Otto Wilhelm von Struve
|
---|
|
Gebuer
|
7. Mee
1819
|
---|
Gestuerwen
|
14. Abrell
1905
Karlsruhe
|
---|
Nationaliteit
|
Russescht Keeserraich, Daitscht Keeserraich
|
---|
Educatioun
|
Staatlech Universiteit Sankt Peitersbuerg
|
---|
Aktiviteit
|
Astronom
|
---|
Member vun
|
Royal Society
,
Schweedesch Akademie vun de Wessenschaften
, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wessenschaften,
American Academy of Arts and Sciences
, Preisesch Wessenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wessenschaftsakademie,
National Academy of Sciences
, Corporation Livonia Dorpat,
International Astronomesch Unioun
|
---|
Famill
|
---|
Papp
|
Friedrich Georg Wilhelm Struve
|
---|
|
Den
Otto Wilhelm von Struve
gebuer de
7. Mee
1819
zu
Dorpat
,
Estland
, a gestuerwen de
16. Abrell
1905
zu
Karlsruhe
, war en daitsch-balteschen
Astronom
.
De Struve war de Jong vum Astronom
Friedrich Georg Wilhelm Struve
. Mat 15 Joer huet de Struve an der
Universiteit Dorpat
Astronomie studeiert. Scho warend sengem Studium huet hien als Praktikant bei sengem Papp am
Observatoire Dorpat
gehollef. 1839 schleisst de Struve sai Studium mat enger Promotioun of a kritt eng Ustellung am
Observatoire zu Pulkowo
als
Adjoint-Astronom
. Bei senge Fuerschungen entdeckt de Struve 1841 eng nei Bestemmung vun der
Prezessiounskonstant
.
Am Joer 1847 berifft de
Generalstaf
vun der
zaristesch Armei
de Struve zum
berodenden Astronom
. Desen Dengscht huet hie 15 Joer gemaach. Hei huet hien dei geodatesch-astronomesch Aarbechte geleet. Am Joer 1848 avanceiert de Struve zum zweeten Direkter vum Observatoire vu Pulkowo an 1856 gett hie Professer.
D'
Akademie vun de Wessenschaften
zu
Sankt Petersburg
helt hien 1861 als Member op. Ee Joer mei speit gett de Struve Nofollger vu sengem Papp a bleift bis 1889 Direkter vum Observatoire. Am Joer 1867 gett hien zum President vun der
I.A.U.
gewielt. 1887gett hien zum Geheimrat ernannt.
Mat 71 Joer geet den Otto Wilhelm Struve a Pensioun a wandert no Daitschland aus. Hien huet sech zu Karlsruhe niddergelooss an ass am Alter vu 86 Joer de 16. Abrell 1905 gestuerwen.
De Struve huet 500 nei Duebelstaresystemer um nerdlechen Himmel observeiert. Hien huet dem
Saturn
a seng Reng ennersicht, an huet d'Mass vum
Neptun
bestemmt, an entdeckt en
Uranusmound
. Doriwwer eraus errechent hien
Parallax
vu verschiddener Fixstare, a mecht Observatiounen iwwer d'Verannerlechkeet am
Orionniwwel
. Ausserdeem feiert hien e ganze Koup Observatiounen iwwer
Komeiten
duerch. Am Joer
1851
weist hie warend enger Sonnendaischtert no, datt d'
Protuberanzen
dem Sonnekierper ugeheieren. Och bedeelegt hie sech un de Gradmiessungen, dei sech iwwer 69
Langtegraden
tescht Valentia an
Irland
an
Orsk
op der asiatescher Grenz erstreckt.
Den Otto Wilhelm Struve war de Papp vum
Hermann von Struve
an dem
Ludwig von Struve
, allebeid och Astronomen. Hien ass och Grousspapp vum Astronom
Otto von Struve
.
- Ubersicht der Thatigkeit der Nikolai-Hauptsternwarte warend der ersten 25 Jahre ihres Bestehens
(Petersburg, 1865)
- Observations de Poulkowa
(Pulkowo, 1869-87, 12 Bande)