한국   대만   중국   일본 
Schoulmeeschter a Leierin ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Schoulmeeschter a Leierin

Vu Wikipedia
Desen Artikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Schoulmeeschter an der Zentralafrikanescher Republik

Als Schoulmeeschter , respektiv Leierin , gi Manner a Frae bezeechent, dei vu Beruff hier anere Menschen (an der Haaptsaach Kanner a Jugendlecher) an enger Primarschoul eppes baibrengen, sief et Wessen oder Denkmethoden, am Kader vun enger genereller Formatioun oder op e bestemmt Schoulfach limiteiert.

Zu Letzebuerg gett et eng 5.000 Schoulmeeschteren a Leierinnen (Stand 2020) [1] , dei d'Kanner aus den Zyklen 2-4 vun der Grondschoul (also dei freier Primarschoul) enseigneieren. Si hunn de Statut vu Staatsbeamten .

D'Leierinne ginn och Joffer genannt, nach aus der Zait wou hinne sou eng Plaz meeschtens nemmen opstoung enner der Bedingung, datt se sech net bestueden, an deemno mat der Uried Joffer fir net bestuet Frae bezeechent goufen (no engem Fall deen 1907 an engem aneren deen 1933 diskuteiert gouf, hunn d'Gemenge ganz lues a lues och bestuet Leierinnen op hirer Plaz gelooss). Dacks hate se och d'Bezeechnung vun deem Beraich an deem s'enseigneiert hunn: z. B. d'Bitzjoffer oder an der Spillschoul d'Spilljoffer. Zu Letzebuerg am Zyklus 2 bis 4 gett et hirer 3-mol mei wei Schoulmeeschteren. [1]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 Classroom teachers and academic staff by education level, programme orientation, sex and age groups . Eurostat. Gekuckt de(n) 22.12.2022.