
(kuerz NASDA) opgeriicht. Zanter der Fusioun vun der NASDA mam
Institute of Space and Astronautical Science
(ISAS) an dem
National Aerospace Laboratory of Japan
(NAL) zu der neier japanescher Raumfaartagentur
Japan Aerospace Exploration Agency
(JAXA) ass den TNSC am Besetz vun der JAXA. Zanter
1975
gi vum TNSC och orbital Missioune gestart.
D'Weltraumgare leisst sech an zwei Beraicher ennerdeelen, dei nerdlech
Osaki Range
an dei sudlech
Takesaki Range
.
- Osaki Range
D'Osaki Range huet zwou Startplazen, dei eng dovun ass de
Launch Complex Yoshinobu
(ofgekierzt Launch Area Y, LA-Y). Si gouf
1993
fir den
H-II
-Programm gebaut a bestoung am Ufank nemmen aus dem Launch Pad 1. Am Joer
2000
gouf e weidere Launch Pad gebaut, dee bis elo awer nach ni zum Asaz koum. Vum LA-Y ginn H-II, H-IIA an H-IIB Rakeite gestart. Den eischte Start war den
3. Februar
1994
.
Dei zweet Startplaz vun der Osaki Range ass de
Launch Complex Osaki
(ofgekierzt Launch Area N, LA-N). Den LA-N gouf vu Rakeite vum Typ
J-I
,
N-I an N-II
benotzt. Den eischte Start vun der LA-N war den
9. September
1975
.
- Takesaki Range
Dei sudlech Takesaki Range besteet enner anerem aus dem
Launch Area Q
an dem
Launch Complex Takesaki
(ofgekierzt Launch Area T, LA-T). Vun der LA-Q si bis elo nemmen zwou Rakeite vum Typ
Mu
gestart, dei eischt den
2. September
1974
, dei zweet de
5. Februar
1975
. Den LA-T gett fir d'Starte vun der
Lambda
, MT-135, S a fir TR-1 benotzt. Vun hei ginn zanter
1967
Rakeite gestart.
Fir d'Montage vun den H-II-Rakeite huet den TNSC e
Vehicle Assembly Building
(kuerz VAB), anlech dem
Vehicle Assembly Building
vum Kennedy Space Center. Hien ass 81 Meter heich an dat greisst Gebai um TNSC. No engem Embau passe mettlerweil zwou H-IIA-Rakeiten fir d'Montage glaichzaiteg an de VAB. Fir den Zesummebau vun enger
H-II
dauert et drai Meint, an dei vun der H-IIA ee Mount.
[1]
De Kontrollzentrum fir de Fluch vun der H-II vum TNSC lait aus Secherheetsgrenn 10 Meter enner der Aerd a 500 Meter vun der Rakeitestartplaz ewech.
[1]
Portal Astronomie
- ↑
1,0
1,1
Japans Kampf um den Weltraum.
Reportage, Reihe: Moderne Wunder, ausgestraalt de
27. November
2009
20:05 ? 21:00 op
n-tv
, Originaltitel:
Man Made Marvels: HII-A Space Rocket