De
Sirius
, (α / Alpha Canis Majoris) och
Hondsstar
,
Aschere
oder
Canicula
genannt, ass den hellste
Star
um
Nuetshimmel
an den Haaptstar vum
Starebild
Canis Major
(Groussen Hond).
De Groussen Hond stellt wuel ursprenglech de schakalkappegen
alegyptesche Gott
Anubis
duer. De Sirius ass de sudlechste Star vum
Wantersechseck
.
Koordinate fir d'
Equinoxe
J2000.0
:
De Star Sirius ka vun alle bewunnte Geigende vun der
Aerd
gesi ginn an huet eng
visuell Magnitude
vu -1,46
m
an eng
absolut Hellegkeet
vun 1.5M.
Mat nemmen 8,6
Liichtjoer
Distanz ass hien och ee vun den nooste Stare vun der Aerd, an huet dofir eng relativ grouss
Eegebeweegung
vun 1,3
Bousekonnen
am Joer. De Sirius geheiert ausserdeem zum
Ursa-Major-Stroum
, d. h. hien huet eng anlech Eegebeweegung wei Deeler vum Starebild
Ursa Major
(Grousse Bier), an ass dofir och entwecklungsgeschichtlech mat dese Stare Famill.
De Sirius ass en
Haaptreiestar
vun der
Spektralklass
A0 oder A1 mat der
Liichtkraaftklass
Vm.
Seng
Mass
ass ronn 2,4-mol mei grouss wei dei vun eiser
Sonn
, sain Duerchmiesser ass 1,8-mol a seng
Liichtkraaft
26-mol mei grouss.
Seng Uewerflachentemperatur lait bei ronn 10.000
K
, wat de Grond fir seng grouss Hellegkeet ass.
De Sirius A ass en
Haaptreiestar
vum
Spektraltyp
A1 mat der
Liichtkraaftklass
V an dem Zousaz m fir "metallraich".
Seng
Mass
ass ongefeier 2,1-mol sou grouss wei vun eiser
Sonn
. Miessunge weisen, datt sain Duerchmiesser dat 1,7-facht vum Sonnenduerchmiesser huet. Dem Sirius seng
Liichtkraaft
ass 25-mol sou heich wei dei vun eiser Sonn. D'Uewerflachentemperatur huet knapps 10.000
K
.
Dei duerch d'Rotatioun vum Star verursaacht
Dopplerverbreedung
vun de
Spektrallinnen
erlaabt et, eng Ennergrenz fir d'Rotatiounsvitesse um Equator ze bestemmen. Si lait bei 16 km/s, wouraus eng Rotatiounsdauer vu ronn 5,5 Deeg oder manner follegt. Des niddreg Vitess leisst keng moossbar Ofplattung vun de Pole erwaarden. Am Geigesaz dozou roteiert dei anlech grouss
Vega
mat 274 km/s mei seier, wat eng grouss Ausbuchtung um Equator zur Folleg huet.
De Liichtspektrum vu Sirius A weist charakteristesch metallesch Linnen. Dest deit op eng Uraicherung vu schweieren Elementer wei
Helium
, wei eventuell dat
spektroskopesch
besonnesch liicht observeierbaart
Eisen
, hin.
D'Verhaltnes vun Eisen zu Waasserstoff ass an der Atmosphar ongefeier draimol sou grouss wei an der Atmosphar vun der Sonn (glaich enger
Metalliziteit
vun [Fe/H] = 0,5. Et gett ugeholl, datt deen an der Starenatmosphar observeierten heijen Undeel vu schweieren Elementer net representativ fir de ganze Starekar ass, ma duerch Uraicherung vun de schweieren Elementer op der denner baussenzeger
Konvektiounszon
vum Star zustane kennt.
D'
Gas- a Stebswollek
, aus dar Sirius A zesumme mat Sirius B
entstoung
, hat no gangege Staremodeller no ongefeier 4,2 Millioune Joer dat Stadium erreecht, an deem d'Energiegewennung duerch dei lues ulafend
Karfusioun
d'Energiefraisetzung duerch Kontraktioun em d'Hallschent iwwertraff. No 10 Millioune Joer schliisslech staamt dei komplett ausgeleist Energie aus der Karfusioun. Sirius A ass zanterhier e geweinleche,
Waasserstoff verbrennenden
Haaptreiestar. Hie produzeiert bei enger Kartemperatur vu ronn 22 Millioune Kelvin seng Energie haaptsachlech iwwer de
Bethe-Weizsacker-Zyklus
. Weinst der staarker Temperaturofhangegkeet vun desem Fusiounsmechanissem gett dei produzeiert Energie am Kar greisstendeels iwwer
Konvektioun
transporteiert. Baussenzeg vum Kar geschitt den Energietransport duerch Stralung, nemme knapps enner der Starenuewerflach besteet nees konvektiven Transport (kuckt och
Starenopbau
).
De Sirius A waert sai Proviant u Waasserstoff an den nachste knappse Milliarde Jore verbrauchen, duerno den Zoustand vun engem
Roude Ris
erreechen an dann als
Waissen Zwerg
vun ongefeier 0,6 Sonnemassen enden.
De Sirius B, de liichtschwaache Begleeder vum Sirius A, ass deen dem Sonnesystem nachstgeleeene
Waissen Zwerg
. Hien ass ongefeier sou grouss wei eis Aerd a weinst senger Noperschaft ee vun de bescht ennersichte Waissen Zwergen iwwerhaapt. Hien hat bei der Entdeckung a Beschreiwung vu Waissen Zwergen eng wichteg Roll gespillt. D'Observatioun gett doduerch mei schweier, well hien duerch dei grouss Hellegkeet vum Sirius A iwwerstraalt gett. De Sirius B huet 98 % vun der Sonnemass, awer nemmen 2,7 % vun hirer Liichtkraaft.
De Sirius ass en
Duebelstaresystem
. De Begleetstar ass duerch de groussen Hellegkeetsennerscheed an dem kuerzen Ofstand vu maximal 11,4 Bousekonnen ereischt am Joer
1862
vum
Alvan Graham Clark
(Jong vun engem
Teleskopebauer
) entdeckt ginn.
Geintiwwer vun der mei heller Komponent Sirius A huet de Begleetstar Sirius B nemmen eng visuell Magnitude vun 8,5
m
an ass e
Waissen Zwerg
.
Dat gouf ereischt am Joer
1923
erkannt, wei sech erausgestallt huet, datt, obwuel de Sirius B bal sou schweier ass wei eis Sonn an eng wiesentlech mei waarm Uewerflachentemperatur vun 25.000 K huet, muss hie bei senger schwaacher Hellegkeet eng entspriechend manner grouss sinn. De Sirius B ass ronn 0,94
Sonnemasse
schweier, ass dobai awer mei kleng wei den
Neptun
. Et war den eischte waissen Zwerg, den entdeckt gouf an emkreest de Sirius A eemol a knapps 50 Joer.
Den Ofstand vu beide Staren (
grouss Hallefachs
) ass ronn 4 Mrd. km (verglaichbar mat der Distanz Sonn-Neptun), woubai d'
Exzentriziteit
vun der Bunn mat 0,58 zimmlech heich ass.
Den Numm Sirius selwer staamt entweeder vum alegyptesche Gott
Osiris
, vum griichesche
Sirene
, oder vum griichesche Wuert
seirios
, de "Verbrannten" of.
Umierkung: De Sirius ass d'
Isis
, den Orion ass d'
Osiris
.
De Sirius war den eischte Star fir deen eng Miessung vun der Vitess vu senger Beweegung am Raum mat Hellef vum
Doppler-Effekt
gemaach gouf. (1862)
Portal Astronomie