|
Dese
Biologiesartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
D'
Schielmees
(
Parus major
) ass eng
Vullenaart
aus der
Famill
vun de
Meesen
(
Paridae
).
D'Schielmees ass dei greisst an dei heefegst vun de Meesen. Hire Kapp ass schwaarz mat waisse Baken. Bei de jonke Schielmeesen ass de Bak hellgiel. De Bauch ass giel mat engem schwaarze Strech an der Mett. Beim Weibchen ass dese Strech mei denn wei beim Mannchen. De Reck ass greng.
De Gesank vun der Schielmees ass ganz ofwiesslungsraich. Et heiert een dacks schonn am speide Wanter en "zi zi dee".
D'Schielmeese friesse virun allem
Insekten
. Si picken un de Beem oder sichen um Buedem an am Kraut no Deieren. De Gaertner gesait si dofir gar als natierlech Hellef bei der Bekampfung vum Gedeiesch am Gaart.
Am Wanter gesait een d'Schielmeesen dacks bei de Fudderplazen. Si hu virun allem d'
Sonneblummekare
gar. Op laang Dauer bekennt hinnen dei eesaiteg Ernierung awer net.
D'Schielmeese komme bal iwwerall vir, wou et Beem ginn. Si si ganz upassungsfaeg. Duerch Nistkeschte kann een hinnen hellefen. Am Wanter bleiwen d'Schielmeesen an hirer Heemecht. Eenzel Meese schlofe vun
November
bis
Februar
nuets an den Nistkeschten.
Schonn Enn
Wanter
gesait ee Koppelen dei zesummegeheieren. Ab Mett
Maerz
schleift d'Weibchen nuets net mei an der Nistkescht. Bei guddem Wieder schleefen d'Meesen drechent
Moos
,
Grieser
an Hoer an d'Kescht. An der Mett vum Koup gett eng Kaul gemaach. Des Kaul gett mat Plommen an Hoer ausgekleet. Jee no Baussentemperatur leet d'Weibchen em den Ufank
Abrell
all Dag geint der Mueren en Ee. Des ginn am Ufank nach net gebreit. Si gi mat Plommen an Hoer zougedeckt. Wann et nuets kal gett, schleift d'Weibchen am Nascht fir d'Eeer waarm ze halen. De Mannche markeiert den Terrain mat sengem Gesang.