De
Roger Leiner
, gebuer den
2. Februar
1955
zu
Wolz
a gestuerwen den
29. Dezember
2016
[1]
zu
Ettelbreck
, war e
letzebuergesche
Comicszeechner
, Illustrateur a
Karikaturist
.
No sengem
Lycee zu Dikrech
huet de Roger Leiner op der "Universite des Sciences Humaines" zu
Stroossbuerg
Arts plastiques studeiert. Vun 1979 bis 1986 war hie Staatsbeamten am
Wirtschaftsministere
. Duerno war hien haaptberufflech Zeechner a Karikaturist.
Ufanks vun den 1980er Joren huet hie fir d'Filmrubrik am
Tageblatt
gezeechent, an zanter dem Dezember 1982 huet en all Woch Karikature fir
d'Letzebuerger Land
[2]
gemoolt.
Vun
1987
bis
2014
huet hien zesumme mam
Lucien Czuga
de
Superjhemp
erausbruecht.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Superjhemp
.
Aner Wierker vun him a vum Lucien Czuga sinn:
- Jimmy (1992)
- De stolen A (1991)
- Deiererubrik I (1992)
- Deiererubrik II (1994)
- De Pechert 1 (1989)
- De Pechert 2 (1993)
- De Pechert 3 (Pechert Melba) (2002)
- natur & deieren (zesumme mam Butz Welter, 2008)
- Vum Siggy bis bei d'City (2015)
- Hot Cuisine (2016)
Ausserdeem huet de Roger Leinert eng Abberzuel vun Illustratioune fir Pechbiller, Buchcoveren, Schoulbicher, Plakater, Invitatiounen, Reklammen, asw. gezeechent,
Hie war bestuet a Papp vun drai Kanner.
- Revue
Nr. 12 vum 19. Maerz 2014, S. 18-23:
Poznenno! - 25 Jahre Superjhemp
(Interview mam Roger Leiner a
Lucien Czuga
)
- Zu
Conter
ass eng Strooss no him genannt (
Rue Roger Leiner
)
[3]
- ↑
"Ee vun de Pappe vum Superjhemp ass dout."
rtl.lu, Leschten Update: 29.12.2016, 20:01:52
- ↑
Das Land von A-Z
Archiveiert
de(n) 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2015-10-16.
- ↑
Conter Gemengerot benennt Strooss nom Roger Leiner
op rtl.lu, gekuckt den 10. Maerz 2017