한국   대만   중국   일본 
Rolltrap ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Rolltrap

Vu Wikipedia
Animatioun vu Rolltrapen, vun deenen eng erop an eng erof geet.

Eng Rolltrap oder Rulltrap ass eng Trap , bei dar d'Trappleken aus eenzelen Elementer bestinn, dei an enger Schinn wei eng Ketten uneneenhanken, an dei, duerch e Motor ugedriwwen, sech ronderem e Rad un all Enn dreinen, sou datt se sech, jee nodeem, no uewen oder enne beweegen.

Sou kenne Leit transporteiert ginn, ouni datt se selwer mussen trapop oder trapof goen. Um Ufank an um Enn vum Bord mam Buedem ass d'Rolltrap op ongefeier engem Meter horizontal, fir den Iwwergank op de feste Buedem mei liicht ze maachen.

Meeschtens hu Rolltrapen och en Handlaf, un deem ee sech upake kann, dee sech mat der selwechter Vitess wei d'Trappleke beweegt.

Rolltrape komme virun allem a Gebaier mat vill Publikumsverkeier zum Asaz, wou net ze vill Stack oder Heichtenennerscheeder z'iwwerwanne sinn (Wei z. B. Garen, Fluchhafen, Akafszentren, ...). Si si mei lues wei e Lift , kennen dofir awer mei Leit mateneen transporteieren.