Sonn

Vu Wikipedia
Sonn
Allgemeng Donneeen
Typenandeelung
Astrometrie
Physikalesch Eegenschaften


Eis Sonn, mat Flecken

D' Sonn , op Latain Sol , ass de Star am Zentrum vun eisem Planeitesystem, dat mir Sonnesystem nennen.

Eis Sonn ass fir d'Liewen op der Aerd vu fundamentaler Bedeitung. Vill wichteg Prozesser op der Aerduewerflach, wei d' Klima an d' Liewe selwer, ginn duerch d' Stralungsenergie vun der Sonn ugedriwwen. Si stamen ongefeier 99,98 % vum ganzen Energiebaitrag zum Aerdklima vun der Sonn ? de butzege Rescht gett aus geothermalen Hetztquelle gespeist. Och d' Gezaite ginn zu engem Drettel op d' Gravitatioun vun der Sonn zereck.

D' astronomescht Zeeche fir eis Sonn ass ☉.

Date vun eiser Sonn [ anneren | Quelltext anneren ]

Eis Sonn am ultraviolette Beraich
Sonn Verhaltnes Sonn/Aerd
Stareklass (kuckt Spektralklass a Liichtkraaftklass ) G2V -
Zait bis zum Enn vum Waasserstoffbrennen am Zentrum ongefeier 4,5?5 Milliarde Joer -
Mettleren Duerchmiesser 1.392.520 km 109,084
Gravitatiounsradius 2,95325 km 332.946
Mettlere Wenkelduerchmiesser 31' 59,3" -
Solar Gravitatiounskonstant ( G ? M ) 1,32712440018?10 20 m 3 s ?2 332.946
Mass 1,9884?10 30  kg 332.946
Masseverloscht pro Sekonn duerch Stralung 4,295?10 9  kg -
Masseverloscht pro Sekonn duerch de Sonnewand ronn 1?10 9  kg -
Masseverloscht bis haut duerch Stralung ronn 520?10 24  kg = 87 Aerdmassen -
Liichtkraaft 3,86?10 26   W -
Fluchtvitess 617,319 km/s 62,927
Dicht 1,408 g/cm 3 0,2553
Dicht am Zentrum 150 g/cm 3 11,1
Drock (Zentrum) > 2?10 16   Pa -
Uewerflachevitess 273,96 m/s² 27,9
Mettel Visuell Magnitude -26 m ,8 -
Absolut Hellegkeet 4,87 M -
Absolut bolometresch Hellegkeet 4,74 M -
Temperatur am Zentrum 1,48?10 7   °C 2114
Temperatur an der Photosphar ronn 6100 °C -
Temperatur vun der Korona ronn 1?2 Millioune  K -
Effektivtemperatur 5777 K (5504 °C) -
Stralungsmaximum ronn 500 nm grengt Liicht -
Spezifesch Ausstralung op der Uewerflach 6,318?10 7  W/m² -
Rotatiounsdauer um Equator 25 d 9 h 7 m 25,38
Rotatiounsvitess um Equator 1856,847 m/s 4,01
Rotatiounsdauer bei 75° Breet 31 d 19 h 12 m -
Schrei vun der Achs geint d'Ekliptik 7° 15' -
Distanz zum Zentrum vun eiser Galaxis ronn 28.000 Liichtjoer -
Emlafzait em den Zentrum vun eiser Galaxis ( Galaktescht Joer ) ronn 210.970.000 Joer -
Emlafvitess em den Zentrum vun der Galaxis ongefeier 250 km/s -
Distanz vun der Sonn op Aerd 149.597.870 km -
Maximal erreechbaren Alter 11.112.000.000 Joer ronn 1,11
Verbrauch vu Waasserstoff pro Sekonn 564.000.000 Tonnen / sek. -

Allgemenges [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Sonn ass de machtegsten Himmelskierper an eisem Planeitesystem, zu deem senger Gesamtmass si mat engem Undeel vun 99,9 % baidreit. Den Duerchmiesser huet ongefeier 1,39 Millioune km (109-mol den Aerdduerchmiesser), wat knapps enner der geschater Moyenne vun alle Stare lait.

Hiren duerchschnettlechen Ofstand vun der Aerd ass ongefeier 150 Millioune Kilometer. D'Aerd kennt bei hirem Perihel - Transit em den 3. Januar (2.?4. Januar) bei 147,099 Mio. km am nooste bei d'Sonn, dei greisst Distanz huet si bei hirem Aphel -Transit em de 5. Juli (3.?6. Juli) bei 152,096 Mio. km.

Duerch hir Uewerflachentemperatur vu 5.778  K falt d'Sonn an d' Spektralklass G2 an huet d' Liichtkraaftklass V. De G2V Star ass dofir en duerchschnettlechen, ? Zwergstar “ dee giel liicht an deen an der ronn 10 Milliarde Joer laanger Haaptphas vu senger Entwecklung ass. Eis Sonn geheiert am Hertzsprung-Russell-Diagramm zu der Haaptrei an hiren Alter gett op ronn 4,57 Milliarde Joer geschat.

Rotatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Eis Sonn roteiert a ronn veier Wochen em hir eegen Achs. Des Rotatioun dauert um Equator 25,4 Deeg, a mettlere Breete 27 bis 28 Deeg an no bei de Pole 36 Deeg. Desen Ennerscheed an der Dauer vun engem Sonnendag gett als differenziell Rotatioun bezeechent an ass zanter laangem duerch Gas- an Hydrodynamik erklarbar. Ufanks vun den 1990er ass erkannt ginn, datt d'Sonn enner der Konvektiounszon glaichfermeg mat enger Period vu knapps 27 Deeg roteiert. Den Iwwerganksberaich, d' Tachoclinn , ass duerch ee staarke radiale Gradient vun der differenzieller Rotatioun gekennzeechent. En ass op weineg Prozenter vum Sonneradius begrenzt a falt ongefeier mat dem enneschten Enn vun der Konvektiounszon zesummen. De Verlaf vun der differenzieller Rotatioun an der Konvektiounszon souwei d'Lag an d'Deckt vun der Tachoclinn sinn theoreetesch nach net verstanen.

Opbau [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Opbau vun der Sonn.

D'Sonn besteet aus verschiddenen Zone mat schuelefermegem Opbau, woubai d'Iwwergang allerdengs net streng vuneneen ofgegrenzt sinn.

Zesummesetzung [ anneren | Quelltext anneren ]

D' Sonnemass ass ongefeier dat Duebelt vun der geschater Duerchschnettsmass vun engem Star aus der Mellechstrooss . Wann een nemmen d'Stare mat Waasserstoffbrennen zielt (also dei ? Brong Zwergen “ ausschleisst), da lait hir Mass am Duerchschnett. Hir Mass setzt sech zu 73,5 % aus Waasserstoff an zu 25 % aus Helium zesummen. De Rescht vun der Sonnemass besteet aus verschiddene schweieren Elementer bis aschleissend Eisen .

Kar [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei ganz frai Energie staamt aus dem Kar an der Mett vun der Sonn. Dese Kar huet eng Greisst vum Zentrum bis zu ongefeier engem Veirel vum Radius vun der visueller Sonnenuewerflach. Obwuel de Kar nemmen 1,6 % vum Sonnenvolumen ausmecht, sinn do ronn 50 % vun der Sonnemass konzentreiert. Bei enger Temperatur vu ronn 15,6 Millioune K huet d'Matiere do d'Form vu Plasma .

Stralungszon [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Struktur vun der Sonn.

Kuckt och Starenopbau

Ronderem de Kar lait dei sougenannt ?Stralungszon“, dei ongefeier 70 % vum Sonneradius ausmecht. Am Vakuum vum Weltraum beweege sech d'Gamma photone mat Liichtvitess duerch de Raum. Am Zentrum vun der Sonn ass eng heich Dicht, soudatt d'Photonen emmer nees mat den Deelercher vum Plasma zesummestoussen, dobai absorbeiert an nees ofgestraalt ginn. Si beweege sech op enger zoufalleger Bunn an diffundeieren dobai a Richtung Sonnenuewerflach. Statistesch gesinn, brauch e stannegt absorbeiert a re-emitteiert Photon ongefeier 10.000 bis 170.000 Joer, fir d'Sonn ze verloossen. Dat bedeit, datt d'Liicht, dat mer haut vun der Sonn kreien, schonn viru laanger Zait gemaach gouf. Bei jiddwer Zesummestouss an der Stralungszon helt d'Stralungsenergie vum Photon of a seng Wellelangt helt zou. D'Gammastralung gett a Rontgenstralung emgewandelt.

Anescht wei bei de Photone kommen d' Neutrinoe bal ongehennert duerch d'Schichte vun der Sonn, well se kaum mat Matiere a Wiesselwierkung trieden. D'Neutrinoen erreechen, well si sech bal mat Liichtvitess beweegen, schonn no aacht Minutten d'Aerd, woubai se bal ongehennert duerch de Planeit ginn. An all Sekonn passeiere ronn 70 Milliarden Neutrinoen ee Quadratzentimeter vun der Aerduewerflach.

Konvektiounszon [ anneren | Quelltext anneren ]

Un d'Stralungszon schleisst sech d'?Konvektiounszon“ un. Si ass 140.000 km deck a mecht sou 20 % vum Sonneradius aus. Am Grenzberaich zu der Stralungszon huet d'Temperatur nach ongefeier zwou Millioune Kelvin. Energie gett an deser Zon net mei duerch Stralung ofginn, ma duerch eng Streimung ( Konvektioun ) vum Plasma nees no baussen transporteiert. Dobai klemmt waarm Matiere a gewaltege Streim no baussen, killt do of a falt nees an de Sonnenzentrum erof. Well dat fresch opsteigend Plasma mei waarm an domat mei hell ass wei dat eroffalend, sinn d' Konvektiounszelle mat engem Teleskop als Granulatioun vun der Sonnenuewerflach ze gesinn. (nemme mat spezielle Filteren !)

Sonnenuewerflach an Emgeigend [ anneren | Quelltext anneren ]

Photosphar [ anneren | Quelltext anneren ]

Iwwer der Konvektiounszon lait d' Photosphar , dei mer als Quell vun der Sonnestralung feststellen: eng ? Kugelschuel aus Liicht“ dei de Mensch als siichtbar Sonnenuewerflach gesait. Si ass awer nemmen eng 300 bis 400 km deck Schicht, wou d'Temperatur op der Uewerflach ronn 5800 Kelvin (5500 °C) waarm ass. D'Photosphar gellt allgemeng als dei eigentlech Sonnenuewerflach, obschonn eis Sonn, wei och dei meescht aner Staren, keng schaarf baussenzeg Grenz huet.

Chromosphar vun eiser Sonn no enger Hα-Spektralanalys.

D'Photosphar gett dei komplett vum Sonnenkar ausgeleisten an opsteigend Energie als Stralung of ? greisstendeels am visuelle Liicht, wat och hiren Numm seet (griich. φo? = Liicht ). Ereischt do huet d'Energie vun de Stralungsquante sou wait ofgeholl, datt si onschiedlech a fir dat menschlecht A siichtbar ass. Weinst ongeheiere Wierbel an variable Magneitfelder (Quell vun de Sonneflecken ) daerf ee sech d'Uerwerflach allerdengs net glat virstellen. Duerch digital Bildveraarbechtung vun de Miessunge vu SOHO oder TRACE kann ee si sou duerstellen, datt si wei haart, awer dauernd beweeglecht Material ausgesait. Fir d' Turbulenzen ass och dei elektresch Elektresch Leetfaegkeet vun der waarmer Sonnematiere bestemmend.

Chromosphar [ anneren | Quelltext anneren ]

Iwwer der Photosphar ass d' Chromosphar . Si gett vun der Photosphar zwar iwwerstraalt, ass awer bei enger Sonnendaischtert fir e puer Sekonnen als roudelzegt Liicht ze gesinn. D'Temperatur helt hei bis iwwer 10.000 K zou, warend d' Gasdicht em de Faktor 10 ?4 op 10 ?15 g/cm 3 ofhelt. D'Liicht, dat duerch d'Chromosphar schengt, gett zu engem klengen Deel absorbeiert. D'Chromosphar souwei den ieweschten Deel vun der Photosphar sinn dofir fir dei charakteristesch donkel Linne vum Sonnespektrum, dei als Fraunhoferlinne bekannt sinn, verantwortlech.

Sonnekorona [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Korona vun der Sonn warend der Sonnendaischtert am Joer 1999, kuerz virun dem Sonnefleckenmaximum. D'Strale verlafen no all Saiten.

Iwwer der Chromosphar lait d' Korona , an dar d'Dicht nach eng Keier em de Faktor 10 ?4 op 10 ?19  g/cm 3 ofhelt. Dei bannescht Korona erstreckt sech ? jee no dem aktuellen Fleckenzyklus ? em een bis zwei Sonneradien no baussen a stellt eng eischt Iwwergangszon zum interplanetaresche Raum duer. Duerch Sonnestralung, Stousswellen an aner Wiesselwierkunge vu mechanescher oder magneitescher Aart gett dei baussenzeg verdennte Koronamatiere allerdengs op Temperature vu bis zu zwou Millioune Kelvin opgehetzt. Dei genee Ursaache vun desem Heizmechanismus ass nach onkloer. Eng meiglech Energiequelle wieren akustesch Wellen a Microflares ? kleng Ausbrech op der Sonnenuewerflach.

E besonnesch heijen Temperaturgradient ass op der enneschter Grenz vun der Korona, wou hir Dicht no uewe mei rapid ofhelt, wei d'Energie oftransporteiert ka ginn. Bannen e puer honnert Heichtekilometer klemmt dei kinetesch Gastemperatur em eng Millioun Grad a ?mecht sech Loft“, andeems dei zousatzlech Heizenergie als Sonnewand entwaicht. D'Korona kann nemmen opgrond hirer extreem niddreger Dicht sou waarm ginn.

Dee bei all totaler Sonnendaischtert visuelle Stralekranz (lat. Corona = Kroun ) huet scho viru Joerdausenden d'Menschen erstaune gedoen. D'Korona kann en ettlech Millioune Kilometer grouss ginn a weist eng stralefermeg Struktur, dei sech mat dem Zyklus vun de Sonneflecke staark annert. Am Sonneflecken-Maximum verlafen d'Stralen no alle Saiten, am Minimum nemmen an der Geigend vum Sonnen equator .

D'Korona geet an de Sonnewand iwwer. Desen erstreckt sech bis zu der Heliopaus , wou en op den Interstellare Medium trefft.

Physikalesch Eegenschaften [ anneren | Quelltext anneren ]

Energiehierstellung [ anneren | Quelltext anneren ]

Haaptsachlech duerch d' Proton-Proton-Reaktioun an zu engem klengen Deel (1,6 %) duerch den CNO-Zyklus verschmelzen Waasserstoffkaren zu Heliumkaren, woubai Gammastralung an Elektronneutrinos hiergestallt ginn. Dei hiergestallten Heliumkaren hunn opgrond vun der Verbindungsenergie eng mei kleng Mass wei den Total vun den ufangleche Waasserstoffkaren ( Massendefekt ). De Massenennerscheed gett gemeiss der Formel E = m ? c 2 an Energie emgewandelt (pro Fusioun vu veier Protonen zu engem He-Kar ? 27  MeV ). Am Kar vun der Sonn gi pro Sekonn 564 Milliounen Tonne Waasserstoff zu 560 Millioune Tonnen Helium fusioneiert .

Dei 4,3 Milliounen Tonnen Differenz pro Sekonn (dei der Relativiteitstheorie no ze schleissen ass) erginn eng Totalleeschtung vun ongefeier 3,7 × 10 26  W, dei am Kar fraigesat an zum Schluss op der Uewerflach zum greissten Deel als Liicht ofgestraalt gett. En Deel vun e puer Prozent vun der Energie gett duerch d'Neutrinoen direkt aus dem Kar erausgeschleidert.

Fir datt et am Sonnenzentrum zu enger Karfusioun komme kann, gett eng heich Temperatur gebraucht: Dei kinetesch Energie vun den Deelercher muss duergoen, fir bei engem Zesummestouss dei elektrostatesch Ofstoussskraaft vun de positiv geluedene Protonen (Waasserstoffkaren) z'iwwerwannen. D'Temperatur am Sonnekar mat dar doraus resulteierender typesch kinetescher Energie vun de Protone weist sech bei enger naiver, klassescher Rechnung als eigentlech ze ?kal“ fir eng Karfusioun. Datt et trotzdeem Fusioune gett, ass op de quantemechaneschen Tunneleffekt zeeckzefeieren. Et besteet dobai eng bestemmt Warscheinlechkeet, datt sech zwei Protone sou no kommen, datt et eng Karverschmelzung ka ginn. Den Energieniveau vun den ofstoussende Krafte gett bei der Verschmelzung souzesoen ?duerchtunnelt“. D'Warscheinlechkeet vun enger Fusioun vun zwei Waasserstoffkaren am Zentrum vun der Sonn ass zwar ganz kleng. Well awer eng immens Zuel vu Karen do sinn an d'Dicht enorm ass, kennen trotzdeem gewalteg Energiemasse fraigesat ginn.

Am Sonnekar entsteet aus den dicht gedrangten Atomkare vum Waasserstoff duerch Karfusioun Helium, soudatt de Waasserstoff-Undeel zu Gonschte vum Helium an Zukunft weider fale waert. Dese Prozess ass de Motor vun der Sonn, aus deem si dei Energie bezitt, dei si an der Photosphar duerch Stralung ofgett. Well d'Sonn kee feste Kierper wei dei aerdanlech Planeiten a Mounden ass, ma e gliddege Gasball, wier si ouni desen Energienoschub vu bannen onstabil . Si geif sech ofkillen an op e Brochdeel vun hirer aktueller Greisst zesummenzeien.

Stralungsleeschtung [ anneren | Quelltext anneren ]

Eis Sonn scheckt en extreem breede Spektrum vun elektromagneitesche Wellen aus, dat op ville Plaze kleng Ennerbriechungen opweist. Dese Spektrum fankt u bei de Radiowellen , erreecht sai Stralungsmaximum am Beraich vum visuelle Liicht bei de Spektralfaarwen vu Giel bis Greng a geet iwwer dei ultraviolett Welle bis zu der Rontgenstralung . Am Laf vun der biologescher Evolutioun huet sech d'A vum Mensch a vu villen Deierenarten un de Sonnespektrum gewinnt an un de Spektralberaich em de Stralungsmaximum gouf fir eis erkennbar - also siichtbar. Am Ofstand zu der Aerd feiert d'Ofstralung vun deem Spektrum zu enger Astralung vu knapps 1,4 Kilowatt pro Quadratmeter ( Solarkonstant ). Rechent een desen Energiefloss op dei ganz Sonn em, da leisst sech fir dei iwwer all Wellelangten ewech zesummen ofgestraalt elektromagneitesch Leeschtung ( Liichtkraaft ) e Waert vu ronn 3,8 × 10 26 Watt ermettelen. D'Sonn gett dovu 44,2 % an Infraroutstralung , 51,8 % a Liicht , 3,6 % an UV-A an 0,4 % an UV-B of.

Pulsatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei ganz Sonn pulseiert an ennerschiddleche Frequenzen . Si schwengt souzesoe wei eng riseg Klack. Allerdengs kenne mer d' Schallwellen op der Aerd net heieren“, well de Vakuum vum Weltraum dei net weiderleet. Mat spezielle Methode kann een d'Schwengungen awer siichtbar maachen.

Schwengungen aus dem Sonnenzentrum beweegen d'Photosphar op an of. Weinst dem Dopplereffekt ginn d'Absorptiounslinne vum Sonnespektrum, jee no Beweegungsrichtung vun de Gase verreckelt. Dei haaptsachlech feierend Schwengung huet eng Period vu ronn fennef Minutten (293 Sekonnen ± 3 Sekonnen).

Warend der Konvektiounszon herrschen hefteg Turbulenzen , woubai opsteigend Konvektiounszelle bei der Streimung duerch dei emleiend Gase Schallwelle produzeieren. No bausse lafend Schallwellen erreechen d'Grenzschicht zu der Photosphar. Well do d'Dicht staark ofhelt, kennen d'Welle sech do net ausbreeden, ma gi reflekteiert a lafen nees an de Sonnekar. Mat emmer mei grousser Deift huelen d'Dicht vun der Matiere an d' Schallvitess zou, soudatt d'Wellefront gekremmt an nees no bausse geleet gett. Duerch stanneg Reflexioun an Iwwerlagerung kenne Schallwelle verstaerkt ginn, et bilde sech Resonanzen aus. D'Konvektiounszon wierkt sou wei e risege Resonanzkierper , deen dei driwwer leiend Photosphar a Schwengung brengt.

D'Auswaertung vun de Schwengungen erlaabt eng Ausso iwwer de bannenzegen Opbau vun der Sonn. Sou konnt d'Ausdeenung vun der Konvektiounszon bestemmt ginn. Analog zu der Erfuerschung vu seismesche Wellen op der Aerd, schwatzt ee bei dem solare Wessenschaftszweig vun der Helioseismologie .

Wiesselwierkung vun der Sonn mat hirer Emgeigend [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Sonn beaflosst och den interplanetaresche Raum mat hirem Magneitfeld a virun allem mat der Deelchenemissioun, dem Sonnewand . Desen Deelchestroum kann d'Sonn mat villen 100 km/s verloossen an verdrangt d' Interstellar Matiere bis zu enger Distanz vu ronn 22,5 Milliarde Kilometer (150 Astronomesch Eenheeten ). Dee Beraich, deen duerch de Sonnewand greisstendeels vum interstellare Gas entlaascht gouf, heescht Heliosphar . Bei Sonneneruptioune kenne souwuel d'Vitess wei och d'Dicht vum Sonnewand staark zouhuelen am op der Aerd nieft de Polarliichter och Steierungen un elektronesche Systemer a beim Funkverkeier verursaachen.

Opteschen Androck an Observatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Opteschen Androck [ anneren | Quelltext anneren ]

Sonnestralen duerch d'Wolleken

Kuckt een d'Sonn aus dem Weltraum, da gesait si waiss aus. Hir gewinnt giel Faarf erklaert sech duerch den Afloss vun der Aerdatmosphar . Kuerzwellegt (blot) Liicht gett un de Loftmolekullen (Steckstoff, Sauerstoff, Eedelgas a Kuelestoffdioxid) mei staark gestreet , wei laangwelleges (rout) Liicht. Sou straalt den Himmel diffus blo, Sonnenstralen, dei direkt op d'Aerduewerflach optreffen, dogeint giel. Wat de Wee mei laang ass, dei d'Sonnestralen op hirem Wee duerch d'Atmosphar zereckleeen, emsou mei blot Liicht gett eraus gestreet. Bei Sonnenennergang gesait dofir d'Sonn da staark roudelzeg aus.

Mat fraiem A kann d'Sonn nemme bei dreiwem Himmel kuerz no Sonnenopgank oder kuerz viru Sonnenennergang observeiert ginn. D' Aeratmosphar schleckt de greissten Deel vum Liicht, speziell och d'UV-Stralung. Dogeint reduzeiert d'Atmosphar um Horizont och staark d'Ofbildungsqualiteit a bewierkt eng vertikal Stauchung vum Sonnebild als Folleg vun der Liichtbriechung . Datt d'Sonn, wa se ennergeet um Horizont mei grouss ausgesait, ass dogeint net, wei dacks gemengt gett, eng Suite vun der Refraktioun an de Loftschichten, ma eng optesch Tauschung, dei vun der Observatiounspsychologie enner dem Begreff Moundtauschung ennersicht an erklaert gett.

Zwar sinn all Phenomeener vun der atmospharescher Optik direkt oder indirekt un d'Sonneliicht gekneppt, vill vun hinne weise sech awer direkt nieft oder mat der Sonn e spezielle Bezuch. Des gellt un eischter Linn fir Sonnenopgang an Sonnenennergang, ma och bal fir all Halophenomeen , wei dei 22°-Halo, d' Niewesonnen oder Liichtsailen . Ganz rar si Greng Bletzer .

Observatioun vun der Sonn [ anneren | Quelltext anneren ]

Mat Teleskope kann een d'Aktiviteite vun der Sonn a Form vun Protuberanzen a Sonneflecke siichtbar maachen. Observeiere kann een och hefteg Ausbrech, sougenannte Flares , dei scho mat klengen Instrumenter als mei hell an domat mei gliddeg Gebidder z'erkenne sinn. D'Sonnescheif huet vun der Aerd aus gekuckt een Duerchmiesser vu ronn 32  Bouminutten , woubai dei exakt Greisst vun der momentaner Distanz vun der Aerd zu der Sonn ofhankt. Am Perihel erschengt d'Sonnescheif am greissten, am Aphel am klengsten.

Sonnenobservatioun mat enger Spektiv no der Projektiounsmethod.

Nimools d'Sonn direkt duerch d'Okular ukucken, well d'Aeliicht direkt futti geet! D' Sonnenobservatioun geschitt am beschten, wann d'Okularbild vum Teleskop oder Spektiv op eng waiss Flach (zum Beispill e Steck Lengen oder e Steck Kartong) projezeiert gett (Vill Teleskopen hu bei hirem Ekipement e waisse Blech mat dobai). Dei Ofbildung vun der Sonn kann ouni Gefor gekuckt ginn. Dest Method nennt een Okularprojektioun .

Eng weider Observatiounsmeiglechkeet besteet mat Hellef vu spezielle Sonnefilter . Dest sinn Folien oder beschichtet Glieser, dei virun d'A gehale ginn oder virun d' Objektiv ubruecht ginn. Eng detailleiert Observatioun ass ausserdeem mat engem Herschelprisma oder Pentaprisma meiglech.

Bei alle beschriwwenen Observatioune gett de ganze Spektrum vum Sonneliicht gedampt, d'Sonn gett am ?Waissliicht“ gekuckt. Dobai ginn d'Sonneflecken, Flares an d'Granulatioun siichtbar.

Fir Protuberanzen ze kucken, brauch ee besonnesch Baudeeler oder en Teleskop. Bei engem Protuberanzenasaz gett d'Sonn duerch eng Scheif zougedeckt; et gett souzesoen eng kenschtlech total Sonnendaischtert gemaach. Dei um Sonnerand opsteigend Protuberanze ginn duerch e sougenannten H-alpha-Filter gekuckt. Dest ass e besonnesch schmuelbandege Interferenzfilter , deen nemmen dat deifrout Liicht vum ugereegten Waasserstoff duerchleisst. Eng Observatioun vun der ganzer Sonnenuewerflach an desem Spektralberaich ermeigleche sougenannt H-alpha-Teleskopen . Domat kenne Protuberanzen, Filamenter, Flecken a Flares gekuckt ginn. Des Teleskope sinn an de leschte Joren zimmlech belleg ginn a kenne vun Amateurastronomen agesat ginn.

D'Korona kann nemme bei enger totaler Sonnendaischtert oder mat engem speziellen Instrument, dem Koronograph , observeiert ginn.

Entwecklung vun der Sonn [ anneren | Quelltext anneren ]

Phas Dauer a
Millioune
Joer
Liichtkraaft
(an L 0 )
Radius
(an R 0 )
Haaptreiestar 11.000 0,7…2,2 0,9 … 1,6
Iwwergangsphas 700 2,3 1,6 … 2,3
Roude Ris 600 2,3 … 2300 2,3 … 166
Ufank vum He-Brennen 110 44 etwa 10
He-Schuelebrennen 20 44 … 2000 10 … 130
Instabil Phas 0,4 500 … 5000 50 … 200
Iwwergang zu Waissem Zwerg
mat planetareschem Niwwel
0,1 3500 … 0,1 100 … 0,08

D'Sonn ass viru 4,6 Milliarde Joer duerch e gravitative Kollaps vun enger interstellarer Gaswollek entstanen. Dese Kollaps, an deem senge Verlaf och d'Planeiten entstane sinn, an dei uschleissend Relaxatiounsphas war no ronn 50 Millioune Joer ofgeschloss. Dei uschleissend Entwecklungsgeschicht vun der Sonn feiert iwwer hiren aktuellen Zoustand bis zu deem vun engem Roude Ris an endlech iwwer eng onstabil Endphas am Alter vu ronn 12,5 Milliarde Joer zu engem Waissen Zwerg , dee vun engem planetareschen Niwwel emkreest ass.

Desen Oflaf leisst sech haut unhand vu Gesetzer aus der Physik an dem Wessen karphysikalescher Prozesser aus Laborexperimente zimmlech genee am Computer modelleieren. D'Date vun eenzele Phase sinn an der Tabell uginn (Sackmann, 1993). Den Index Null markeiert dei haiteg Kenndate vun der Sonn, dat heescht am Alter vu 4,6 Milliarde Joer.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Sonnenobservatoiren [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Sonn ? Biller, Videoen oder Audiodateien