한국   대만   중국   일본 
Putty Stein ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Putty Stein

Vu Wikipedia
Putty Stein
Gebuer 16. Abrell 1888
Gestuerwen 23. Dezember 1955
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Schreftsteller

De Pierre Ernest Theodore Stein , genannt Putty Stein (nom Zweete Weltkrich Poutty ), gebuer de 16. Abrell 1888 zu Bierg an der Gemeng Bierg (zanter 1991 Colmer-Bierg ), a gestuerwen den 23. Dezember 1955 an der Stad Letzebuerg , war e letzebuergesche Schreftsteller, Kabarettist a Chansonnier. Hie gouf duerch seng Gedichter a Lidder op Letzebuergesch bekannt, dei hien, wei den Auguste Liesch , an enger zolitter Sprooch geschriwwen huet.

Bekannt Interprete vum Putty Stein senge Wierker waren den Auguste Donnen , de Pierre-Toussaint Stefani , genannt Litty, de Leon Moulin an den Hary Haagen [1] .

Sai Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Gebuertsschai vum Putty Stein
De Putty Stein an de Guido Oppenheim examineieren eng ausgestallte Guillotine .

De Putty Stein hat no senger Premiere am Kolleisch e Studium als Forstingenieur zu Munchen gemaach, hat awer keen Ofschlossdiplom an huet vun 1912 un eng Zait an enger enneschter Carriere op der Forstverwaltung geschafft. 1920 ass hie bei d' ARBED gewiesselt a war do Attache de direction . 1953 gouf en aus gesondheetleche Grenn pensioneiert.

Sai Wierk [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Dem Poutty Stein seng bescht Liddercher. Als Manuskript gedreckt , Texter goufen zesummegestallt vum "Peiter Faber", 1. Oplo 1959, 1973 koum eng nei Editioun eraus. Den Titel vun deem Bichelchen ass net einfach ze defineieren: Um Reck vum Buch steet: "Poutty Stein - Seng bescht Liddercher" ; um Titelbild "dem Poutty Stein seng bescht Liddercher".

En Deel vum Putty Stein sengem literareschen Archiv gett am Nationale Literaturzentrum zu Miersch versuergt [1] .

  • Emmer owes, wann et stell get op d'Weis vun An der Donau wenn der Wein bluht , 1943
  • Nationalmarsch , mam Refrain:
    • "Du meng Heemecht, Letzebureg,
    • Staark am Soff, mee soss net ureg
    • Huewermiel get Huewerpangkuch
    • ..."
  • D'Hamster kommen , op d'Weis vun Monsieur Trottin
  • D'Fescher an d'Jeer , (1939) (gesammelt fir den Saint-Hubert-Club)
  • Vu Cuba erem
  • De Bumski an ech

Nom Putty Stein benannt [ anneren | Quelltext anneren ]

Eng Strooss rue Poutty Stein :

Monument Putty Stein [ anneren | Quelltext anneren ]

1996 gouf zu Colmer-Bierg am Park e Monument, dat vum Georges Baden geschaaft gouf, zu Eiere vum Putty Stein ageweit.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Guy Schons : Putty Stein 1888-1955 und die populare Musik seiner Zeit Band 1, 2,3., Eegeverlag Guy Schons, 1996-1999. ISBN 2-9599911-0-9 (Bd. 1), ISBN 2-9599911-9-2 (Bd. 2), ISBN 2-9599911-3-3 (Bd. 3). Eng groussaarteg rechercheiert a presenteiert Biographie, dei en ausfeierleche bleck op de Putty Stein a senger Zait bitt.
  • Jules Mersch : Les Hastert du Grund an der Biographie Nationale, fascicule 1962 XI, S. 25 ff. (Biographesch Eenzelheeten iwwer de Poutty Stein)
  • Fernand Hoffmann : Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung. (1964 a 1967) , Dreckerei Bourg-Bourger, (Zwei Bann)
  • Rob Zeimet: Ein literarisches Original - Satiriker, Gesellschaftskritiker, Moralist: Putty Stein vor 60 Jahren verstorben an Die Warte vum 3. Dezember 2015, S. 2-3

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Putty Stein ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 Rob Zeimet, 2015