De
Pol Belardi
, gebuer de
24. Abrell
1989
zu
Esch/Uelzecht
, ass e polyvalente
letzebuergeschen
Jazzmuseker
,
Bassist
, Kontrabassist,
Vibrafonist
,
Pianist
,
Batteur
a
Perkussionist
. A senger Jugend huet hie Musek vu
Videospiller
transkribeiert an nei arrangeiert.
De Pol belardi huet sai Secondaire am
Lycee Hubert-Clement
zu Esch/Uelzecht (2001-2005) an am
Stater Kolleisch
(2005-2008) gemaach.
Seng musekalesch Ausbildung heizuland krut hien um
Escher Conservatoire
(Solfege, Percussioun, Jazzpiano, Kammermusek, Schlogezei, Piano, Kontrabass, Harmonie) an um
Stater Conservatoire
(Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar). Seng universitar Ausbildung absolveiert hie vun 2008-2011 um
Conservatoire royal de Bruxelles
(Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar) a vun 2011-2014 um
Conservatorium van Amsterdam
(Jazz-Bass-Gittar), wou hien 2014 sai Master of Music mat "cum laude" ofgeschloss huet.
Hien huet Formatiounen a Masterclasses bei enger Rei vu bekannte Museker suiveiert, e. a.: Simone Rebello, Jean Geoffroy, Mike Mainieri, Andy Sheppard, Matthew Garrison, Reggie Washington, Kai Eckhardt,Vijay Iyer, Dominique diPiazza an Dick Oatts.
De Pol Belardi enseigneiert Bass-Gittar, Jazzpiano, Jazztheorie, Solfege, Percussioun a verschiddene Museksschoulen zu Letzebuerg (
Deifferdenger
,
Iechternacher
a
Peitenger Museksschoulen
) an am
Lycee technique d'Esch-sur-Alzette
.
De Pol Belardi ass a follgende Lanner opgetrueden (Stand 2018): Letzebuerg,
Belsch
,
Frankraich
,
Daitschland
,
Holland
,
Slowakei
,
Polen
,
Italien
,
Portugal
,
Schwaiz
,
Griicheland
,
Zypern
,
Tierkei
,
Danemark
,
USA
,
Kanada
,
China
,
Korea
,
Japan
an
Indien
.
Hien animeiert veier Radiossendungen um
soziokulturelle Radio 100,7
, zesummen e. a. mat dem letzebuergeschen Jazzmuseker
Pit Dahm
:
Blue Note
,
Hidden Jazz Gems
,
Jazz Revisited
an
Jazz Unrevealed
.
- Force
: e moderne Jazzquartett/Quintett
- Urban Voyage
: en 11-deelege Crossover-Mammutprojet mat Setz zu Amsterdam.
- 2014 ? Laureat vun Keep an Eye “The Records” Amsterdam
- 2014 ? Pol Belardi’s Urban Voyage: Prais vun der Stiftung zur Forderung junger Kunstler in Mamer.
- 2013 ? Criss Cross Europe (vun music:lx selektioneiert)
- 2012 - Rotary-Museksprais Esch-Uelzecht (Promotioun Nr. 2)
- 2012 - XL-Jazz Brussels, mat The Unrevealed Society
- 2012 ? Jong Jazztalent Gent, mat The Unrevealed Society
- 2012 ? Kompositiounsconcours vum Orchestre national de jazz du Luxembourg (Seng Kompositioun Spring ass ennert de Gewenner)
- 2012 ? Prinses Christina Jazz Concours Amsterdam, mat dem Floris Kappeyne Trio
- 2017 - POL BELARDI’S FORCE, Creation/Evolution. Challenge Records.
- 2016 - POL BELARDI’S Urban Voyage. Unit Records.
- 2014 - 4s, Delusions Of Grandeur. EMME Produzioni Musicali.
- 2014 - dillendub.
- 2013 - 4s, Force.
- 2012 - theCARPS’, Gaia.
- 2014 - CHARLOTTE, Inner Ghosts.
- 2014 - PASCAL SCHUMACHER, Left Tokyo Right. Laborie Jazz.
- 2014 - NELSON OGLIASTRI, Birth & Death of a Star.
- 2014 - LITTLE KNOWN FACTS, In Search of the New Temple.
- 2014 - METROMARA, Cycle EP. Hey!jazz.
- 2013 - CHARLOTTE, Daylight EP.