Pula
ass eng
kroatesch
Uertschaft dei op der sudlecher Spetzt vun der Hallefinsel
Istrien
un d'Mettelmier steisst an op eng draidausendjareg Geschicht zereckblecke kann.
Mat 70 % stellen d'Kroaten dei grouss Majoriteit vun der Bevelkerung duer. Ongefeier 30 % machen dei ethnesch Minoriteiten aus, vun deene ronn 13 % Serben, an 11,5 % Italieener sinn. Dobai kommen d'Sloweenen, d'Bosnier, d'Albaner, d'Ungaren, dei Daitsch, d'
Sintien
an d'
Romaen
. Dei jiddesch Gemeng huet haut nemme mei 30 bis 50 Memberen.
Enner dem Keeser
Augustus
gouf den
Amphitheater
gebaut. Hien ass haut ee vun den Haaptunzeiungspunkte vun der Stad.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Amphitheater vu Pula
.
Nieft dem Amphitheater gett et nach aus der Zait vum Augustus de
Roum-an-Augustus-Tempel
, dei deelweis nach erhale Stadmauer mat hire Paarten an d'Iwwerreschter vun zwein Theateren.
Beim Zerfall vum westreimesche Raich am
5. Joerhonnert
hunn d'
Ostgoten
d'Herrschaft iwwer Pula iwwerholl. De Keeser Justinian huet Pula am 6. Joerhonnert fir d'Ostreimescht Raich eruewert; d'Stad gouf zum Flottestutzpunkt vun de Byzantiner ausgebaut. An der zweeter Hallschent vum
6. Joerhonnert
sinn d'Slawen no Istrien virgedrongen, awer d'Kustenstied vun Istrien, dorenner och Pula, konnte se net anhuelen. Warend d'eistraischescht Hannerland zanter dem Enn vum
8. Joerhonnert
en Deel vum Frankeraich a speider vum Reimesch-Daitsche Raich war, huet Pula nominell zum byzantinische Raich geheiert, war awer praktesch onofhangeg.
Nom Zerfall vun der byzantinescher Muecht huet Pula sech no neien Allieierte missen emkucken.
Venedeg
(
Republik Venedeg
) huet d'Plaz vum byzantinesche Keeser um Enn vum
11. Joerhonnert
iwwerholl, a Pula huet
1150
mat der Lagunestad en Traite ofgeschloss, durch dee sech d'Stad mei oder weineger der Herrschaft vun de Venezianer ennerworf huet. Vun do un huet Pula misse mathellefen, d'Keess vu Venedeg ze fellen an huet sech um Bau an un der Ausstaffeierung vu
Galeie
fir dei venezianesch Flott misse bedeelegen. Pula war och gezwongen Truppe bereetzestellen, wann d'Markusrepublik Krich gefouert huet. Mei speit koum zousatzlech en Adlege vu Venedeg un d'Spetz vun der Stadverwaltung vu Pula.
Bis zum Enn vun der Republik Venedeg am Joer
1797
blouf Pula een Deel vun dar politescher Konstellatioun. Duerno gouf et zum Keeserraich Eistraich geschloen.
An der Zait vun
Eistraich-Ungarn
war d'Stad de
Marinnenhafe
vun der Monarchie. Ausser den U-Booter vun der Eistraichescher Marinn waren och daitsch U-Booter do stationeiert.
No dem
Eischte Weltkrich
gouf Pula vun italieeneschen Truppe besat a gouf duerch d'Friddensvertrag, sou wei ganz
Istrien
zu
Italie
geschloen.
Um Enn vum
Zweete Weltkich
gouf d'Stad am Mee 1945 vu jugoslaweschen Truppe besat, an zesumme mat Istrien an d'jugoslawesch Deelrepublik Kroatien incorporeiert, eng Situatioun, dei am Friddensvertrag vun
1947
confirmeiert gouf. E groussen Deel vun der Populatioun dei Italieenesch geschwat huet, huet dorop d'Stad a Richtung Italie verlooss. Zesumme mat ganz Kroatie war Pula bis
1991
en Deel vu
Jugoslawien
.
-
Duebel Paart
-
Augustustempel 1
-
Amphitheater
-
Amphitheater
-
Amphitheater (vu bannen)
-
Amphitheater (vu bannen)
-
Amphitheater (nuets)
-
D'Arena
-
D'Arena (vu bannen)
-
D'Kolonnen
-
Amphitheater Boulevard