Relativiteitstheorie

Vu Wikipedia

D' Relativiteitstheorie befaasst sech mat der Struktur vu Raum an Zait a mat der Gravitatioun . Se besteet aus zwou physikaleschen Theorien, dei den Albert Einstein opgestallt huet. An der 1905 vereffentlechter spezieller Relativiteitstheorie beschreift den Einstein datt d' Liichtvitess e konstante Waert huet, Raum an Zait hanken awer vum Point de vue vun zwei Spectateuren of, dei sech relativ zouenee beweegen an all d'Phenomeener dei heimat verbonne sinn. D'Zait ass also relativ a jiddwereen huet seng eegen.

Dei allgemeng Relativiteitstheorie ass am Joer 1916 vereffentlecht ginn. Den Einstein baut dei allgemeng Relativiteit op senge Resultater vun der spezieller Theorie op. Hie probeiert z'erklare wei d'Gravitatioun duerch eng Beiung vu Raum an Zait verursaacht gett. Hie grennt domat dei modern Kosmologie , d'Leier dei sech mam Ursprong an der Entwecklung vum Universum beschaftegt. Den 29. Mee 1919 konnt de britteschen Astronom Arthur Stanley Eddington bei enger Sonnendaischtert iwwer der westafrikanescher Kust dei Theorie bestategen.

D'Relativiteitstheorie huet eist Versteesdemech vu Raum an Zait revolutioneiert a Phenomeener opgedeckt, dei sech eiser Virstellungskraaft entzeien. Dei Phenomeener sinn awer mathematesch prezis beschriwwen an duerch Experimenter bestategt.

D'Relativiteitstheorie ass eng vun deen zwou Saile vun den Theorien vun der Physik . D'Vereenegung mat der Quantephysik (dei zweet Sail vun der Physik), ass nach emmer net gemaach ginn an ass eng vun deene greissten Erausfuerderunge vun der physikalescher Grondlagefuerschung . Dei zwou Theorien erklaren nach emmer hire Virganger, dem Newton seng Physik, an erfellen domat d' Korrespondenzprinzip .

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Relativiteitstheorie ? Biller, Videoen oder Audiodateien