한국   대만   중국   일본 
rechtleefeg a reckleefeg ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

rechtleefeg a reckleefeg

Vu Wikipedia

Als rechtleefeg oder prograd ( lat. pro = vir, vijenzeg, gradus = Schrett) bezeechent een an der Astronomie Objeten, dei an engem System dat roteiert der Haaptrotatiounsrichtung noginn. Objeten, dei den anere Wee roteieren, bezeechent een als reckleefeg oder retrograd (lat. retro = zereck, hannerzeg).

D'Bezeechnunge gi fir emlafend Staresystemer , Planeiten , Asteroiden a Komeite gebraucht, wei och fir hir Mounden . En Objet mat retrogradem Orbit kennzeechent een duerch eng Bunnschrei > 90° zu sengem Zentralkierper, en Objet mat retrograder Rotatioun duerch eng Achsschrei > 90° zu senger Emlafbunn.

Bedeitung am Sonnesystem [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Sonnesystem gelle sou Objeten als rechtleefeg, dei aus Richtung vum Nordpol vun der Ekliptik gesinn, geint den Auerzaresenn roteiere resp. hiren Zentralkierper emlafen.

Als Folleg vun der Gebuert vum Sonnesystem beweege sech all d'Planeiten, de Pluto an d' Haaptasteroidenceinture op engem rechtleefegen Orbit. D'Rotatioun vun de meeschte greissere Kierper vum Sonnesystem ass och rechtleefeg.

E puer bekannt reckleefeg Himmelskierper [ anneren | Quelltext anneren ]

Retrograden Orbit [ anneren | Quelltext anneren ]

Retrograd Rotatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Venus , Achsschrei: 177°
  • Uranus , Achsschrei: 98°
    Greisste retrograden Objet am Sonnesystem, deem sai reckleefege Charakter awer weinst der bal rechtwenkleger Achsschrei kaum z'erkennen ass.
  • Pluto , Achsschrei: 123°

Visuell rechtleefeg a reckleefeg Beweegung [ anneren | Quelltext anneren ]

Objete vum Sonnesystem ginn als rechtleefeg bezeechent, wann hiren Emlaf nieft der Ekliptik ass, also aus der Richtung vum nerdlechen Ekliptikpol gesinn, geint den Auerzaresenn verleeft, an als reckleefeg bei engem Emlaf am Auerzaresenn. Well hir Emlafzaiten entspriechend dem drette Gesetz vum Kepler verschidde vun der Emlafzait vun der Aerd sinn, kennt et warend den Iwwerhuelvirgang zum Wiessel vum visuellen Emlafsenn (deem op der Aerd bezunnenen Uertsvektor), zum Beispill dei charakteristesch Planeiteschleefe bei der Oppositioun vun de baussenzege Planeiten. D'Erklarung vun deene Wiessele war wichteg fir d'Entwecklung vum geozentreschen a vum heliozentresche Weltbild. (→  Epizykeltheorie )

Beweegung vum bannenzege laanscht de baussenzegen Himmelskierper, Siicht op d'System
T1?5: Punkte vun der bannenzeger Bunn
P1?5: glaichzaiteg Punkte vun der baussenzeger Bunn
A1?5: Projektioun op d'visuellt Firmament
D'Zaitpunkte leien am Beraich vun der hallwer Emlafdauer vum bannenzege Kierper.
Virstellung als Himmelsubleck , topozentresche Standpunkt, starefest Ofbildung:
Beweegung vum Himmelskierper als ? Wandelstar “ geint d'Fixstaren: Well de Starenhimmel am Laf vun der Nuecht no Westen zitt (hei riets), erschengt d'Beweegung vum Himmelskierper dogeint reckleefeg (no lenks).
Dei queesch Beweegung an der Schleef kennt doduerch, well d' Bunnflachen am Allgemengen net exakt d'selwecht sinn: Doduerch verannert sech och dei drett Koordinat vun de Punkten.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]