Den
Nikolaus Harnoncourt
, gebuer de
6. Dezember
1929
zu
Berlin
als
Johann Nicolaus Graf de la Fontaine und d'Harnoncourt-Unverzagt
a gestuerwen de
5. Maerz
2016
zu
St. Georgen im Attergau
, war en
eistraicheschen
Dirigent
,
Cellist
, Auteur vu Bicher iwwer d'Musek an ee vun de Pioneier vun der
Historescher Performanz
, d.h., dem Spille vu Musek mat den Instrumenter vu freier a sou, wei se deemools geduecht war.
Hien huet seng Karriar als klasseschen Cellist ugefaangen. An den 1950er Joren huet hien den Ensembel
Concentus Musicus Wien
gegrennt, dee mat zaitgenesseschen Instrumenter klassesch a virklassesch Musek gespillt huet. Geint 1970 huet hien ugefaangen, Operen a Concerten ze dirigeieren, an hat domat geschwenn eng zolidd Reputatioun, sou datt e Gaaschtdirigent bei renommeierten Ensembelen a Festivaller gouf, wei de
Wiener
an de
Berliner Sinfoniker
, oder de
Salzburger Festspiele
. Sai Repertoire, deen ufanks virun allem Barock a Klassik war, huet sech no an no an d'19. an d'20. Joerhonnert ausgebreet. 2001 an 2003 huet hien de Wiener Neijooschconcert dirigeiert.
Vun 1972 bis 1992 huet hien um Salzburger
Mozarteum
a vun 1973 un och um
Institut fur Musikwissenschaft
vun der
Universiteit Salzburg
Coursen iwwer d'Opfeierungspraxis an iwwer historesch Instrumenter ginn.
Den Harnoncourt war och den Auteur vun enger Retsch Bicher, dei meescht iwwer Musekesthetik an d'historesch Entwecklung vun den Opfeierungen.
Hie war zenter 1953 mat der Alice Hoffelner bestuet a Papp vu 4 Kanner.