D'
Schluecht vun Hastings
war eng Schluecht, dei de
14. Oktober
1066
tescht der normannesch-franseischer Armei enner dem Herzog
William II. vun der Normandie
an enger Armei vum
angelsachsege
Kinnek
Harold II
. gefouert gouf.
Si gouf no der englescher Uertschaft
Hastings
genannt, mee war fir richteg eng zeng km nordwestlech dovun, do wou elo d'Uertschaft
Battle
ass.
De Grond vun der Schluecht war, datt den englesche Kinnek
Edward de Bekenner
(
the Confessor
) viru sengem Doud den normannesche Kinnek Harold als sain Nofollger designeiert hat. Wei e bis dout war, huet den Harold Godwinson d'Muecht u sech gezunn. Doropshin huet de William dem Harold de Krich erklaert.
D'Schluecht ass mat der Victoire vun de Franko-Normannen op en Enn gaangen, woubai de Kinnek Harold emkomm ass, a war eng wichteg Etapp an der Eruewerung vun den England duerch d'
Normannen
.
Et gett ugeholl, datt de William eng 10.000 Mann enner sech hat, an den Harold eng 7.000. Warend dei englesch Armei bal nemmen aus Infanterie bestoung, huet sech d'Invasiounsarmei nemmen zur Hallschecht aus Infanteristen zesumme gesat, dei aner Hallschecht waren hallef-hallef Kavalerie a Bouscheisser. D'Schluecht goung vu moies 9 bis owes 6 Auer. Se gouf vun de Frankonormannen duerch eng Taktik gewonnen, bei dar se zu engem bestemmten Zaitpunkt gemaach hunn, wei wa s'a Panik fortlafe geifen, fir dann op eemol, wei hir Verfolger scho gemengt haten, si hatte gewonnen, op eemol emgedreint hunn an sech op se gestierzt hunn. Historiker schatzen, datt ongefeier 2000 Franko-Normanne bei der Schluecht emkoumen, an ongefeier duebel sou vill Englanner.
De William gouf op Chreschtdag 1066 zum Kinnek vun England gekreint.
Eng bemierkenswaert zaitgenessesch Quell vun der Schluecht ass d'
Tapisserie vu Bayeux
, e brodeierte Wandteppech, dee bal wei eng
Bande dessinee
d'Geschicht beschreift.