De
Joseph Robert Gitzinger
, gebuer den
12. Abrell
1922
zu
Orscholz
, a gestuerwen de
17. Abrell
2018
[1]
war e letzebuergesche
[2]
Politiker (
DP
).
[3]
Den 13. November 1979 gouf de Robert Gitzinger eng eischte Keier als Deputeierten an der
Chamber
vereedegt, wei hien nom Doud vum
Charles Wagner
an d'Chamber nogereckelt ass.
[4]
Hien huet sai Mandat bis 1984 behal.
De Robert Gitzinger ass de 26. Januar 1988 nom Doud vum
Victor Braun
als Deputeierten an d'Chamber nogereckelt
[5]
. Bei de
Chamberwale vum 18. Juni 1989
gouf hien eremgewielt an huet sai Mandat bis 1994 erfellt.
De Robert Gitzinger war vun 1976 bis 1996 Member vum Gemengerot vun der
Stad Reimech
: vun 1976 bis 1981 als
Schaffen
, vun 1982 bis 1993 als
Conseiller
a vun 1994 bis 1996 als
Buergermeeschter
.
[6]
- ↑
"Den DP-Politiker Robert Gitzinger ass dout."
rtl.lu, 18.04.2018, 08:58:18.
- ↑
Lescht vun de Leit dei d'Letzebuerger Nationaliteit duerch Naturalisatioun kritt hunn am Tageblatt vum 6. September 1950
Archiveiert
de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-25.
- ↑
Erennerung un den 80ten Anniversaire vum Robert Gitzinger an der 39. Setzung vum Chamberjoer 2001 de 17. Abrell 2002
- ↑
Vereedegung vum Robert Gitzinger an der 7. Setzung vum Chamberjoer 1979 den 13. November 1979
- ↑
Vereedegung vum Robert Gitzinger an der 23. Setzung vum Chamberjoer 1987 de 26. Januar 1988
- ↑
Luxemburger Wort 2018-04-20, S. 56 (Doudesannonce vun der Stad Reimech)