Reeboufandel

Vu Wikipedia
Eng Zort Reeboufandel

E Reeboufandel ass e Fandel an de Faarwe vum Reebou . Och wann d' Faarwen net genee identesch sinn, baseiere sech dei meescht Reeboufandelen op dei traditionell siwe Faarwe vum Reebou: Rout , Orange , Giel , Greng , Blo , Indigo a Mof . Et gett och Ofwaichunge vun deem Spektrum an heiansdo gett Indigo duerch Cyan ersat.

De Reeboufandel huet eng laang Traditioun a ville Kulture ronderem d'Welt a gellt als Zeeche vun Toleranz, Diversiteit, Hoffnung a Verlaangeren. Hautdesdaags si verschidden onofhangeg Reeboufandelen am Gebrauch. Ee bekannten ass de Fandel vun der LGBT -Beweegung, a besonnesch an Italien ass de Friddensfandel ( Peace flag ) popular. Och vun der International Co-operative Alliance , enger onofhangeger Organisatioun, dei weltwait Genossenschafte vertrett a vereenegt, gett de Reeboufandel benotzt. An den Anden gett e vu Leit benotzt, dei sech als Nokomme vun den Inka gesinn.

Friddensbeweegung [ anneren | Quelltext anneren ]

De Friddensfandel gouf am Maerz 1961 fir d'eischt Keier bei engem Friddensmarsch an Italie benotzt. Op him steet dat italieenescht Wuert fir Fridden, PACE . En huet no der amerikanescher Militarinterventioun am Irak erem nei u Beleiftheet gewonnen.

Internationaalt Genossenschaftsbendnes [ anneren | Quelltext anneren ]

E Reeboufandel a siwe Faarwe gett vun der International Co-operative Alliance zanter 1921 benotzt. Fir Verwiesslunge mat den anere Reeboufandelen z'eviteieren, ass zanter 2001 en neie Logo am Gebrauch, deen en Deel vun engem Reebou a sechs Faarwe weist, a bei deem dei siwent Faarf (Mof) am Schreftzuch ass.

LGBT-Beweegung [ anneren | Quelltext anneren ]

Zanter den 1970er gett de Reeboufandel als Symbol vun der LGBT-Beweegung benotzt. E gouf 1978 vum Gilbert Baker entworf an hat am Ufank aacht Faarwen. Den aktuelle Fandel huet sechs Faarwen: Rout, Orange, Giel, Greng, Blo a Mof.

Representatioune vu Reeboufandelen [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Reeboufandelen ? Biller, Videoen oder Audiodateien