|
Dese
Politiksartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
De
Sozialismus
ass nieft dem
Liberalismus
an dem
Konservatismus
eng vu den drai grousse politeschen
Ideologien
, dei am
19. Joerhonnert
entstane sinn. Si besteet aus enger Rei vun
Theorien
iwwer d'
ekonomesch
Organisatioun, dei den effentlechen oder kollektive Besetz vun de Produktiounsmettelen viraussetzt. Zil vum Sozialismus ass et, eng Gesellschaft opzebauen an dar jiddwereen dei
nammlecht Chancen a Mettelen
huet, an dat iwwer d'Method vun der Kompensatioun.
Eng zentral Roll spillt d'Reform vun der
privatkapitalistescher
Wirtschaftsuerdnung, dei de Sozialisten no op sozialen a wirtschaftlechen Ofhangegkeete baseiert.
[1]
De Sozialismus entsprengt dem Denke vum
Zaitalter vun der Opklarung
an ass enner anerem de Prinziper vun der
Franseischer Revolutioun
verflicht.
[1]
Am 18. an 19. Joerhonnert hu sech zwein Haaptcouranten entweckelt: den utopesche Sozialismus an de wessenschaftleche Sozialismus:
[2]
- Am utopesche Sozialismus gett en ideale Staat duerch Opklarung an e verstannegt Handele vun alle Mensche viseiert.
- Am
wessenschaftleche Sozialismus
, e Begreff fir dem
Karl Marx
an dem
Friedrich Engels
seng Iddien duerzestellen, ass de Sozialismus den noutwendegen Ausgang vum Zesummebroch vum Kapitalismus a vum Opstand vum Proletariat. D'Gesellschaftsleier, dei zum wessenschaftleche Sozialismus feiere soll, gett
Marxismus
genannt. Dora gett de Sozialismus als Etapp zum
Kommunismus
gesinn, also enger Gesellschaft ouni Klassen an Herrschaftssystem.
A Westeuropa si vill
politesch Parteien
, dei als sozialistesch Parteie gegrennt goufen, haut
de facto
sozialdemokratesch
ausgeriicht.
- ↑
1,0
1,1
Bundestelle fur politische Bildung:
Sozialismus
(gekuckt den 13. August 2016)
- ↑
Bundestelle fur politische Bildung:
Sozialismus
(gekuckt de 4. Juni 2019)