De
Sydney Samuel Hough
, gebuer am Joer
1870
zu
Stoke Newington
a gestuerwen den
8. Juli
1923
an England, war en
engleschen
Astronom
.
Den Hough ass am
Christ's Hospital
zu London an d'Schoul gaangen an huet um
St. John's College
zu
Cambridge
studeiert, wou hien och
Fellow
ginn ass.
Hie gouf duerno fir d'eischt Haaptassistent vum
David Gill
um Kinneklechen Observatoire um
Kap vun der Gudder Hoffnung
a
Sudafrika
, wou hie speider Direkter vun
1907
bis
1923
war. Den Hough war en exzellente Mathematiker mat ufanks weineg praktescher astronomescher Erfarung, hien huet awer enner dem Gill seier dobai geleiert an ass mat deem senge Kontributioune beim Projet
Carte du Ciel
weidergefuer.
Den Hough war Member vun der
Royal Society
an am Joer
1908
den eischte President vun der
Royal Society of South Africa
. Den Hough huet sech ausserdeem mat der Theorie vun de Gezaite befaasst.
Portal Astronomie