Scheifermound

Vu Wikipedia
Prometheus (riets) a Pandora "hidden" dem Saturn sain F-Rank tescht hire Bannen- a Baussenzegter Bunn.
Funktiounsweis vun engem Scheifermound ? Wa Partikelen vir oder hanner dem Mound op senger Emlafbunn sinn, da ginn dei entweeder a Bunnrichtung gedriwwen an no bausse geschleidert, oder si ginn op hirer Bunn ofgebremst an no banne gezunn.

Als Scheifermound bezeechent ee kleng natierlech Satellitten vun de Gasplaneiten am Sonnesystem , dei d'Emlafbunne vun de Partikelen an dar hirem Ranksystem mat daitleche Lacher dertescht auserneenhalen oder a separat Eenzelreng konzentreieren. Den Numm kennt doduerch, datt si wei e Scheifer den "Trapp" vun de Rankpartikelen agrenzen.

Duerch hir Gravitatiounswierkung kenne si Partikelen opsammelen oder duerch Bunnsteierunge vun hirer Emlafbunn oflenken respektiv duerch Bunnresonanzen nei glidderen. Doduerch entsti Lacher an de Ranksystemer, wei dei besonnesch markant Cassinesch Deelung , oder charakteristesch Banner oder feiert zu eegenaarteg "verdruddelte" Rankverformungen.

Dat komplext System vun de Saturnreng huet en ettlech Satellitten, dei sech sou verhalen. Drai si mei oder weineger eendaiteg als Scheifermounden noteiert ( Atlas fir den A-Rank a Prometheus a Pandora fir den F-Rank). Als Scheifermound ginn och dei aner fennef bannenzeg Satellitten Daphnis , Pan , Janus , Epimetheus an Aegaeon ugesinn.

Den Uranus huet zwei Scheifermounden op den zwou Saite vu sengem Epsilon-Rank : de Cordelia an den Ophelia .

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie