D'
Provenz Chimborazo
(
sp.
:
Provincia de Chimborazo
) ass eng Provenz am
Ecuador
. Op enger Flach vu ronn 5.600 km² liewen eng 430.000 Awunner. Hir Haaptstad ass
Riobamba
. D'Provenz lait an den zentralen
Anden
vun Ecuador a gouf nom 6.310 Meter heije
Vulkan
Chimborazo
genannt.
D'Provenz Chimborazo grenzt am Norden un d'
Provenz Tungurahua
, am Osten un d'
Provenz Morona Santiago
, am Suden un d'
Provenz Canar
an am Osten un d'Provenze
Guayas
a
Bolivar
. Nieft dem Chimborazo leien och d'Vulkaner
El Altar
,
Cubillin
an Deeler vum Sangay resp. dem
Sangay-Nationalpark
an der Provenz Chimborazo. Donieft geheiert och de Colta-Sei (
Laguna de Colta
) zum Natur-Patrimoine vun der Provenz.
D'
Panamericana
geet queesch duerch d'Provenz a spleckt sech bei bei Cajabamba an zwein Traceen, een iwwer d'Heichland an ee laanscht d'Kust, dei allen zwein op
Peru
ginn.
Chimborazo ass dei Provenz an Equador mam hechste Prozentsaz un indigener Bevelkerung, virun allem vu
Quichuas
.
D'Provenz Chimborazo ass an 10 Kantonen agedeelt:
- Riobamba (Haaptstad:
Riobamba
)
- Alausi (Haaptstad:
Alausi
)
- Guano (Haaptstad:
Guano
)
- Colta (Haaptstad:
Villa La Union
, besser bekannt als
Cajabamba
)
- Guamote (Haaptstad:
Guamote
)
- Chunchi (Haaptstad:
Chunchi
)
- Penipe (Haaptstad: Penipe)
- Pallatanga (Haaptstad: Pallatanga)
- Chambo (Haaptstad: Chambo)
- Cumanda (Haaptstad: Cumanda)