De
Pjotr Andrejewitsch Nalitsch
(
Пётр Андреевич Налич
), gebuer
1981
zu
Moskau
, ass e
russesche
Museker, deen als eischte russesche
YouTube
-Phenomeen gellt, well seng weltwait Bekanntheet haaptsachlech op e Clip zereckgeet, deen en um genannte Videoportal vereffentlecht huet, an deen op den 2. Januar 2008 mat alle Kopie schonn iwwer 700.000 Visiteure versammelt huet.
Mat senger Grupp MKPN (Ofkierzung vu Музыкальный коллектив Петра Налича ? Museksgrupp Pjotr Nalitsch) huet e Russland beim
Eurovision Song Contest 2010
vertrueden a koum op dei eeleft Plaz beluecht.
De Pjotr Andrejewitsch gouf am Joer 1981 zu
Moskau
gebuer. Als Enkel vun engem bosneschen Tenor an der
Belgrader
Oper, huet hien als eischt e Studium um Moskauer Architekturinstitut
MARCHI
absolveiert, ier e sech bei enger musekalescher Bildungsariichtung fir Gesangskonscht beim Moskauer Conservatoire ageschriwwen huet.