De
Peloponnes
(
Πελοπ?ννησο?
/
Peloponnisos
) ass eng
Hallefinsel
an eng
Verwaltungsregioun
am Sude vu
Griicheland
.
Den Numm kennt vun der
mythologescher
Figur
Pelops
, deen de Jong vum legendare Kinnek
Tantalos
soll gewiescht sinn. Den zweeten Deel vum Numm ass dat
griichescht
Wuert fir "Insel", ν?σο?
Nisos
, also "Insel vum Pelops". Am
Mettelalter
war fir de Peloponnes och den
italieeneschen
Numm
Morea
geleefeg.
Vum Festland ass de Peloponnes iwwer eng schmuel Landenkt vun zirka 6,3 km Breed, den
Isthmos vu Korinth
, z'erreechen, deen allerdengs
1893
duerch de
Kanal vu Korinth
duerchgebrach ginn ass. Zanter
2004
ass de Peloponnes iwwer dei 2,2 km laang
Rio-Andirrio-Breck
tescht den Uertschafte
Rio
an Andirrio mam Festland verbonnen.
De Peloponnes ass de sudlechsten Deel vun der
Balkanhallefinsel
an domat dat Gebitt, wat am waitsten an d'
Mettelmier
erageet. De sudlechste Punkt vum Peloponnes ass de
Kap Malea
. Am Oste gett de Peloponnes duerch d'
Egais
an am Westen duerch d'
Ionescht Mier
begrenzt.
Aus Aerdgeschichtlecher Siicht war de Peloponnes ursprenglech eng Insel, dei awer am Laf vun der Zait duerch d'Nord-Verschiebung vun der
afrikanescher
a
saudiarabescher
Plack un d'Festland gedreckt. Daitlech Spuere sinn un de ville
Falebierger
, dei nach relativ jonk sinn, z'erkennen. Des Bierger ginn der Landschaft e charakteristescht Bild. Virun allem am Zentralpeloponnes (
Arkadien
) ass d'Geigend schweier zouganglech, an duerch d'Bierger sinn zum Deel och Seien entstanen. D'Bierger ginn am Peloponnes bis op 2.400 Meter an d'Luucht, den Dall dertescht ass fir griichesch Verhaltnesser ganz fruchtbar.
Well d'Placke sech weiderhi beweegen, zielt de Peloponnes nieft
Italien
zu engem Risikogebitt fir
Aerdbiewen
an
Europa
.
Den Deel vum Peloponnes bilt d'Verwaltungsregioun (
περιφ?ρεια
/
peripheria
) "Peloponnes" (
Πελοπ?ννησο?
/
Peloponnissos
) mat fennef Prefecturen (
νομο?
/
nomi
), vun deenen en Deel vun der Prefectur
Korinthien
och bis op d'griichescht Festland geet. D'Prefecturen
Achaia
an
Elis
bilden zesumme mat
Atoloakarnanien
d'Verwaltungsregioun
Westgriicheland
. En Deel vun der Hallefinsel
Methana
an eng Kustestraif vun der
Argolescher Hallefinsel
wei och d'Inselen am
Saronesche Golf
a virun der peloponnesescher Sudostkust geheieren zu der Verwaltungsregioun
Attika
.
D'
Franchthi-Hohl
an der
Argolis
ass dei eelst Plaz a
Griicheland
, hei goufe
prehistoresch
Iwwerreschter (em 15.000 v. Chr.) fonnt. Am
Altertum
war de Peloponnes den Zentrum vun der
Mykenescher Kutur
, dei em
1100 v. Chr.
abrupt op en Enn gaangen ass. Nieft den
Dorer
hunn am Nordweste vun der Hallefinsel d'
Achaier
gewunnt. An der klassescher Zait stoung de Peloponnes enner der Herrschaft vu
Sparta
, Am
5. Joerhonnert v. Chr.
koum et zu engem
Krich
geint
Athen
, an deem Sparta d'Uewerhand behalen huet.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Peloponnesesche Krich
.
Nom Fall vun deser
Polis
an der
Schluecht vu Leuktra
371 v. Chr.
hat d'
Arkadesch Liga
d'Soen iwwer d'Hallefsinsel. No der
Makedonenherrschaft
hu sech Deeler vum Peloponnes zu der
Achaiescher Liga
zesummegedo, dei
146 v. Chr.
vun de
Reimer
no der Zersteierung vu
Korinth
opgeleist ginn ass.
Um Enn vun der
Speitantiquiteit
goufe grouss Deeler vun der Hallefinsel vu slawesche Gruppe bewunnt. Nodeem de Peloponnes joerhonnertelaang zum
Byzantinesche Raich
geheiert hat, gouf d'Hallefinsel, dei och
Morea
respektiv Moree genannt gouf,
1204
vun de
Kraizritter
eruewert. D'Geigend ronderem
Mystras
war awer seier nees byzantinesch a gouf zu engem Zentrum vun der Hallefinsel, dei zum groussen Deel nees vun de Byzantiner zereckeruewert ginn ass. Zanter dem
15. Joerhonnert
huet de Besetz tescht
Venedeg
an dem
Osmanesche Raich
gewiesselt. Vu
1686
?
1715
war
Morea
fir d'eischt Keier komplett eng venezianesch Provenz, no der Onofhangkeet vu
Griicheland
am Joer
1822
gou d'Hallefinsel enner hirem anticken Numm en Deel vun neie Staat.