Spencer Tracy

Vu Wikipedia
Spencer Tracy
Gebuertsnumm Spencer Bonaventure Tracy
Gebuer 5. Abrell 1900
Milwaukee
Gestuerwen 10. Juni 1967
Los Angeles
Doudesursaach Haerzschlag
Nationaliteit USA
Educatioun American Academy of Dramatic Arts
Aktiviteit Schauspiller , Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Partei Democratic Party
Famill
Liewenspartner(in) Katharine Hepburn

De Spencer Bonaventure Tracy , gebuer de 5. Abrell 1900 zu Milwaukee , am Wisconsin , a gestuerwen den 10. Juni 1967 zu Beverly Hills , a Kalifornien , war en US-amerikanesche Film schauspiller .

Hien huet seng Carriere beim Theater ugefaangen, a goung 1930 op Hollywood, wou e fir d'eischt bannent 5 Joer a 19 Filmer fir d' 20th Century Fox enner Kontrakt stoung, duerno war en 20 Joer laang ee vun den Haapt-Stare vun der Metro-Goldwyn-Mayer . Hien huet 1938 an 1939 den Oscar als beschte Schauspiller gewonnen (fir Captains Courageous a Boys Town ).

De Spencer Tracy hat eng breet Pallett vu Rolle gespillt, eeschter wei komescher. Hien huet 5 Filmer mat der Katharine Hepburn  zesummegespillt, mat dar e vun uganks den 1940er Joren un och privat - mei oder manner heemlech, well e war mat enger anere Fra bestuet - lieiert war. Besonnesch a senge speide Filmer huet hien dacks gruet, gerecht a menschlech Personnage verkierpert.

Hien ass ee Mount nom Enn vun den Dreiaarbechte vum leschte Film, wou e matgespillt huet, Guess who's Coming for Dinner Tonight gestuerwen.

Filmographie (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Spencer Tracy ? Biller, Videoen oder Audiodateien