Robert Stumper

Vu Wikipedia
Dese Biologiesartikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Robert Stumper
Gebuer 21. Januar 1895
Greiwemaacher
Gestuerwen 15. Abrell 1977
Letzebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Foussballspiller, Chimist
Famill
Papp Jean Pierre Stumper
Geschwester Oscar Stumper

De Nicolas Camille Robert (Bob) Stumper (ausgeschwat: Stumper [1] ), gebuer den 21. Januar 1895 zu Greiwemaacher a gestuerwen de 15. Abrell 1977 an der Stad Letzebuerg , [2] war e letzebuergesche Cheemiker , Zoolog an Naturwessenschaftler . De Stumper war Employe op der ARBED . Am Jugendalter war hien och als Foussballspiller bekannt.

Zweete Weltkrich [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Zweete Weltkrich ass de Robert Stumper vum 5. November 1941 bis den 10. Maerz 1942 [3] vun den Daitschen zu Hinzert interneiert ginn. [4]

1945 gouf hien an d' Assemblee consultative genannt. [5] , [6]

De Wessenschaftler [ anneren | Quelltext anneren ]

International gouf hie bekannt duerch seng wessenschaftlech Seechomesse -Fuerschungsaarbechten. No him gouf eng nei entdeckten Aart benannt: Epimyrma stumperi Kutter, 1950.

De Robert Stumper war vun 1933 u President vum Daachverband vun de Volleksbildungsverainer (Associations pour l'education populaire) zu Letzebuerg. Hie war President vum Comite d'action fir d' Monument zu Eiere vum Moler Joseph Kutter am Park an der Stad Letzebuerg am Joer 1969.

Vun 1963 bis 1975 war hie President vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques vum Institut grand-ducal .

De Foussballspiller [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei letzebuergesch Foussballnationalekipp 1913 zu Parais.
Uewe v.l.n.r. Jemmy Becker , Michel Ungeheuer , Eugene Becker , Henri Schwartz , Francois Lang , Victor Kauth , Jean Massard , Francois Krebs , en Offiziellen
Enne v.l.n.r. Josy Faber , Robert Stumper, Emile Thill , Ady Reckinger

De Robert Stumper war als Golkipp am Kader vun der Letzebuerger Foussball-Nationalekipp vun 1911 u bis 1916, a stoung den 20. Abrell 1913 am Lannermatch geint Frankraich am Gol. [7] , [8] , [9]

D'Famill [ anneren | Quelltext anneren ]

De Robert Stumper huet sech de 25. Mee 1926 mat der Marthe Anne Henriette Mersch bestuet. Si war de 14. Abrell 1901 gebuer; hir Eltere waren den Eugene Mersch an d'Marie Mullendorff. [10]

Gielercher an Eierungen [ anneren | Quelltext anneren ]

Den 19. September 1985 huet de Schafferot vun der Stad Letzebuerg decideiert, eng Strooss am Quartier Gaasperech nom Robert Stumper ze benennen. Des Rue Robert Stumper verbennt d' Rue Fr. W. Raiffeisen mat der Rue Emile Bian . [13]

Publikatiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Stumper, Robert, 1949. Gestapo-Terror in Luxemburg. Esch-sur-Alz.: Impr. H. Ney-Eicher. 40 p.
  • Stumper, Robert, 1951. Souvenirs d'Hinzert. In: Rappel, Organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et deportes politiques, 6 (6), S. 309-317.
  • Stumper, Robert, 1951. Hinzert. In. Livre d'or de la Resistance luxembourgeoise de 1940-1945 / ed. sous les auspices de la L.P.P.D. par Nicolas Bosseler et Raymond Steichen. H. Ney-Eicher, Esch-sur-Alzette, S. 47-51.
  • Stumper, Robert, 1951. Etudes myrmecologiques. X. La myrmecobiose (avec une figure). Bulletin de la Societe des naturalistes luxembourgeois 55: 31-43. [3]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Massard, J.A. , 1990. La Societe des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Societe des naturalistes luxembourgeois 91, S. 5-214 (Robert Stumper: S. 154-156). [4]
  • Weiss, Rene , 1979. Robert Stumper, 1895-1977. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques, N.S. 38(1977/1978), S. 15-25.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Am Gebuertsakt, deen op Daitsch verfaasst ass, steet deementspriechend och "Stumper" (Etat civil vu Greiwemaacher). De Stumper selwer huet dei franseisch Schreifweis (mat "u") benotzt.
  2. Quell: Doudesannonce am Luxemburger Wort 1977, Nr. 93 (22. Abrell), S. 13, an am Tageblatt 1977, Nr. 94 (23. Abrell), S. 29. De R. Weiss (1979) gett iertemlecherweis de 14. Abrell als Stierfdag un, dohier dee selwechte Feeler beim J.A. Massard (1990). Eng Randnotiz um Gebuertsakt vum Stumper confirmeiert de 15. Abrell an de Stierfuert Letzebuerg. An der Rubrik "Deces" vum Republicain Lorrain vum 17. Abrell 1977 (Nr. 91), S. 6, ass de Robert Stumper mat sengem eischte Virnumm als Nicolas Stumper ernimmt ginn.
  3. Rappel, Jg. 2, Nr. 11, Mee 1948, S. 806.
  4. Massard, J.A., 1990. La Societe des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Societe des naturalistes luxembourgeois 91, S. 46 an 155. [1]
  5. Als, Nicolas , Robert L. Philippart : La Chambre des Deputes, Histoire et Lieux de Travail , Chambre des Deputes du Grand-Duche de Luxembourg, 1994
  6. Arrete grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l'Assemblee consultative , publizeiert am Memorial Nr 12 vum 9. Maerz 1945, S. 91
  7. Friedrich, E. , 1970. Robert Stumper 75. In: Revue, 25(1970) (4), S. 28-31.
  8. De Match op der Websait vun der IFFH, mat Foto vum "Bob" Stumper
  9. Lescht vun de Lannermatcher vum Robert Stumper op eu-football.info
  10. Personnagen: Marthe Anne Henriette Mersch, 14. April. Letzebuerger Journal 2001, Nr. 72 /14./15. April), S. 31.
  11. Memorial A N°10 vun 1950 mat enger Lescht vu Leit dei am Ordre de la couronne de chene dekoreiert goufen
  12. Biographie vum Robert Stumper um Site luxemburgensia.bnl.lu ofgeruff de 25. Januar 2014
  13. Fanny Beck: Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad 79/2005, S. 32. [2]