D'
Stellardynamik
befaasst sech mat der visueller an absolutter Beweegung vu
Staren
a verschiddene
Starekeip
an an anere Staresystemer, fir doraus hir Aart a weider Entwecklung ofzeleeden.
Dat Deelgebitt vun der
Astronomie
huet mat ville Schwieregkeeten ze schaffen, dorenner dei riseg Distanzen, d'Wierkung vu
systematesche Feeler
an dei geigesaiteg Beaflossung vun Honnerte bis Millioune vu schweiere Massen.
D'Grondmoossmethode kommen aus dem astronomesche Beraich, virun allem heichprezis
Meridiankreesser
a Passageninstrumenter), niewebai d'
Astrofotografie
(haut och
CCD-Sensore
mat entspriechenden Auswaertinstrumenter (Mono- a
Stereokomparateren
), souwei zanter den
1990er
-Jore speziell
Astrometriesatellitten
.
Dei primar Moossresultater si sougenannt
Eegebeweegunge
vun de Staren an zwou Komponenten (Rektaszensioun, Deklinatioun) op der Himmelssphar. Si leie meeschtens am Beraich vun e puer 0,01" pro Joer, bei ganz
noe
Staren och 1-10". Multiplizeiert mat der Distanz (s.
jarlech Parallax
) ergett sech dei linear Beweegung - typescherweis e puer 10 km/s. Als drett Komponent kennt d'
Radialvitess
(a Siichtrichtung) derbai.
D'Stellardynamik ennersicht mat geneeen Analyse besonnesch d'
Raumbeweegungen
, wei sech Starekeip a
Galaxie
bilden, wei si sech entweckelen a verginn. Si benotzt dobai laangjareg
Moossreie
mat Astrometrie,
Fotoplacken
a Satellitte-Scanning, deenen hir Annerungen, d'Starebeweegungen erginn. Den theoreetesche Modell bilt den
Newton-Axiom
an d'
allgemeng Relativiteitstheorie
.
Speziell Methode goufe fir d'Erfuerschung vu
Starenassociatioune
a
-Streim
entweckelt. Sou Staregruppe sinn zesummen entstanen a beweege sech bal parallel duerch eis Galaxis, e. a. dei no
Bieregrupp
vu ronn 50 Staren, dei ronderem laanscht eist Sonnesystem zeien. Sou Analyse sinn awer em zwei kniwweleg Aflossfaktoren ze berengegen: de
Sonnenapex
(Beweegung a Richtung vum Starebild Herkules) an d'lokal ennerschiddlech Rotatioun em de
Mellechstroossenzentrum
(ronn 200?250 km/s), dei vun der geneeer
Masseverdeelung
ofhangt (kuckt och astronomesch
Vitessmiessung
).
Mam Benotze vu
Groussrechner
an deels och
Supercomputer
goufen emfaassend
Simulatioune
vun der Beweegung a Staresystemer meiglech, dei eng sougenannt "experimentell" Stellardynamik gemaach hunn. Dobai gi verschidde Modeller duerchgerechent a mat Observatiounsdate verglach. Sou kann och dei geigesaiteg Beaflossung vun den Himmelskierper - dat bis viru kuerzem onleisbart
Meikierperproblem
- rechneresch behandelt ginn.
Portal Astronomie