D'
Regierung Bettel-Schneider
war vum 4. Dezember 2013 bis de 5. Dezember 2018 eng Koalitiounsregierung aus
DP
,
LSAP
an
dei greng
, dei aus de virgezunnene
Chamberwale vum 20. Oktober 2013
zu
Letzebuerg
ervirgaangen ass. Si war baseiert um
Koalitiounsaccord
[1]
tescht desen drai Parteien, dee vun allen drai den 3. Dezember 2013 guttgeheescht gouf.
[2]
De
4. Dezember
2013
gouf se vereedegt.
[3]
Regierungschef war den
Xavier Bettel
, Vizepremier den
Etienne Schneider
.
Et war zanter der
Regierung Thorn-Vouel-Berg
, 1974-1979, dei eischt Regierung ouni eng Bedeelegung vun der
CSV
. Et war och dei eischt Regierung, un dar Dei Greng bedeelegt sinn.
Weinst de Faarwe
Rout
,
Blo
a
Greng
, dei d'Parteie symboliseieren, an aus Analogie zu deenen am
Fandel vu Gambia
, krut si de Spetznumm
Gambia-Koalitioun
.
Si bestoung aus 15 Ministeren an 3 Staatssekretaren.
Den 28. Maerz 2014 huet de
Marc Hansen
de Staatssekretar
Andre Bauler
ersat.
[4]
Den 18. Dezember 2015 huet de Premier Xavier Bettel de Ressort Kultur vun der
Maggy Nagel
iwwerholl, dei hiert Amt opginn hat, woubai de
Guy Arendt
neie Staatssekretar dofir gouf. De Marc Hansen sengersaits gouf vum Staatssekretar zum Minister fir de Logement, amplaz vun der Maggy Nagel, ernannt, souwei zousatzlech zum Delegeierte Minister fir Educatioun a Fuerschung.
[5]
Den 20. Juni 2018 gouf de
Claude Turmes
Staatssekretar fir Nohalteg Entwecklung an Emwelt amplaz vum
Camille Gira
, dee stenterlech gestuerwe war.
[6]
(Stand: 20. Juni 2018)
- Xavier Bettel
(DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus an (zanter dem 18.12.2015) Minister fir Kultur;
- Etienne Schneider
(LSAP): Vizepremierminister; Aussenhandels- a Wirtschaftsminister; Minister fir Mettelstand an Tourismus; Minister vun der Force publique;
- Felix Braz
(Dei Greng), Justizminister;
- Jean Asselborn
(LSAP): Ausseminister, Minister fir Immigratioun an Asyl;
- Pierre Gramegna
: Finanzminister, Minister fir den Tresor an de Budget;
- Dan Kersch
(LSAP): Inneminister, Minister fir d'Fonction publique;
- Nicolas Schmit
(LSAP): Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft;
- Francois Bausch
(Dei greng): Minister fir nohalteg Entwecklung, Transport, effentlech Aarbechten an Infrastruktur;
- Claude Meisch
(DP): Minister fir Erzeiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Heichschoulen a Beruffsausbildung;
- Fernand Etgen
(DP): Minister fir Landwirtschaft, Waibau a Landlech Entwecklung; Minister fir d'Relatioune mam Parlament a fir Verbraucherschutz;
- Corinne Cahen
(DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
- Romain Schneider
(LSAP): Minister fir Sport, humanitar Hellef a Sozialversecherung;
- Lydia Mutsch
(LSAP): Ministesch fir Gesondheet a fir Chanceglaichheet;
- Carole Dieschbourg
(Dei Greng): Ministesch fir Emwelt, Waasserwirtschaft a Landesplanung;
- Marc Hansen
(DP), Minister fir de Logement an Delegeierte Minister fir Erzeiung a Fuerschung (zanter dem 18.12.2015)
[7]
;
- Francine Closener
(LSAP), Staatssekretarin fir Wirtschaft a Force publique;
- Claude Turmes
(Dei Greng), Staatssekretar fir Nohalteg Entwecklung an Emwelt (zanter dem 20. Juni 2018, amplaz vum verstuerwene
Camille Gira
);
- Guy Arendt
(DP), Staatssekretar fir Kultur (zanter dem 18.12.2015).
- ↑
Service Information et Presse, Accord de coalition
vereffentlecht den 2. Dezember 2013
- ↑
"Blo, Rout a Greng: Ganz grouss Zoustemmung!"
RTL.lu - 03.12.2013, 18:18 | Fir d'lescht aktualiseiert: 03.12.2013, 23:01
- ↑
Zu der Bildung vun der neier Regierung:
"La formation du Gouvernement 2013"
op gouvernement.lu.
- ↑
"Wiessel an der Regierung: Andre Bauler raus, Marc Hansen ran."
rtl.lu, 19.03.2014, 15:24:04.
- ↑
"Regierungsembildung: Bettel Kultur, Arendt do Staatssekretar, Hansen Logement."
rtl.lu, 16.12.2015, 13:54:56.
- ↑
"De Claude Turmes gouf als neie Regierungsmember vereedegt."
rtl.lu, Update: 20.06.2018, 10:20:30.
- ↑
Hie war virdrun zenter dem 28. Maerz 2014 Staatssekretar fir Erzeiung a Fuerschung, eng Fonctioun, an dar en den
Andre Bauler
ersat hat)