한국   대만   중국   일본 
Svante August Arrhenius ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Svante August Arrhenius

Vu Wikipedia
Svante August Arrhenius
Gebuer 19. Februar 1859
Balingsta forsamling
Gestuerwen 2. Oktober 1927
Stockholm
Nationaliteit Schweden
Educatioun Universiteit Uppsala,
Universiteit vu Stockholm
Aktiviteit Astronom , Chimist, Physiker , Universiteitsprofesser
Member vun Royal Society , Schweedesch Akademie vun de Wessenschaften , Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wessenschaften, Wessenschaftsakademie vun der URSS, American Academy of Arts and Sciences , Norwegesch Akademie vun de Wessenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Kungliga Vetenskaps- och Vitterhets-Samhallet i Goteborg, Russesch Akademie vun de Wessenschaften, Kinneklech danesch Akademie vun de Wessenschaften, National Academy of Sciences , Accademia delle Scienze di Torino

De Svante August Arrhenius , gebuer den 19. Februar 1859 um Gutt Wick um Malarsei bei Uppsala a gestuerwen den 2. Oktober 1927 zu Stockholm , war e schweedesche Physiker a Cheemiker .

Den Arrhenius huet nogewisen, datt Salzer am Waasser als Ionen eremzefanne sinn. D'Salzer zerfalen am Waasser net emmer vollstanneg a Ionen, ma - ofhangeg vun der Konzentratioun - zu engem bestemmte Prozentsaz; den Arrhenius huet dofir d'Wuert ?Aktiviteitskoeffizient“ agefouert.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Dem Svante August Arrhenius seng Eltere waren de Svante Georg Arrhenius an d'Carolina Christina Thunberg. De Papp huet als Geometer an duerno als ?Akademievogt“ op der Universiteit Uppsala , geschafft.

Weinst der schlechter Pai op dar Plaz huet hien am Ufank nach niewebai als Regisseur vum Gutt Wick geschafft. De jonke Svante war allerdengs nemme kuerz Zait do, ufanks der 1860er ass seng Famill op Uppsala geplennert. Dem Papp seng Pai war besser ginn an hien huet net mei misse Regisseur sinn.

Ausbildung a Karriar [ anneren | Quelltext anneren ]

1883 huet hie seng Dokteraarbecht gemaach, dei op Franseisch geschriwwen a vereffentlecht gouf an an dar hie seng Theorie vum Auserneefale vun de Salzer a Ione bekannt gemaach huet. D'Jury war net sou begeeschtert vun der Aarbecht an hie krut eng ?schlecht“ Mentioun. Trotzdeem konnt hie Professer op der Universiteit Uppsala ginn a mei speit zu Stockholm.

Vun 1905 bis zu sengem Doud war hien Direkter vum Nobelinstitut zu Stockholm.

Wessenschaftlech Aarbecht [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Arrhenius ass a senger Dokteraarbecht dovun ausgaangen datt d'Elektrolytten net nemmen enner der Form vun A-B virleien, ma och als Ionen A+ a B- an datt dei Ionen d'Ursaach fir Leetfaegkeet vu Salzleisunge sinn. D'Reaktioun vun der Dissociatioun vun A-B a Ionen A + a B - ass am Glaichgewiicht an et gett e Grad vum Zerfall α vun dese Reaktiounen. Dei Theorie fennt haaptsachlech Uwendung bei Substanzen dei weineg ioniseiert sinn an ermeiglecht Ennerscheeder zum Raoultgesetz z'erklaren.

Den Arrhenius huet dem Van't Hoff sai Gesetz erweidert mat der Equatioun:

k= A*e -E/RT

k = Vitesskonstant A = Frequenzfactor E = Energie d'activation

Eierungen [ anneren | Quelltext anneren ]

Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Recherches sur la conductibilite galvanique des electrolytes
  • On the influence of carbonic acid in the air upon the temperature of the ground. The London, Edinburgh and Dublin Philosophical Magazine and Journal of Science 5 , 237?276 (1896)
  • Larobok i teoretisk elektrokemi (1900, an op daitsch 1901 Lehrbuch der Elektrochemie )
  • Lehrbuch der kosmischen Physik (1903, 2 Bann)
  • Varldarnas utveckling (1906, op dt. 1908 Das Werden der Welten . Akademische Verlagsgesellschaft Leipzig)
  • Immunochemistry (1907)
  • Theories of Solutions (1912)
  • Quantitative Laws in Biological Chemistry (1915)
  • Kemien och det moderna livet (1919, op daitsch 1922 Chemie und das moderne Leben )
  • Erde und Weltall (1926)

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Svante Arrhenius ? Biller, Videoen oder Audiodateien