한국   대만   중국   일본 
Ozonschicht ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Ozonschicht

Vu Wikipedia
Absorptioun vun der UV-Stralung duerch d'Ozonschicht (37 DU /km = 10 13 Molekulle/cm 3 )
Ofhangegkeet vun der Ozonkonzentratioun vun der geographescher Breet an Heicht

D' Ozonschicht ass e Beraich vun heijer Konzentratioun vum Spueregas Ozon (O 3 ) an der Aerdatmosphar , haaptsachlech an der enneschter Stratosphar . Et entsteet do aus dem Loftsauerstoff, an deem hir Molekulle O 2 duerch den energieraichsten Deel vum Sonneliicht ( UV-C ) zu Sauerstoffatome gespleckt ginn. D'Atome verbanne sech dann direkt mat jee engem weideren O 2 zu O 3 .

Ozon selwer ass vill mei liichtempfindlech wei O 2 . Et absorbeiert UV-C an UV-B a schetzt domat Planzen, Organismen, Deieren a Mensche viru Stralenschied. Wann en Ozon-Molekul en UV- Photon absorbeiert, gett et zwar gespleckt, awer an den allermeeschte Fall mecht dat fraigesaten O-Atom glaich nees Ozon. Nemmen d'Ausnamen, haaptsachlech O + O 3 → 2 O 2 , bedeiten e Verloscht vun Ozon.

Ozon huet groussen Afloss op d'Temperatur vun der Stratosphar, engersaits iwwer d'UV-Absorptioun, anerersaits ass et als gewenkelt Molekul IR-aktiv a straalt Waermt of.

Als Entdecker vun der Ozonschicht gellen dei franseisch Physiker Charles Fabry an Henri Buisson . Si haten 1913 duerch UV-spektroskopesch Miessungen Ozon an heijen Atmospharschichten nogewisen.

Global Verdeelung [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei effektiv Liewensdauer vum Ozon ass grouss genuch, datt et vun de luese Streimunge vun der Stratosphar global transporteiert gett: Obwuel dat meeschten Ozon am Beraich vum Equator entsteet, ass de greissten Deel vum Ozon an den tempereierten an heije Breeten , am Heichteberaich tescht 15 a 25 Kilometer. D'Sailenheicht, gemooss an Dobson-Eenheeten (DU), ass an den tempereierte Breeten tescht 300 a 400 DU, an heijere Breeten am Freisummer deels iwwer 500 DU, woubai 100 DU enger Staerkt vun 1 mm entspriechen. An den Trope gett d'Ozonschicht vum Opstroum aus der Troposphar op 20 bis 30 km Heicht ugehuewen an op 200 bis 300 DU ausgedennt. Dei global gerengste Sailenheicht ass am sougenannten Ozonlach , dat sech reegelmeisseg am Freijoer vun der Antarktis opdeet, munchmol wait enner 200 DU. [1]

Prozesser [ anneren | Quelltext anneren ]

Genesis vun Ozon duerch Photolys vu Loftsauerstoff

D' Photolys vun engem Sauerstoffmolekul (O 2 ) bei Wellelangten enner 240 nm liwwert zwein Sauerstoffatome, dei sech jeeweils un e weidere Sauerstoffmolekul bannen, sou datt zwein Ozonmolekullen entstinn:

3 O 2 → 2 O 3 (Wellelangt < 240 nm)

Ozon absorbeiert laangwellegt UV-Liicht, bis ongefeier 300 nm, woubai d'Ozonmolekulle jee e Sauerstoffatom ofsplecke. Deen Atom fennt an den allermeeschte Fall glaich nees Uschloss un e Sauerstoffmolekul, sou datt d'Ozonunheefung kaum ofhellt:

O 3 + O 2 → O 2 + O 3 (Wellelangt < 300 nm)

An enger propperer Stratosphar ass den heefegste Verloschtprozess d'Reaktioun vun engem Sauerstoffatom mat engem Ozonmolekul. Dobai entstinn zwee geweinlech Sauerstoffmolekullen:

O + O 3 → 2 O 2

Dat ass dee sougenannte Ozon-Sauerstoff-Zyklus , bei deem d'Mengt vum Ozon bal konstant bleift.

Observatiounsmeiglechkeet [ anneren | Quelltext anneren ]

Trotz der klenger Zuel vun Ozonmolekulle an 15 bis 30 km Heicht mecht sech d'Ozonschicht bei zwein atmospharesche Phenomeener warend der Dammerung bemierkbar, dei alle beid op d' Chappuis-Absorptioun zereckzefeiere sinn: [2] :

  • Direkt no Sonnenennergank resp. viru Sonnenopgankass d'Blofierwung vum Himmel haaptsachlech op d'Absorptiounswierkung vum Ozon zereckzefeieren an net ? wei soss um Dageshimmel ? op d' Rayleigh-Streeung . Datt d'Chappuis-Absorptioun Ursaach vun der Fierwung ass, gouf ereischt 1952 vum amerikanesche Geophysiker Edward Hulburt (1890?1982) erkannt.
  • Kuerz viru Sonnenop- respektiv no Sonnenennergank ass de sougenannte Aerdschiedbou ze gesinn. Dobai handelt et sech em eng horizontno blogro Straif a Geigepositioun zu der Sonn. De franseische Meteorolog Jean Dubois hat erausfonnt, datt Faarf och op d'Absorptiounswierkung vum Ozon zereckzefeieren ass.

Aerdgeschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Viru ronn 3,5 Milliarde Joer hat d' Aerdatmosphar nach kee fraie Sauerstoff (O 2 ). Mam Optriede vun der eischter oxygen-phototrophen (bei der Photosynthes O 2 fraisetzenden) Mikroorganismen, warscheinlech Cyanobakterien , huet d'Fraisetzung vu Sauerstoff aus Waasser ugefaangen (O 2 ). De fraigesate Sauerstoff (O 2 ) koum awer am Ufank net an d'Atmosphar, ma gouf bei der Oxidatioun vun der am Waasser geleisten oneedele Metall- Ionen , virun allem Fe 2+ , an dem och am Waasser geleiste Sulfid verbraucht. Ereischt wou no ganz laanger Zait dei Oxidatiounen ofgeschloss waren, konnt sech fraie Sauerstoff an der Aerdatmosphar usammelen. Dei Phas vun der Entwecklung vun der Aerdatmosphar gett als grouss Sauerstoffkatastroph bezeechent. Duerch Konvektioun an Diffusioun koum Sauerstoff bis an d'Stratosphar, wou dann duerch den Ozon-Sauerstoff-Zyklus d'Ozonschicht entstoung.

Ozonlach [ anneren | Quelltext anneren ]

  Haaptartikel zu desem Theema: Ozonlach  


Am Joer 1981 hat den Veerabhadran Ramanathan beschriwwen, datt eleng de ganz staarken Dreifhauseffet vun der Fluorchlorkuelewaasserstoffe d' Aerdatmosphar bis an d'Joer 2000 em e ganze Grad opwierme geif, wann d'Emissiounevun deem Gas net dramatesch reduzeiert gett. [3] Als Bestanddeel bestemmter Gase, besonnesch duerch Fluorchlorkuelewaasserstoffer (FCKW), komme Chlor a Brom an d'Stratosphar, dei als Radikal katalytesch zum Ofbau vum Ozon baidroen. An der Polarnuecht iwwer der Antarktis komme Wolleken an d'Spill, fir dei et soss an der drechener Stratosphar ze waarm ass. Op deene Partikelen parken d'Schuedstoffer a gi bei Sonnenopgank am Freijoer massiv frai. Am enneschten Deel vun der Stratosphar gett doduerch den Ozon bannen e puer Woche bal vollstanneg ofgebaut. Ereischt wann de Polarwirbel instabil gett, drenge mei ozonraich Loftmassen an d'Ozonlach eran a maachen et zou, warend ozonaarm Loft munchmol bis Sudamerika an Australien virstoussen an do zu heijen UV-B-Waerter feieren. Auswierkunge sinn z'erwaarden, awer schweier z'erfaassen.

Dei stratospharesch Ozonschicht steet net a Verbindung mam buedemno heefeg optriedendem Ozon bai Summersmog .

Bedeitend Wessenschaftler bei der Erfuerschung vun der Ozonschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Ozonschicht ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Antje Dethof: Assimilation of ozone data in the ECMWF model (PDF; 5,9 MB), ECMWF , 2005 .
  2. Gotz Hoeppe: Himmelslicht, Spiegelbild des Erdklimas , Freie Universitat Berlin
  3. Spencer Weart: The Discovery of Global Warming: Other Greenhouse Gases . Center of History am American Institute of Physics , aip.org