한국   대만   중국   일본 
Spreif ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Spreif

Vu Wikipedia
Spreif
Eng Spréif

Eng Spreif
Eng Spreif
Systematik
Raich : Deiereraich
Stamm : Chordata
Klass : Vullen
Uerdnung : Spatzevullen
Famill : Sturnidae
Gattung : Sturnus
Wessenschaftlechen Numm
Sturnus vulgaris
Linnaeus , 1758

D' Spreif ( Sturnus vulgaris ) ass e Vull aus der Famill vun de Sturdinae , vun dar se dei an Eurasien am waitste verbreet Aart ass.

Morphologie [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Spreif ass, mat enger Langt vun 19 bis 22 cm eppes mei kleng wei d' Marel . Am Verglach mat deser ass hire Schwanz daitlech mei kuerz. D'Flilleke wierke beim Fluch draieckeg a spatz. D'Spreiwe-Mannchen ass eng 5 Gramm mei schweier wei d'Weibchen (an der Moyenne 81 g geigeniwwer 76 g). Soss gesi se bal d'selwecht aus, d'Weibercher vlaicht eng Gretz mei blatzeg.

Hir Fiedere sinn bal schwaarz, mat metallesch-blenkege grengen oder purpurfaarwegen Teppelen, a beige bis waisse Spetzten. De Schniewel ass jee no Joreszait, gielzeg bis daischter. D'Bee si routbrong, d' Iris vun den Aen ass donkelbrong. Wa se jonk sinn, si se nach net blenkeg, mee eischter knaschteg-brong.

D'Spreif imiteiert gar de Gesank vun anere Villercher, a klengt soss ganz variabel.

Verbreedung [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Spreif kennt an de borealen an den tempereierte Klimazone vir, souwei um Nordrand vun der mediterraner Zon vun Europa an Asien, vun Island an Norwegen bis a Mettelsibirien ongefeier bis bei de Baikalsei .

Verbreedung
Eeer

D'Spreif baut hir Nascht, dat aus zesummegetasseltem melle Material besteet, an Hielen, sief et am Fiels, oder a Beem oder soss Huelraim. D'Mannercher si meeschtens vu Breiecht zu Breiecht mat engem anere Weibchen zesummen. D'Eeer sinn hellgreng bis hellblo a weien eng 6,6 Gramm, bei engem Duerchmiesser vu ronn 31 op 21 Millimeter. D'Breiecht besteet aus 4 bis 8 Eeer, dei no 11 bis 13 Deeg ausgebreit sinn. Dei kleng bleiwe knapps 3 Wochen am Nascht, ier se ausfleien (A Metteleuropa ass dat tescht dem 20. Mee an dem 10. Juni).

Ernierung [ anneren | Quelltext anneren ]

Koppel am Kiischtebam

Spreiwe si generell Allesfresser, hire Kascht ass awer jee no Joreszait ennerschiddlech. Am Freijoer an am Summer virun allem Gedeiesch - Wierm, Insektelarven, Schleeken, ... - um Buedem, soss am Joer eischter Uebst a Bieren, virun allem Appel a Kiischten, soss och Drauwen an Oliven.

Migratioun a Sozialverhalen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Spreif ass an Europa jee nodeems wou, e Stand- oder en Zuchvull. Wat ee mei no Norden an no Oste geet, wat d'Spreif eischter a mei wait am Wanter no Suden an no Westen zitt. Dei aus Mettel- an Osteuropa zeien alt 1.000 bis 2.000 km an de Mettelmierraum an an Nordwestafrika, souwei a Westeuropa fir z'iwwerwanteren.

Spreiwe sinn d'ganzt Joer duerch gar a Schwaerm ennerwee.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Spreif ? Biller, Videoen oder Audiodateien