한국   대만   중국   일본 
Rosetta (Sond) ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Rosetta (Sond)

Vu Wikipedia
Rosetta
Eng Maquette vun der Rosetta
Typ Fuerschungssatellit
Missiounszil Komeit 67P
Tschurjumow-Gerassimenko
Land Europa
Agentur ESA
Startmass ronn 3000 kg
Start 2. Maerz 2004 um 08:17 MEZ
Startplaz Weltraumzentrum Kourou
Drorakeit Ariane 5
Status 30. September 2016 :
geziilten Opschlag um Komeit

D' Rosetta ass eng Raumsond vun der ESA , dei den 2. Maerz 2004 mat enger Ariane 5 G+ gestart gouf. Si ass zanter dem August 2014 ronderem de Komeit 67P/Tschurjumow-Gerassimenko gekreest. Well se net mei genuch Energie hat, gouf decideiert, se op de Komeit falen ze loossen, fir sou bis de leschten Ablack Donneee vun deem senger Beschafenheet ze sammelen.

Den 30. September 2016 war et sou wait, an d'Rosetta ass kontroleiert op de Komeit 67P/Tschurjumow-Gerassimenko erofstierze gelooss ginn. Bis fennef Sekonne virum Opschlag huet si nach Fotoe vun der Komeitenuewerflach op d'Aerd gescheckt. [1]

D'Rosetta, dei vun EADS Astrium vu Friedrichshafen gebaut gouf, war deen eischte Komeiten orbiter . Beim Fluch dohin hat d'Rosetta an de Joren 2008 respektiv 2010 d'Asteroiden (2867) ?teins an (21) Lutetia passeiert an erfuerscht.

Missioun [ anneren | Quelltext anneren ]

U Bord vun der Rosetta ass den 100 kg schweiere Lander Philae . Dee soll um Komeit opsetzen an Experimenter maachen, dei Reckschless op d'Beschafenheet vum Komeit zouloossen. D'Donneee ginn op d'Rosettasond gesent, dei de Komeit weider emkreest, a gi vun do op d'Aerd gescheckt. Well d'Beschafenheet vum Komeit virum Opsetze vun der Sond net bekannt ass, kartographeiert an analyseiert d'Rosetta ufanks d'Uewerflach, ier sech de Philae vun der Sond lassleist. Sou hofft een, eng geeegent Landeplaz ze fannen, och wann am Virfeld iwwer hir noutwendeg Beschafenheet keng secher Erfarunge virleien.

Ufanks war de Start vun der Rosetta schonn den 13. Januar 2003 geplangt an als Zil war de Komeit 46P/Wirtanen virgesinn. Weinst Schwieregkeete mam Ariane-5-Rakeiteprogramm gouf de Start em e Joer verreckelt.

Och den nachste Starttermin de 26. Februar 2004 konnt weinst schlechtem Wieder net plangmeisseg agehale ginn an huet missen 20 Minutte virum Start ofgebrach ginn. De Start gouf dunn em en Dag verreckelt. De 27. Februar 2004 gouf dunn de Start weinst engem Defekt um Hetztschutz op Ufank Maerz versat. Mat fennef Deeg Verspeidung ass d'Rosetta schliisslech den 2. Maerz 2004 vum Weltraumzentrum Kourou an der franseischer Guyane gestart. D'Drorakeit vum Typ Ariane 5 G+ ass um 08:17 Auer MEZ mat der drai Tonne schweierer Sond u Bord gestart.

Den Numm Rosetta bezitt sech op de Stee vu Rosetta , mat deem senger Hellef d' Egyptesch Hieroglyphen entziffert konnte ginn. Op dei selwecht Aart a Weis soll d'Rosetta dozou hellefen, d'Geheechnes ze leften, wei d' Sonnesystem warend senger Genesis beschafe war. Den Numm vum Lander Philae bezitt sech op eng Insel am Nil , op dar en Obelisk fonnt gouf, dee bei der Entzifferung vum Stee vu Rosetta gehollef hat. U Bord ass e Prototyp vum sougenannte Rosetta Disk , enger ongefeier fennef Zentimeter grousser Scheif aus engem Neckelalliage, op dar ongefeier 15.000 Saiten Text mat Informatioune fir iwwer 2.500 Sproochen a mikroskopescher Greisst agebrannt sinn.

Asteroiden-Fly-bys [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Rosetta-Sond op hirer Rees

D'Sond Rosetta kennt op hirem Kurs duerch d' Asteroidenceinture no bei zwein Asteroiden ?teins an Lutetia . Dei definitiv Entscheedung iwwer dee Kurs war nom Start vum 11. Maerz 2004 gefall, well ereischt do eng Ofschatzung vum Dreifstoffverbrauch fir d' Swing-bys meiglech war.

Fly-by beim ?teins- [ anneren | Quelltext anneren ]

De 5. September 2008 war d'Rosetta warend dem eischte Passage vun der Asteroidenceinture laanscht de 4,6 Kilometer groussen (2867) ?teins op enger Distanz vun 800 km geflunn. Den Asteroid konnt duerch eng optesch Navigatiounsmethod dei vun der d'ESA fir d'eischt agesat gouf, op engem exakt geplangten Ofstand passeiert ginn. Dofir goufen dei beid Navigatiounskameraen an dei wessenschaftlech Kamera OSIRIS gebraucht, fir reegelmeisseg Biller vum Asteroid ze maachen. Wat d'Sond mei no un de ?teins koum, emsou mei genee konnt deem seng Bunn relativ zu der Sond bestemmt ginn. Warend d'Sond Giotto am Joer 1986 einfach op den Zilobjet geriicht konnt ginn, fir meiglechst no laanscht ze fleien, hatt bei der Genauegkeet vun der Navigatioun warend dem ?teins-Fly-by d'Gefor bestanen, mat him ze kollideieren.

De Vitessennerscheed tescht beiden Objete war mat 8,6 km/s relativ kleng. Fir de Laanschtfluch, deen eischte vun deser Aart fir d'ESA, hat d'Sond sou gedreint misse ginn, datt d'Kommunikatiounsantenn fir 90 Minutten net op d'Aerd geriicht war. Dei eischt Telemetriedate vun der Rosetta hunn d'ESA um 22:23 Auer erreecht. Si hunn den Erfolleg vum Manover bestategt.

Dei dorophi publizeiert Biller weisen en diamantfermege Kierper mat vill Impaktkrateren , wat op en heijen Alter vum ?teins hiweist. Warend dem Laanschtfluch goufen Date mat der optescher Kamera wei och mam Spektrometer VIRTIS gesammelt. Hir Auswaertung kann dobai hellefen, d'Zesummesetzung an d'Genesisgeschicht vum ?teins besser ze verstoen.

Lutetia-Fly-by [ anneren | Quelltext anneren ]

Dee ronn 100 km groussen Asteroid (21) Lutetia gouf warend dem zweete Passage vun der Asteroidenceinture den 10. Juli 2010 op enger Distanz vun 3.162 km mat enger Relativvitess vu 15 km/s passeiert. [2] Warend dem Laanschtfluch war (21) Lutetia 455 Millioune km vun der Aerd oder 407 Millioune km vun der Sonn ewech. Um 18:10 Auer gouf et eng Liveiwwerdroung vum Manover am Kontrollzentrum ESOC vun der ESA zu Darmstadt . Eischt Biller vum Laanschtfluch gouf et geint 23 Auer.

Den Asteroid gouf mat der OSIRIS-Kamera wei och mat dem VIRTIS-Spektrometer ennersicht. Zwou Stonne virum noosten Ofstand hat d'Kamera mam Fotografeieren ugefaangen. Och nom Passage goufen nach Biller opgeholl. Eischt Auswaertunge vun de Biller an der Nuecht vum 10. op den 11. Juli 2010 haten erginn, datt (21) Lutetia mat risege Krater iwwerseit ass. Op eng zimmlech beweegt Geschicht loossen enner anerem och zougespetzt Biergrecker, Aerdrutscher an honnert Meter grouss Fielsen hindeiten.

Nieft der Erfuerschung vu Lutetia hat de Laanschtfluch och dem Test vun den Instrumenter vun der Rosetta gedengt souwei den Experimenter vum Lander Philae. Et war dei lescht Testmeiglechkeet, ier d'Rosetta nom 8. Juni 2011 an e ronn zweeanhallefjarege ?Wanterschlof“ ( Deep Space Hibernation ) goung. Den 19. Januar 2014 gouf d'Rosetta nees erfollegraich aktiveiert Si gett elo fir de Rendez-vous mat hirem eigentlechen Zil, dem Komeit 67P/Tschurjumow-Gerasimenko, virbereet.

Tschurjumow-Gerassimenko-Missioun [ anneren | Quelltext anneren ]

  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Observatioune mat der Rosetta-Sond

Technik [ anneren | Quelltext anneren ]

Technesch Daten [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Grondstruktur vum Rosetta besteet aus enger Kescht aus enger Aluminiumlegierung mat enger Greisst vun 2,8 × 2,1 × 2,0 Meter. Dei wessenschaftlech Instrumenter (ongefeier 165 kg) sinn op der ieweschter Sait vun der Box an de Bus Support Module un der Basis fixeiert. Un der Sait sinn eng 2,2 Meter Antenn fir d'Kommunikatioun ( S-Band an X-Band mat 10 bis 22.000 Bits pro Sekonn) ubruecht.

Bordinstrumenter [ anneren | Quelltext anneren ]

U Bord vun der Rosetta waren eelef Instrumenter:

  • Den Ultraviolett-Spektrometer ALICE huet no verschiddenen Edelgase gesicht, deenen hir Verdeelung eppes iwwer d'Temperatur warend der Genesis viru 4,5 Milliarde Joer aussoe soll. Dest ass dat eenzegt US-Instrument vun der Rosetta-Sond. Eng weiderentweckelt Versioun vun Alice ass an der Sond New Horizons agebaut.
  • D'Kamera OSIRIS (Optical, Spectroscopic and InfraRed Remote Imaging System) huet de Komeitekar an heijer Opleisung am visuellen an am noen infraroude Spektralberaich fotografeieren. Scho virum Antreffen beim Zilkomeit konnt d'Osiris staark vergreissert Fotoe scheissen.
  • De VIRTIS (Visible and Infrared Thermal Imaging Spectrometer) huet mettel bis kleng opgeleiste Biller vum Komeitekar gemaach, aus deene sech op dei raimlech Verdeelung vu gefonnten Elemente schleisse leisst.
  • D'Instrument MIRO (Microwave Spectrometer for the Rosetta Orbiter) huet no extreem volatillen Elementer gesicht an hir Verdampungsquot gemooss. Doriwwer goufen Informatioune iwwer d'Zesummesetzung vum Kar a vun der Koma, iwwer d'kometar Aktiviteit an d'physikalesch Eegenschafte vun der Karuewerflach a vun de Komamolekule gewonnen.
  • ROSINA (Rosetta Orbiter Spectrometer for Ion and Neutral Analysis) besteet aus emgem Magneit- DFMS an engem Fluchzait-Massespektrometer RTOF , dei Ione an Neutralgasdeelercher noweise kennen. Doduerch leisst sech zum Beispill d'Zesummesetzung vun de kaum disponibeler Komeitenatmosphar an de Wiesselwierkunge vun der Deelercher bestemmen.
  • Fir d'Ennersich vum Komeitestebs gett de COSIMA (Cometary Secondary Ion Mass Spectrometer) och mat engem Massespektrometer dei Heefegkeete vun Elemente, Isotope a Molekule bestemmen.
  • Dat heichopleisend Rastersondemikroskop MIDAS (Micro-Imaging Dust Analysis System) kann d'Fainstruktur vun eenzele Stebsdeelercher duerstellen.
  • Den RPC (Rosetta Plasma Consortium) besetzt Ionen- an Elektronendetektore an e Magnetometer. Si moosse physikalesch Eegenschafte vum Kar a vun der Koma, souwei d'Wiesselwierkunge tescht Koma a Sonnewand.
  • D' CONSERT -Experiment (Comet Nucleus Sounding Experiment by Radio wave Transmission) fuerscht d'Struktur vum Komeitekar.
  • De GIADA (Grain Impact Analyser) ennersicht d'Koma a bestemmt d'Zuell, d'Greisst an d'Vitess vun de Stebskaren dei dra sinn.
  • Duerch Notzung vum Kommunikatiounssystem bestemmt den RSI (Radio Science Investigation) d'Gravitatiounsfeld vum Komeit souwei Greisst, Mass, Form a Struktur vum Komeitekar

Dei wessenschaftlech Donneee ginn op engem Solid-state-Spaicher mat 25 GBit Capaciteit gespaichert. Weider zeng Instrumenter sinn u Bord vum Lander.

Erausfuerderungen a Besonnesches vun der Missioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Mat der d'Rosettamissioun steisst d'Weltraumfuerschung an e puer Beraicher op Neiland. De Missiounsprofil huet en ettlech besonnesch Eegenschaften.

Energieversuergung [ anneren | Quelltext anneren ]

Fir d' Energieversuergung gouf bei deser Missioun fir d'eischt op Solarzellen , bei enger Missioun dei Sait der Marsemlafbunn, gesat. Well d'Stralungsintensiteit vum Sonneliicht mam Quadrat vum Ofstand ofhelt, geet och d'elektresch Leeschtung vun de Solarzellen a groussen Ofstann zu der Sonn of. Fir trotzdeem eng ausreechend elektresch Leeschtung fir de Betrib vun der Sond zur Dispositioun ze stellen, huet d'Missiounsprofil engersaits eng ?Schlofphas“ bei grousse Sonnenofstann, an dar nemme minimal Leeschtung fir Liewenserhalung (Bordcomputer an e puer Heizelementer) gebraucht gett. Anerersaits goufen ganz grouss Solarzellen agesat, fir an desen Ofstann genuch elektresch Leeschtung ze hunn. Aktive Betrib vun der Sond oder Funkverkeier ass an desem Deel vum Fluch net virgesinn.

Steierungsafless am Orbit em de Komeit [ anneren | Quelltext anneren ]

Fir d'Fuerschung vum Komeit soll an e stabillen Orbit em hien ageschwenkt ginn. Enner anerem gett do d'Gravitatiounspotential vum Komeit vermooss. Well d'Zentralmass vum Komeit relativ kleng ass, hunn Steierkraaften op d'Emlafunn e staarken Afloss. Follgend Steierafless si beim Plange vun der Emlafbunn ze beuechten: [3]

  1. Stralungsdrock : De stannege Photonestroum vun der Sonn ass an Interaktioun mat der Uewerflach vun der Sond. Et resulteiert eng no baussen (vun der Sonn ewech) geriichte Kraaft.
  2. Sonnewand : De stannegen Deelchestroum vun der Sonn trefft op d'Sonduewerflach an iwwerdreit en Impuls. Et entsteet eng vun der Sonn ewech geriichte Kraaft.
  3. Koma vum Komeit: D'Koma vum Komeit entsteet duerch seng Ausgasunge. D'Ausgasunge trieden iwwer aktiv Flache vum Komeit op. De Komeit gett ereischt bei enger bestemmter Distanz zu der Sonn aktiv. Den Deelchestroum vun der Ausgasung produzeiert eng Kraaft vum Komeit ewech. Geneesou kann duerch d'(stationar) Deelchewollek em de Komeit eng Ofbremsung vun der Sond optrieden.
  4. Sonnegravitatioun: D'Sonn ubt als Kierper mat der greisste Mass vum Sonnesystem eng Steierkraaft op d'Sond aus.
  5. Ellipsoid Form vum Komeit: Duerch d'Ofwaichung vum Komeit vun der idealer Kugelform huet sai Gravitatiounspotential net d'Form vun engem Zentralpotential. D'Unzeiung dei entsteet, waicht vun der idealer zentraler Unzeiung of.

Bei den eischten drai vun den uewe genannte Steierafless stellt d'Uewerflach vun der Sond eng wichteg Greisst duer, well iwwer si d'Wiesselwierkung produzeiert gett. Dat heescht, datt dei grouss Solarzellen den Afloss vun de Steierkraafte vergreisseren. Dest huet Auswierkungen op d'Stabiliteit vum Sondenorbit.

D'Steierung duerch dat ellipsoid Gravitatiounspotenzial vum Komeitekar gett benotzt fir dei genee Komeitestruktur an den Opbau ze bestemmen. Et gett e mathematesche Modell entweckelt, mat deem senger Hellef en Orbit virausberechent gett. Duerno gett de realen Orbit observeiert. Aus den Ennerscheeder tescht Virausso an Observatioun (Vitessn an Acceleratioune) kennen d'Konstante vum Modell bestemmt a verbessert ginn. Sou kann de Modell schrettweis emmer besser ginn. Iwwer d'Form vum Gravitatiounspotential kann dann op de bannenzegen Opbau (Form an Dicht) vum Kar geschloss ginn.

Orienteierung an Navigatioun an der Komeitegeigend [ anneren | Quelltext anneren ]

Duerch d'Distanz tescht Raumsond an Aerd ass eng Steierung an Iwwerwaachung an Echtzait net meiglech. D'Sond muss autonom hiren aktuelle Zoustand iwwerwaache kennen. E wichtegt Element ass dobai d'Bestemmung vun der eegener Positioun am Raum. Dest geschitt bei Raumsonden duerch sougenannt Staresensore . Des observeiere Staren a verglaichen aktuell opgeholle Stare mat gespaicherten Daten zu de Starepositioune, fir doraus dei eege Lag ze bestemmen. Beim Antrett vun der Sond an d'Koma vum Komeit erschengen och d'Stebspartikel vun der Koma als hell Objete virun den Objektive vum Staresensor. Dobai ass et meiglech, datt d'Staren net mei opgefaasst kenne ginn, respektiv datt Stebspartikel falsch interpreteiert ginn. Et ass also meiglech, datt d'Sond kuerzzaiteg d'Orienteierung verleiert.

Zaitoflaf vun der Missioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Wat war nach? [ anneren | Quelltext anneren ]

De Minor Planet Center hat an enger Circulaire vum 8. November 2007 d'Entdeckung vun engem Objet publizeiert, dat ganz no laanscht d'Aerd fleie geif an hat him d'Katalogbezeechnung 2007VN84 ginn. Schnell hat sech erausgestallt, datt a Wierklechkeet d'Raumsond Rosetta op hirem Ufluch zum zweete Swing-by-Manover em d'Aerd observeiert gouf. D'Bezeechnung gouf dofir nees zereckgezunn.

Am November 2007 hat d'Fuerscherteam e Kierper entdeckt, deen hanner der Rosetta ze fleie geschengt huet. Et gouf ugeholl, datt et en Aerdbunnkraizer en Apollo-Asteroid wier. Hie konnt bis zum Aerdlaanschtfluch den 13. November 2007 verfollegt ginn.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Rosetta ? Biller, Videoen oder Audiodateien

ESA [ anneren | Quelltext anneren ]

Partner [ anneren | Quelltext anneren ]

Verschiddenes [ anneren | Quelltext anneren ]

Video [ anneren | Quelltext anneren ]

  • [1] ? DLR - De Komeitejeeer Rosetta
  • [2] ? DLR - De Komeitelander Philae
  • [3] ? DLR - Wei fonktioneiert... de Komeitelander Philae?
  • [4] ? ESOC - Rosetta mellt sech
  • [5] SETI-Institut , Dezember 2014

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Auftrag ausgefuhrt ? Rosettas Mission endet mit einem gewagten Kollisionsflug. Op: esa.int vum 30. September 2016
  2. Kometensonde Rosetta sendet einzigartige Bilder vom Asteroiden Lutetia . Auf: www.dlr.de . (Ofgeruff den 31. Juli 2010 )
  3. Daniel Schiller: Orbitsimulation um unsymmetrische rotierende Objekte unter Berucksichtigung verschiedener Storeinflusse. Dipl.-Arbeit. Universitat der Bundeswehr, Institut fur Raumfahrttechnik, Munchen 2002.