De
Sigismund vu Letzebuerg
(
(fr)
Sigismond de Luxembourg
,
(de)
Sigismund
oder
Siegmund von Luxemburg
), gebuer de
15. Februar
1368
an der
Raichsstad Nurnberg
a gestuerwen den
9. Dezember
1437
zu
Znojmo
(
Mieren
), war dee leschte
Kinnek
a
Keeser
vum
Hellege Reimesche Raich
aus dem
Haus Letzebuerg
. Hien ass als dretteelste Jong vum
Karel I.
Duerch sai Bestietnes
1385
mat der Maria, der Duechter vum
Ludwig den I.
Kinnek vun
Ungarn
a
Polen
, krut hien Ierfusprech op des zwee Lanner a gouf dann och
1387
zum Kinnek vun Ungarn gekreint. An dar Zait sinn d'
Ottomanen
an Europa agedrongen an hunn
1395
och Ungarn iwwerfall. Fir genuch Suen ze hunn, fir eng Defense geint d'Tierken opzebauen, huet de Sigismund missen Deeler vu sengen Territoire verpfanden oder souguer verkafen. Trotzdeem huet en
1396
d'
Schluecht bei Nikopolis
geint de Sultan
Beyazid I.
verluer. Den
21. Juli
1411
, nom Doud vu sengem
Koseng
Jobst vu Mieren
an nom Reckzuch vu sengem Brudder
Wenzel II.
, ass de Sigismund zum daitsche Kinnek gewielt a
1433
zu
Roum
zum Keeser gekreint ginn.
Eng vu senge wichtegsten Decisioune war et, d'
Konstanzer Konzil
(
1414
?
1418
) zesummenzeruffen, dat enner senger Leedung de grousse Kierche-
Schisma
op en Enn bruecht huet. Virdru gouf et jorelaang an der
kathoulescher Kierch
glaichzaiteg zwein an alt bis zu drai
Peepst
, dei sech geigesaiteg a Grond a Buedem verdaamt hunn. De
Jan Hus
, den tschechesche Kierchereformateur, huet och um Konstanzer Konzil deelgeholl, well de Sigismund him versprach hat, him geif naischt ennerwee gescheien. Wei den Hus awer refuseiert huet, seng Doktrinnen ze widderruffen, gouf en um Wee hannescht festgeholl an als Ketzer verbrannt. D'Membere vum Konzil waren der Meenung, datt ee vis-a-vis vun engem Ketzer sain Eierewuert net breicht anzehalen. Doropshi koum et zu bluddegen Opstann vum Hus sengen Unhanger a
Beimen
. De Sigismund huet dofir
1420
zum
Kraizzuch
geint d'
Hussiten
opgeruff. An den Hussite-Kricher, dei 16 Joer gedauert hunn, konnt de Kinnek sech ereischt
1436
duerchsetzen.
Zait senges Liewens huet de Sigismund ni e Fouss op Letzebuerger Buedem gesat.
1419
ass hie sengem Brudder
Wenzel II.
sain Nofollger als Herzog vu Letzebuerg ginn. Hien huet awer d'
Herzogtum Letzebuerg
duerch Pandhare verwalte gelooss, dorenner seng
Niess
Elisabeth vu Gorlitz
. Des hu geint eng mei grouss Zomm Suen d'Verwaltung vum Herzogtum iwwerdroe kritt, an hunn am Geigenzuch erausgequetscht, wat do ze huele war.
Mam Doud vum Sigismund, den
9. Dezember
1437
ass d'
Dynastie vun de Limburg-Letzebuerger
erlosch. Dem Sigismund sain
Eedem
, den
Habsburger
Albrecht vun Eistraich
, dee mat senger eenzeger Duechter, der Elisabeth, bestuet war, gouf sain Nofollger als Kinnek a Keeser. Bis
1806
sollten Habsburger d'Keeserkoun halen.
- Haag, Emil
, 2011.
Sigismond
*
1368
†
1437, le dernier Luxembourg
, In:
Une reussite originale - Le Luxembourg au fil des siecles
; Letzebuerg (Editions Guy Binsfeld), 2011; 576 Saiten (ill.);
ISBN 978-2-87954-235-5
, Ss 146-155.