Als
Oppositioun
nennt een an der
Astronomie
den
Aspekt
, bei deem zwein Himmelskierperen um Himmel am Wenkelofstand vun 180 Grad stinn.
Am Reegelfall intresseiert nemmen d'Oppositioun vun engem Himmelskierpers zu der
Sonn
, well an desem Fall ass den Himmelskierper dei ganz Nuecht iwwer ze gesinn, woubai hien em Hallefnuecht am hechsten iwwer dem Horizont steet.
An zaitlecher Noperschaft zu der Oppositioun gett ausserdeem de kierzten Aerdpfstand erreecht, wat fir aerdgebonnene Observatiounen natierlech genschteg ass.
Allerdengs gett weinst der
Exzentriziteit
vun der
Planeitebunnen
de kierzten Aerdofstand dacks net exakt zum Oppositiounszaitpunkt erreecht, obschonn dei optriedend Differenz vun e puer Deeg am Reegelfall ouni praktesch Bedeitung ass.
Stinn zwein Himmelskierpere bal zur glaicher Zait an Oppositioun zu der Sonn, sou kann et weinst der visueller
Schleefebunnen
(
Oppositiounsschleef
) vun de bedeelegten Himmelskierper zu enger sougenannter
draifach Konjunktioun
kommen. Dobai begeine sech dei zwein Himmelskierperen draimol am zaitlechen Ofstand vun nemmen e puer Meint.
Steet den
Aerdmound
an Oppositioun zu der Sonn, sou hu mer
Vollmound
.
Himmelskierper, dei wei dei bannenzeg Planeite
Merkur
a
Venus
d'Sonn emlafen, kennen ni an Oppositioun kommen a sinn dofir nemmen owes oder mueres um Himmel ze gesinn, awer net dei ganz Nuecht.