한국   대만   중국   일본 
Regionalexpress ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Regionalexpress

Vu Wikipedia

Als Regionalexpress , oder kuerz RE bezeechent een zu Letzebuerg an am daitschsproochege Raum eng Kategorie vun Zich dei tescht de Regioune vun engem Reseau zirkuleieren. Regionalexpressen halen net sou dacks stall wei Regionalbunnen an hu mei eng heich Duerchschnettsvitess.

Baussent vu Letzebuerg ennerscheet sech de Regionalexpress och nach vun der Regionalbunn duerch e besseren Confort a mei deier Praisser.

Regionalexpressen zu Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Letzebuerg ennerscheede sech Regionalexpresser vun de Regionalbunnen eleng duerch d'Zuel vun Halten. Soubal en Zuch op sengem Parcours och nemmen eng meiglech Halt net ufiert, schwatzt ee vun engem Regionalexpress. A Punkto Material gett et keen Ennerscheed tescht Regionalbunnen a Regionalexpressen, well se allebeid Deel vum selwechte Roulement beim CFL sinn.

Praislech besteet keng Differenz bei deenen zwou Kategorien, well se allebeid an den Noverkeiersberaich falen a keen RE e Lafwee vu mei wei 2 Stonnen huet.

Ausser op de Verbindungen iwwer d'Grenz eraus, a Richtung Arel , Nanzeg an Treier fueren um Weekend zu Letzebuerg keng Regionalexpressen.

Regionalbunnen an der Belsch [ anneren | Quelltext anneren ]

D' SNCB kennt d'Kategorie vum Regionalexpress net, ma si assureiert dar Zich enner der Bezeechnung L Zuch . Eng kloer Ofgrenzung zur Regionalbunn besteet net, wat enner anerem un de laange Lafweeer vun den L-Zich lait, dei ganz ennerschiddlech Haltfrequenze kennen hunn.

Als eenzeg Ausnam kann een do d'Regionalexpressen ernimmen dei vun der SNCB op der CFL-Linn 5 tescht Arel a Letzebuerg gefuer ginn.

Regionalexpressen an Daitschland [ anneren | Quelltext anneren ]

Eng Maschinn vun der Serie 101 mat um Krop engem Munchen-Nurnberg-Express

An Daitschland ass de Regionalexpress mei wait verbreet wei an anere Lanner, well den Op- an Ausbau vun engem InterCityreseau fir Vitessen iwwer 160 km/h am Oste vun Daitschland, weinst dem schlechten Zoustand vun de Gleisanlagen, bis haut undauert. Doweinst komme Regionalexpresse mat Hechstvitessen enner 160 km/h an den Asaz, dei deelweis Lafweeer vun iwwer 400 Kilometer hunn. D'Material fir d'Regionalexpressen ass an der Reegel mei modern a fir mei heich Vitessen ausgeluecht wei dat bei de Regionalbunnen de Fall ass.

D'Wuert RegionalExpress ass an der besonnescher Schreifweis eng Mark vun der DB , dei nemme fir hir Zich benotzt gett. Dat ass sou wait intressant, well am Kader vun der Privatiseierung vum Schinneverkeier an den 90er Jore vill Regionalexpresser vun der freierer Daitscher Bundesbahn u regional Betriber iwwergaange sinn an haut enner eegenen Nimm fueren.

Beispiller:

  • Vogtland-Express
  • Harz-Berlin-Express
  • Lausitz-Express

Op der Heichvitessstreck Munchen - Nurnberg fueren och Regionalexpresse mat enger Vitess vu bis zu 200 km/h.

Regionalexpressen a Frankraich [ anneren | Quelltext anneren ]

Corail - Steierwon um Kapp vun engem TER200-Regionalexpress mat Destinatioun Basel

Regionalexpresse gi bei der SNCF an der Spart vum TER gefuer a sinn doweinst an der Kompetenz vun de jeeweilege Regiounen.

Bei der TER Alsace gett et Regionalexpresse mat enger Hechstvitess vun 200 km/h.