Topographesch Kaart vum Punjab
De Punjab mat de Grenze vun haut
De
Punjab
och
Panj?b
oder
Panj-?b
ass eng geopolitesch, kulturell an historesch Geigend am Norde vum
Indesche Subkontinent
a Sudasien.
Historesch war et, am 19. an 20. Joerhonnert, den Numm vun enger freierer Provenz a
Brittesch-Indien
. 1947 gouf et tescht den ewell onofhangege Staate
Pakistan
(
Provenz Punjab
) an
Indien
(
Bundesstaat Punjab
) opgedeelt, wat zu grousse Migratiounsstreim a
biergerkrichsanleche
Situatioune gefouert huet, wei
Hinduen
a
Sikh
vum Westpunjab an den Osten, a
Muslimen
vum Ostpunjab an de Westen hu misse goen.
Geographesch ass mat Punjab dee Flossdall gemengt, dee kailfermeg no Sudwesten hi mei enk gett, a vum
Indus
a senge fennef Niewefless
Jhelam
,
Chanab
,
Ravi
,
Beas
a
Satluj
markeiert ass. Den Numm "Punjab" setzt sech zesummen aus
Farsi
??? (pandsch) "fennef" an ?? (ab) "Waasser", a bezitt sech op dei fennef Fless.
Am Weste gett de Punjab vun de
Suleimanbierger
op der Grenz zum
Afghanistan
ofgegrenzt, am Norde steisst en un d'
Salt Range
an un den
Himalaya
, no Suden un d'
Thar-Wust
an am Oste geet e bis un d'
Waasserscheed
zum
Ganges-Deifland
.
De Buedem besteet haaptsachlech aus ganz fruchtbare
quartare
Schwemmfacheren
, dei 10 bis 15 m iwwer der Dallsuel leien. Duerch Bewasserungssystemer, mat Hellef vu Staudamm a Kanal, kann d'ganz Joer duerch ugebaut a rekolteiert ginn.
Am Pakistan ass de Punjab dei Provenz mat bei waitem der greisster Populatioun, den indesche Punjab ass haut en industriellen Zentrum an ee vun de raichste Bundesstaaten.
Ethnolinguistesch sinn d'
Punjabi
dei greisst Bevelkerungsgrupp, si schwatzen d'
Punjabisprooch
.