D'
Oeillets-Revolution
(
port.
:
Revolucao dos Cravos
oder einfach
25 de Abril
) gett eng Rebellioun vun engem groussen Deel vun der
portugisescher
Armei genannt, de
25. Abrell
1974
, geint dei autoritar
Diktatur
vum sougenannten
Estado Novo
. Den Numm krut se weinst de rouden
Oeilleten
, dei d'Zaldoten - am Kader vum allgemenge Volleksfest an der Freed - an d'Leef vun hire Gewierer gestach haten. D'Revolutioun war sou gutt wei onbluddeg - et gouf veier Doudeger, wei regimmtrei Truppe vun der Geheimpolizei PIDE op onbewaffnet Demonstrante geschoss hunn. D'Oeillets-Revolutioun huet de Wee fir dei
demokratesch
Drett Republik a Portugal opgemaach.
Zanter 1926 gouf Portugal vun enger
Militarjunta
regeiert: fir d'eischt vum
Generol Carmona
, duerno vun 1932 bis 1968 enner dem
Salazar
a bis zum Schluss enner dem
Marcelo Caetano
. 1933 gouf duerch eng Verfassungsannerung den
Estado Novo
("Neie Staat") agefouert, an deem de parlamentaresche System ofgeschaaft an duerch e
paternalisteschen
,
kathoulesch
inspireierten, pre-moderne
Standestaat
ersat gouf.
Gewerkschafte
goufe verbueden, d'Press zensureiert, Oppositioneller verfollegt, an de Prisong gestach, gefoltert oder embruecht. D'Bevelkerung gouf bewosst aarm an ongebilt gehalen, - well d'Schoulflicht op 4 Joer reduzeiert gouf, ware vill Leit
Analphabeten
-, an alles, wat "modern" war, war verdaamt a verbueden.
1949 gouf Portugal Grennungsmember vun der
NATO
, an huet eng decisiv
antikommunistesch
Haltung am
Kale Krich
ageholl (wat indirekt gehollef huet de Regimm ze staerken).
Am Februar 1974 huet den
Antonio de Spinola
a sengem Buch
Portugal e o Futuro
("Portugal an d'Zukunft") analyseiert, wei wait Portugal systembedingt wirtschaftlech a kulturell hanner dei aner westeuropaesch Staaten zereckgefall wier, an huet daitlech gemaach, datt d'Kolonialkricher am Angola an am Mosambik, woufir 50 % vum Staatsbudget dropgoungen an dei vill Menscheliewe kascht hunn, militaresch net ze gewanne wieren. De Spinola huet eng ?nei national Strategie“ virgestallt, an dar d'Vollek um politeschen Decisiounsprozess bedeelegt sollt ginn an d'Kolonien e Recht kriten, selwer ze bestemmen, wat se weilten.
Fir vill Membere vun der Armei, dei meescht jonk Offizeier, dei am
Movimento das Forcas Armadas
(MFA, "Beweegung vun den armeierte Kraften") organiseiert waren, war dat e Signal zum Opbroch.
De 24. Abrell 1974 owes um 10 vir 11 gouf am Radio d'Lidd
E depois do adeus
("Nom Addi-Soen") vum
Paulo de Carvalho
gespillt - d'Signal fir den Opbroch fir d'Armeisuniteiten, dei sech zum MFA bekannt hunn. Als Revolutiounslidd gouf awer en anert Lidd beruumt:
Grandola, Vila Morena
("Grandola, [vun der Sonn] brong Stad") vum antifaschistesche Liddermecher
Jose Afonso
, an deem d'Zeil "
O povo e quem mais ordena
" ("Et ass d'Vollek, dat kommandeiert") virkennt.
Knapps 18 Stonnen duerno hat den MFA dei eelst Diktatur an Europa gestierzt. Si hunn d'Kommandante festgesat, an d'Ministeren, Radio- an Televisiounssenderen an de Fluchhafe besat. Emmer mei Truppen hu sech hinnen ugeschloss. D'Leit stoungen zu Dausende laanscht d'Strooss, fir se ze feieren, a seier kruten d'Zaldote rout Oeilleten (d'Symbol vun der Aarbechterbeweegung), dei se sech un hir Uniform oder an de Gewierlaf gestach hunn.
De
Marcelo Caetano
, dee sech an enger Kasar verschanzt hat, huet sech schlussendlech bereet erklaert, dem
Generol Spinola
, dem freiere Gouverneur vun der Provenz Guinea-Bissau, d'Muecht z'iwwerginn. Dat war zwar net der MFA hire Wonschkandidat, ma si hunn awer zougestemmt, fir d'Situatioun ze berouegen.
Direkt goufen och d'Agenten an Informante vun der Geheimer Staatspolice PIDE gesicht a verhaft, an dei politesch Gefaangen, dei dacks jorelaang ouni Prozess agespaart waren, goufe fraigelooss.
An den Deeg duerno si vill Leit aus dem Exil zereckkomm, dorenner de
Mario Soares
(Sozialistesch Partei) an den
Alvaro Cunhal
(Kommunistesch Partei, PCP).
Den 1. Mee 1974 - dei eischt Keier, datt eng
Eischt-Mee-Feier
konnt ofgehale ginn - war zu Lissabon e risegt Volleksfest. De selwechten Dag gouf en Amnestiegesetz erlooss, dat dei ronn 100.000 jonk Leit, dei aus der Armei fortgelaf waren, oder sech virun der Rekruteierung verstoppt hunn, nees an d'Legaliteit bruecht huet, eischt Schrett goufen an d'Weeer geluecht, fir d'Kolonialkricher op en Enn ze brengen. D'Provenze Mocambique (
Mosambik
) an
Angola
goufen de 25. Juni resp. den 11. November 1975 onofhangeg.
Graffiti fir un d'Revolutioun z'erenneren.
Am Lissabonner Sportstadion, deen zanterhier
Estadio 1º de Maio
heescht, koume mei wei 100.000 Leit zesumme fir ze feieren an de Riede vun de Gewerkschaftler
Mario Soares
vun de Sozialisten an
Alvaro Cunhal
, dem President vun der Kommunistescher Partei, nozelauschteren.
- Capitaes de abril
, vum Maria de Medeiros (2000)
- Cravos de abril
, vum Ricardo Costa (1999)
- A revolucao de abril no Olhar de Carlos Gil
vum Ivan Dias (2010)
- Nachtzug nach Lissabon
vum Bille August (2013)
- Les grandes ondes (a l'ouest)
vum Lionel Baier (2013)
- Raquel Varela: Die Arbeiterbewegung und die Rolle der Soldaten in der portugiesischen Nelkenrevolution, in: JahrBuch fur Forschungen zur Geschichte der Arbeiterbewegung, Heft III/2011.
- Klaus Steiniger:
Portugal im April. Chronist der Nelkenrevolution.
Verlag Wiljo Heinen, Berlin 2011. ISBN=978-3-939828-62-4
- Dominique de Roux:
Le cinquieme empire
, editions Belfond, 1977. Editions du Rocher, 1997.
- Jaime Semprun:
La guerre sociale au Portugal
, editions Champ libre, 1975.
- Charles Reeve, Claude Orsoni et al:
Portugal, l'autre combat
, editions Spartacus, 1975.
- Yves Leonard:
La revolution des œillets
, editions Chandeigne, 2003.
- Charles Reeve:
Les œillets sont coupes
, Paris-Mediterranee, 1999.
- Svenja Schell:
Die Ursachen und Folgen der portugiesischen Nelkenrevolution
, 2007.
- Manuel von Rahden:
Militar und Parteien warend der Nelkenrevolution (1974?75)
. In: Marko Golder, Manuel von Rahden:
Studien zur Zeitgeschichte Portugals.
Hamburger Ibero-Amerika Studien Bd. 10, LIT Verlag, 1998, S. 107?218.
- Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo:
25. April 1974 ? Die Nelkenrevolution. Das Ende der Diktatur in Portugal.
In: Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo (Hrsg.):
Bibliothek des Widerstands.
Bd. 15, Laika-Verlag, Hamburg 2012,
ISBN 978-3-942281-85-0
.