Samuel Doe

Vu Wikipedia
Samuel Doe
Gebuer 6. Mee 1951
Gestuerwen 9. September 1990
Monrovia
Nationaliteit Liberia
Aktiviteit Offizeier, Politiker

De Samuel Kanyon Doe , gebuer de 6. Mee 1951 [1] a gestuerwen den 9. September 1990 , war den 21. President vu Liberia . Vun 1980 bis 1986 war hie Virsetzende vum Militarregim "People's Redemption Council" a vun 1986 bis zu senger Ermuerdung 1990 den eischten indigene President vum Land, dat heescht deen net vun afro-amerikaneschen Immigranten ofgestaamt huet.

Den Doe war Member am landleche Stamm Krahn aus dem liberianesche Banneland. D'Krahn-Vollek ass zwar eng Minoriteit, ma Deel vun der Majoriteit vun der indigener liberianescher Bevelkerung, dei zanter der Grennung vum Land 1847 politesch a wirtschaftlech vun der amerikanesch-liberianescher Elitt aus fraigeloossenen amerikanesche Sklaven an deenen hire Nokommen domineiert gouf.

Enner dem Doe senger Herrschaft huet sech Liberia zu engem Steierparadais entweckelt dat konsiderabel auslannesch Investitiounen ugezunn huet. Obwuel den Doe Ufanks nach vun enger grousser Ennerstetzung duerch d' USA konnt profiteieren, huet den amerikanesche Support Mett der 1980er Jore staark nogelooss an hie selwer ass weinst senger ondemokratescher, brutaler a korrupter Regierungsweis emmer mei onbeleift ginn, eier hien 1990 am Biergerkrich gefaangen, gefoltert a schliisslech embruecht gouf. [2]

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Doe ass am klengen Duerf Tuzan am Nordoste vu Liberia gebuer an am Alter vun 18 Joer an d'liberianesch Armei agetrueden, wou hie sech bis zum Master Sergeant eropgeschafft huet. Sai Lycee huet hie per Korrespondenz ofgeschloss. Den 12. Abrell 1980 huet hien e Militarputsch ugefouert, an deem de President William R. Tolbert, Jr. a 26 vu senge Supporter embruecht gi sinn. D'Regierungsministeren huet hie plakesch duerch d'Haaptstad Monrovia lafen an duerno erscheisse gelooss. Zur glaicher Zait huet den Doe eng Militardiktatur agefouert.

De Putsch huet d'Enn vun 133 Joer amerikano-liberianescher Dominatioun markeiert. Vill Liberianer waren dem Coup dofir ufanks nach favorabel geintiwwer agestallt, well e Wiessel zu Gonschte vun der laang ausgeschlossener Majoriteit un agebuerenen Afrikaner erwaart ginn ass. Ma dei nei Regierung, dei sech People's Redemption Council genannt huet, hat keng politesch Erfarung a war schlecht op d'Landesfeierung virbereet. Den Doe ass Staatschef ginn an huet d'Verfassung ausgesat, ma de Retour zur Zivilregierung fir 1985 versprach.

Warend sengen eischte Regierungsjoren huet den Doe oppen dei US-amerikanesch Politik vum Kale Krich an Afrika ennerstetzt an ass souguer vum President Ronald Reagan and d' Waisst Haus ageluede ginn. Trotz der Verschlechterung vun der politescher an der Menscherechtslag a Liberia huet d'Land vun enger grousser politescher a militarescher Ennerstetzung duerch d'USA profiteiert.

Eng nei Verfassung, dei eng Meiparteierepublik agefouert huet, ass 1984 per Referendum ugeholl ginn. Am Juli ass den Doe zum President vun der Nationaler Iwwergangsassemblee gewielt ginn an huet d'Presidentewal am Oktober 1985 mat 51 % vun de Stemme gewonnen. D'Wal war staark manipuleiert ginn; sou sinn zum Beispill d'Walziedele vum Doe sengen Ennerstetzer op enger geheimer Plaz gezielt a politesch Geigner elimineiert ginn.

De Generol Thomas Quiwonkpa, ee vun de Leader vum 1980er Coup, huet am November 1985 probeiert, d'Muecht u sech ze rappen. De Putsch ass him awer net gelongen an hien ass dobai emkomm. Dem Doe seng korrupt Regierung, an dar Memberen aus sengem relativ klenge Stamm, de Krahn, eng grouss Roll haten, ass nom feelgeschloene Coup nach mei repressiv ginn. Zeitunge sinn zougemach ginn, politesch Aktiviteite verbueden a verschidden ethnesch Gruppen diskrimineiert ginn, wat zu Protester a Gewalt gefouert huet.

Als eng vun de Reaktiounen op dem Doe seng Herrschaft ass den Charles Taylor , a freieren Allieierte vum Doe, am Dezember 1989 vun der Cote d'Ivoire eriwwer a Liberia komm an huet e Guerillakrich geint de President ugefaangen. Den Taylor war aus engem Prisong an den USA ausgebrach, an deem hie weinst Ennerschloe vu Suen a Liberia op d'Ausliwwerung a sain Heemechtsland gewaart hat. Mett 1990 war de greissten Deel vum Land enner der Kontroll vu Rebellen. Den Doe ass den 9. September 1990 zu Monrovia vum Prince Y. Johnson, engem vun de Rebellefeierer, gefaange ginn. Hien huet den Doe folteren an embrenge gelooss. E Video, deen enner anerem weist, wei dem Doe seng Oueren ofgeschnidde ginn warend den Johnson nokuckt, ass em d'Welt gaangen.

Nom Doe sengem Doud ass de Biergerkrich am Land weidergaangen.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Samuel Doe ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. New York Times: Samuel Doe: 10-Year Reign In the Shadow of Brutality (11. September 1990, gekuckt de 14. Maerz 2013)
  2. Kuerzbiographie op liberiapastandpresent.org (gekuckt de 14. Maerz 2013)