한국   대만   중국   일본 
Stanley Kubrick ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Stanley Kubrick

Vu Wikipedia
Stanley Kubrick
Gebuer 26. Juli 1928
Bronx
Gestuerwen 7. Maerz 1999
Doudesursaach Haerzschlag
Nationaliteit USA , Vereenegt Kinnekraich
Educatioun City College of New York
Aktiviteit Filmregisseur , Kameramann , Fotograf, Filmproduzent , Dreibuchauteur , Filmediteur , Cadreur, Delegeierte Produzent, Schachspiller, Zeenograph, Regisseur
Member vun WGA West
Famill
Kanner Vivian Kubrick

De Stanley Kubrick , gebuer de 26. Juli 1928 zu New York City a gestuerwen de 7. Maerz 1999 zu Harpenden , war en US-amerikanesche Filmregisseur.

Hie gouf als en extreem intelligente Jong ugesinn, obwuel en an der Primarschoul keng gutt Punkte mat heem bruecht huet. Am Glawen, datt en anere Kader dem Jong seng Schoulleeschtunge geif verbesseren, huet sai Papp en 1940 op Passadena am Staat Kalifornien gescheckt, fir datt hien do mat sengem Monni Martin Perveler keint liewen.

Nodeem en awer e Joer mei speit zereck an d' Bronx komm ass, fir do sai lescht Schouljoer ze maachen, hat et den Uschai wei wann hien eng ganz aner Attitud geintiwwer vun der Schoul hatt.

An der Hoffnung eppes ze fanne wat dem Jong geif gefalen, huet sai Papp hie mat Schachspiller a Kontakt bruecht, an dat mat dem erhoffte Resultat. De jonke Kubrick huet sech fir dat Spill passioneiert a gouf mat der Zait en talenteierte Spiller. Schach sollt a sengem speidere Liewen e wichtege Facteur ginn, net nemmen als Mettel fir geint opsasseg Schauspiller unzekommen, ma och als artistescht Motif a senge Filmer.

Dem Jack Kubrick seng Decisioun, dem Stanley e Fotoapparat fir sain 13. Gebuertsdaag ze schenken, war keen onintelligente Schachzuch: Hie gouf e begeeschterte Fotograf an huet dacks Tier duerch New York City ennerholl, fir do en ettlech Fotoen ze maachen, fir se da schlussendlech bei engem Kolleeg an der Donkelkummer z'entweckelen. Nodeem en eng Foto un d'Look Magazine verkaaft krut, huet en ugefaange mam Personal ze kollaboreieren an am Alter vu 17 Joer krut en eng Plaz als Leierbouf offreiert.

An de Joren duerno, krut de jonke Kubrick regular Uweisunge fir Look a sollt en obsedeierte Kinosganger ginn. Zesumme mat sengem Kolleeg Alexander Singer, huet sech de Kubrick iwwerluecht, de Schrett a Richtung Film ze maachen. Am Joer 1951 huet en all seng gespuert Suen opgebraucht fir den Documentaire Day of the Fight ze dreinen. Dee gouf gefollegt vun zwei Filmprojeten, Flying Padre an The Seafarers dei en op Commande gedreit huet. Nodeem en erfollegraich no Sponsore gesicht a bei Schachturneiere Praisgeld gewonnen huet, war hie bereet Fear and Desire ze dreien.

D'Dreiaarbechte fir dee Film, waren net ganz erfreelech fir de Kubrick. Sai Bestietnes mat senger Schoulfrendin Toba Metz huet de Film net iwwerlieft. Seng nachst zwei Filmer Killer´s Kiss an The Killing hunn him d'Opmierksamkeet vun Hollywood bruecht, an 1957 huet hie bei Paths of Glory mam Kirk Douglas Regie gefouert.

Den Douglas huet hie speider domat beoptraagt d'Produktion vum Film Spartacus z'iwwerhuelen, an dat am Glawen, datt de Kubrick vun der Greisst vun der Produktioun geif ageschuchtert ginn, an dem Douglas dann deementspriechend geif entgeintkommen, well dee jo och als Produzent geschafft huet. Ma et sollt ganz anescht kommen. De Kubrick huet de Projet ugeholl a wollt ufanke seng Iddien a Standarden am Film z'imposeieren. En ettlech Membere vum Filmteam waren net ganz begeeschtert vu sengem Stil. De Kameramann Russell Metty z. B. huet sech bei de Produzenten doriwwer beschweiert, datt de Kubrick seng Aarbecht als Kameramann iwwerholl hatt. Dem Kubrick seng Reaktioun dorop war datt hie sech sollt dohi setzen an einfach naischt maachen. De Metty huet gefollegt an d'Ironie vun der ganzer Saach war dei, datt hie mam Oscar fir seng Kameraaarbecht belount gouf.

0 0 Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.

Filmographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Stanley Kubrick ? Biller, Videoen oder Audiodateien