De
Rene Putz
, gebuer de
7. Abrell
1940
zu
Walfer
, a gestuerwen den
30. Oktober
2002
an der
Stad
, war e
letzebuergesche
Schauspiller
.
De Rene Putz hat de Beruff vum Ustraicher geleiert, hie war awer speider Reesender fir eng Letzebuerger Faarwefabreck.
Mat 15 Joer stoung hie schonn zesumme mam
Marcel Jander
zu Hesper op der Bun. Seng Theatercarriere ass richteg am Joer
1974
beim
Letzebuerger Theater
ugaangen. Seng eischt Haaptroll hat hien am Steck
De Grengen
vum
Fons Kontz
. Ee vu senge groussen Erfolleger hat hien zesumme mam
Marc Faber
an der
Jonggesellekescht
vum
Alain Atten
.
An der
Revue vum "Letzebuerger Theater"
, dei all Joer opgefouert gett, war de Rene Putz an der Roll vum
Schnessert
jorelaang eng vun den Haaptfiguren.
Hien huet awer net emmer de Clown gespillt, hie konnt och an eeschte Rollen iwwerzeegen, sou am Steck
De Bretzert
vum
Norbert Weber
.
De Rene Putz war awer och um Letzebuerger Radio an op der Letzebuerger Televisioun aktiv. Hien huet och an enger ganzer Serie vu Reklammfilmer matgespillt. Donieft huet en och nach an e puer Filmer matgespillt.