Rosch ha-Schanah
(hebr.: Kapp vum Joer; ??? ????; och Rosch ha-Schana geschriwwen) ass de jiddeschen
Neijoerschdag
. D'
Mischna
, dat zentraalt Wierk vun der jiddescher mendlecher Iwwerliwwerung, leet desen Dag als Ufank vum Joer fir d'Berechnung vum
Kalennerjoer
fest.
Rosch ha-Schanah falt nom jiddesche Kalenner op den eischten
Tischri
, dat heescht Enn September oder Ufanks Oktober. Well de jiddesche Kalenner mat
Moundmeint
rechent an all puer Joer e
Schaltmount
derbaisetzt, wiesselt de geneeen Datum nom
Gregorianesche Kalenner
vu Joer zu Joer. Op
Rosch ha-Schanah
fanken dei zeng
Yamin Noraim
(hebr.: "schlemm Deeg") un, dei mam "Versohnungsfest"
Jom Kippur
ophalen.
D'Neijoerschwensch "Gudde Rutsch!" ass eng Verdiebelung, dei mat "Rutschen" iwwerhaapt naischt ze dinn huet! Aus dem jiddesche Grouss "Gut Rosch!" (Rosch = Kapp, Ufank), also "e scheint neit Joer" gouf da mat der Zait de "Gudde Rutsch!".
Rosch ha-Schanah fankt am Hierscht un, um Dagesenn vum 29. Dag vum jiddesche Mount Elul. D'Fest dauert zwein Deeg bis d'Dagesenn vum zweeten Dag vum Mount Tischri.
Rosch ha-Schanah gett 162 Deeg nom eischten Dag vum
Pessachfest
gefeiert. No dem aktuelle Gregorianesche Kalenner ka Rosch ha-Schanah net virun de 5. September falen, wei an de Joren 1899 an 2013. Nom Joer 2089 waerten d'Differenzen tescht dem jiddeschen an dem gregorianesche Kalenner sou sinn, datt Rosch ha-Schanah net virum 6. September leie kann. Rosch ha-Schanah kann net mei speit wei de 5. Oktober leien, wei zum Beispill am Joer 1967 an nees am Joer 2043. De jiddesche Kalenner ass sou opgebaut, datt den eischten Dag vu Rosch ha-Schanah ni op e Mettwoch, Freideg oder Sonndeg falt.
Des Lescht weist d'Deeg vum Rosch ha-Schanah fir dei nachst Joren. Rosch ha-Schanah fankt u bei Sonnenennergang vum Owend virun deem Dag, deen hei opgelescht ass:
Terminer vu Rosch ha-Schana
Joer
no jiddeschem Kalenner
|
Datum
no gregorianischem Kalenner
|
5777
|
3. Oktober 2016 (Mo)
|
5778
|
21. September 2017 (Do)
|
5779
|
10. September 2018 (Mo)
|
5780
|
30. September 2019 (Mo)
|
5781
|
19. September 2020 (Sa)
|
5782
|
7. September 2021 (Di)
|
5783
|
26. September 2022 (Mo)
|