Space Shuttle Start
De Begreff
Raumfaart
bezeechent Reesen oder Transporter an oder duerch de
Weltraum
. Den Iwwergang tescht Aerd a Weltraum ass fleissend a gouf duerch d'
FAI
op eng Grenzheicht vun 100 Kilometer festgeluecht. Ee Raumgefier muss zousatzlech och nach d'
Kosmesch Vitess
vu ronn 7,9 km/s erreechen, fir een Aerdsatellit ze ginn.
Et ennerscheet een tescht:
- bemannter Raumfaart
, bai dar Menschen eng Rees an de Weltraum maachen. Dat si bis lo d'Natioune
Russland
, d'
USA
an d'
Volleksrepublik China
amstand ze maachen.
- onbemannter Raumfaart
, betrefft den Transport an de Betrib vu
Satellitten
a
Sonden
an de Weltraum. Um Stand Juni 2014 brengen 11 Lanner an d'
ESA
onbemannt Starte mat eegenen
Drorakeite
faerdeg.
- 0
3. Oktober
1942
: Eng
A4
-Rakeit (och als V2 bekannt) ass den eischten Objet dee vu Mensche gebaut gouf, deen d'Grenz zum Weltraum duerchsteisst (85 km). Aner V2-Rakeite solle kuerz Zait duerno Heichte bis 120 km geflu sinn. D'Amerikaner erreechen 1946 mat der Hellef vun den Daitsche souguer eng Heicht vun 187 km.
- 0
4. Oktober
1957
:
Sputnik 1
(
Sowjetunioun
), den eischte gebaute
Satellit
.
- 0
3. November
1957:
Sputnik 2
(Sowjetunioun), huet mat dem Hond
Laika
dat eischt Liewewiesen an de Raum geschoss.
- 19. August
1960
: Sputnik 5 (Sowjetunioun), fir d'eischt landen zwee Liewewiesen (D'Henn Strelka a Belka) no engem Raumfluch secher op der Aerd.
- 12. Abrell
1961
:
Wostok 1
(Sowjetunioun), de
Juri Alexejewitsch Gagarin
flitt als eischte Mensch an de Weltraum.
- 11. August
/
12. August
1962
:
Wostok 3
a
Wostok 4
, d'
Kosmonauten
Andrijan Nikolajew
an
Pawel Popowitsch
(Sowjetunioun) starten zum eischten
Weltraumrendez-vous
. Fir d'eischt sinn zwei Menschen am Weltraum. Dei zwee Raumscheffer kommen sech bis op 5 km erun.
- 16. Juni
1963
:
Wostok 6
, d'
Walentina Wladimirowna Tereschkowa
flitt als eischt Fra an de Weltraum. Rendez-vous mam
Waleri Bykowski
(
Wostok 5
). Beid Raumscheffer kommen u sech bis op 5 km. erun.
- 12. Oktober
1964
:
Woschod 1
Dat eischt meisetzescht Raumscheff ass am Raum. D'Equipe:
Wladimir Komarow
,
Boris Jegorow
an
Konstantin Feoktistow
(Sowjetunioun). De Feoktistow a Jegorow sinn dei eischt Wessenschaftler am Raum.
- 18. Maerz
1965
:
Woschod 2
, Den eischte Mensch
Alexei Leonow
verleisst d'Raumscheff a schwieft frai am Weltraum. De Kommandant ass den
Pawel Beljajew
(Sowjetunion)
- 21. Dezember
1968
:
Apollo 8
, eischt bemannt Moundemkreesung.
Frank Borman
als Kommandant.
James Lovell
,
William Anders
(
USA
)
- 16. Juli
1969
:
Apollo 11
, Start zur eischter
Moundlandung
. Den
Astronaut
Neil Armstrong
betrett den
20. Juli
1969 als eischte Mensch de Mound, hannendrun den
Edwin Aldrin
. De
Michael Collins
(USA) flitt d'Apollo-Mammescheff (Reckkeierkapsel).
- 15. Dezember
1970
:
Venera 7
. Eischt mell Landung op engem anere
Planeit
, der
Venus
. (Sowjetunioun)
- 24. Dezember
1979
: Eischte Fluch vun der europaescher Drorakeit
Ariane 1
.
- 12. Abrell
1981
: De
Space Shuttle
Columbia
start zu sengem eischte Fluch. Et ass dat eischt deelweis nees gebrauchbart Raumtransportsystem.
- 19. Februar
1986
: De Basisblock vun der
Raumstatioun Mir
gett an de Raum geschoss.
- 20. November
1998
: Mat dem Start vum russesche
Sarja
-Modul fankt den Opbau vun der
Internationaler Raumstatioun ISS
? dat bis elo greisste Projet an der Raumfaart, un.
- 15. Oktober
2003
: De
Yang Liwei
start als eischte Chinees mat der Missioun
Shenzhou 5
an de Weltraum.
- 24. Oktober
2007
: China start seng eischt Aerdmoundsond
Chang'e-1
.
- 22. Oktober
2008
: Indie start mat
Chandrayaan-1
seng eischt Aerdmoundmissioun.