De
Pippin de Mettelsten
,
Pippin den Decken
oder
Pippin vun Herstal
lat.
Pippinus
, gebuer am Palais zu
Chevremont
[1]
em
635
a gestuerwen de
16. Dezember
714
zu
Jupille
bei
Leck
, aus der Famill vun den
Arnulfinger
, war vu
679
bis
714
deejeinegen, deen d'Muecht am
Frankeraich
hat: zanter
679
Hausmeier
vun
Austrasien
, zanter
680
als
dux
(Herzog) vun Austrasien, vu 688/689 un als Hausmeier vun
Neustrien
(
principale regimine majorum domus
) an zanter 688 Hausmeier vun der
Bourgogne
. Hie war de Jong vum
Ansegisel
an der
Begga
an e Kandskand vum
Arnulf vu Metz
.
Nodeem dem Pippin dem Mettelsten sai Monnonk
Grimoald den Eeleren
656/657 gestierzt an higeriicht gi war, huet et ausgesinn, wei wann d'
Dynastie
vum
Pippin dem Eeleren
um Ausstierwe wier. An den 670er Jore war just nach deem seng Duechter
Begga
an hire Jong Pippin de Mettelsen um Liewen. De Pippin de Mettelse war, vun dengem Papp senger Sait, en Enkel vum
Arnulf vu Metz
. Zesumme mat senger Mamm konnten se de pippinidesch an arnulfingesch Besetzungen doruechter behaapten. Dem Pippin sai Bestietnes mat der
Plektrud
, der Duechter vum
Palzgrof
Hugobert
an der
Irmina vun Oeren
, dei zu
austreschen
Adelsfamille geheiert hunn, em 670/675 huet dobai eng wichteg Roll gespillt.
Nom Doud vum
Merowengerkinnek
Childerich II.
an deem sengen Hausmeier
Wulfoald
huet de Pippin sech mat austrasesche Grofen zesummegedunn fir geint de machtegen
Neustrier
Ebroin
ze krichen. De Pippin huet zwar d'Schluecht verluer, ma deen neien neustreschen Hausmeier
Waratto
huet
680
, nom Ebroin sengem Doud, dem Pippin seng Mucht an Austrasien unerkannt. An der
Schluecht bei Tertry
(687) huet de Pippin geint dem Waratto sain Eedem an Nofollger
Berchar
gewonnen a krut doduerch d'Herrschaft iwwer d'Gesamtraich.
De Pippin huet doduerch seng Muecht gesechert, datt en net nemmen dei merowengesch Kinneken um Troun gelooss huet, ma och de
Berchar
bis zu sengem Doud a sengem Amt als neustreschen Hausmeier gelooss huet. Duerno huet e sai Jong
Drogo
mat deem senger Wittfra bestuet huet, soudatt desen d'Amt iwwerholl huet. Sain anere Jong, de
Grimoald de Jonken
gouf och Hausmeier, an zwar an Neustiren, soudatt elo dei zwee Hausmeier-Amter an der Hand vu senger Famill waren.
690
/
695
huet de Pippin
Friesland
eruewert, wat d'Viraussetzung fir Christianiseierung vun de Friesen duerch den
angelsachsesche
Mench
Willibrord
war.
Nach eier de Pippin
714
gestuerwe war, gouf et Buttek em seng Nofolleg: Dem
Plektrud
seng 2 Jonge
Grimoald de Jonken
an den Drogo ware schonn dout, a sou huet se probeiert, hir Enkelen duerchzesetzen. Ma de Pippin hat mat senger Konkubin
Chalpaida
zwee aner Kanner, de
Childebrand
an de
Karl
(speider
Martell
geanannt), dei sech geschwenn duerno duerchsetze konnten.
De Pippin gouf zu Chevremont begruewen.
- ↑
Charles Rahlenbeck,
Les Pays d'Outre-Meuse
Sait 13.