E
Remix
ass e
Lidd
dat geannert oder komplett emgestallt gett fir datt et sech anescht unheiert wei d'Original. D'Heicht vum
Sanger
senger Stemm oder d'Vitess vum Lidd kann zum Beispill anneren. D'Konzept vum Remix gett et haaptsachlech an de Museksgenre
Pop
,
Dance
,
Hip-Hop
an
R&B
.
Et gett verschidde Grenn fir e Remix vun engem Lidd ze maachen. Sou kann een z. B. e Lidd remixe fir datt et um Radio oder an engem Club gespillt gett.
E Remix soll net mat de follgende "Mixe" verwiesselt ginn:
- en
Edit
, bei deem haaptsachlech just d'Langt vum Lidd geannert gett fir et bestemmte Kontexter unzepassen (z. B. eng mei kuerz Versioun fir de Radio);
- e
Cover
, deen eng Neiopnam vun engem Lidd vun engem oder mei anere Kenschtler ass (e Remix ass en neie Mix vun enger Originalversioun);
- en
DJ Mix
, an deem en
DJ
eng Rei Lidder matenee vermescht sou datt se wei ee laangt Musekssteck schengen;
- e
Mashup
, eng Aart
Collage
aus Lidder vun engem oder mei Kenschtler, bei dar d'Instrumentalspur(en) an d'Gesanksspur(e) mateene vermescht respektiv iwwerenee geluecht ginn.
Et kennt vir, datt e Remix kommerziell mei erfollegraich ass wei d'Originalversioun. E Beispill dofir ass dem
Todd Terry
sai Remix vu
Missing
vun
Everything but the Girl
Mett der 1990er Joren, dat Ufanks nach net vill Succes hat, ma nom Remix et bis op d'Nummer 1 an Daitschland, Danemark, Kanada an Italie bruecht huet.
Verschidde Kenschtler hu ganz Albume mat Remixversioune vun hire Lidder vereffentlecht. Mat em dei sechs Millioune verkaaften Exemplairen ass dem
Michael Jackson
sai
Blood on the Dance Floor: HIStory in the Mix
vun 1997 de meeschtverkaafte Remixalbum op der Welt.