Stand
(pl:
Stann
) ass ee Begreff deen am
Mettelalter
opkoum an dee bis zur
Franseischer Revolutioun
vu 1789, plazeweis och nach duerno, z. B. an
Holland
an zu
Letzebuerg
, als Element vun der Gesellschaft, d'Glidderung vun der Bevelkerung eremgespigelt huet.
Sozial gesinn "stoung" jiddereen hei oder do, huet deemno zu engem Stand geheiert: zum
Klerus
(eischte Stand), zum
Adel
(zweete Stand) oder zum
Drette Stand
, an deem am Fong all dei manner privilegieiert Leit regruppeiert waren, ob s'als Handler oder Handwierker eventuell Bierger vun enger Stad waren, oder als Baueren oder Klengkreimer um Land gelieft hunn. Klerus an Adel waren an deem Senn privilegieiert, well se relativ no beim Herrscher stoungen, heich Amter uvertraut kruten a bal keng Steiere bezuelt hunn. Den Drette Stand, sengersaits, huet all dei Kategorie vu Leit zesummegefaasst, dei physesch oder intellektuell geschafft hunn an nemmen dovu konnte liewen: frai Beruffer (Notairen, Affekoten, Medezinner, Apdikter...), lokal Beamten, Beruffer dei an der Reegel a
Gilden
oder an
Zenft
organiseiert waren (Handler an Handwierker) an dei breet Mass vun de Baueren, ob se frai waren oder - wei meeschtens - vun engem adelegen Har oder vun enger Klouschtergemeinschaft ofhangeg waren.
D'Stann waren net figeiert, et gouf eng gewesse Mobiliteit. Et gouf jo keen an de Klerus eragebuer; an et war meiglech, fir weinst senge Verdengschter oder weinst enger heijer Funktioun dei een hat (z. B. an der Magistratur), geadelt ze ginn a sou den Drette Stand ze verloossen.
Den Herrscher huet d'Stann heiansdo em Rot gefrot oder huet se froe missen. Dann hunn d'Stann Delegeiert gewielt, dei sech do, wou den Herrscher sech grad opgehalen huet, mat him versammelt hunn, fir eng Decisioun z'ermeiglechen. Dobai goung et meeschtens em Steieren oder militaresch Obligatiounen.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Generalstann
.