Nicolas Spanier

Vu Wikipedia
Nicolas Spanier
Gebuer 14. Februar 1811
Waldbriedemes
Gestuerwen 21. September 1875
Letzebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Politiker

Den Nicolas Spanier , [1] gebuer de 14. Februar 1811 zu Waldbriedemes [2] , gestuerwen den 21. September 1875 an der Stad Letzebuerg am Alter vu 64 Joer, [3] war e letzebuergesche Meller a Politiker.

De Meller [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Nicolas Spanier war de Proprietar vun der freierer Bannmille vu Waldbriedemes.

Hie war de Jong vum Nicolas Spanier senior (zirka 1734 Biwer -1813 Waldbriedemes), deen Ierfpachter vun der Bannmille vu Waldbriedemes war, an der Maria Amma(n) (*1773 Duelem ), dei sech den 13. Januar 1800 [4] bestuet haten. Nom Doud vun hirem Mann ass et der Maria Amman am Abrell 1814 gegleckt, d'Laaschten, dei op der Mille louchen ofzeleeen a volle Proprietar vun der Millen ze ginn. Am September 1814 huet si sech fir zweet bestuet, an zwar mam Michel [5] Noesen. D'Koppel huet 1817 d'Wunnhaus an d'Millen emgebaut. D'Gebai hat elo 20?m op 10?m, mat engem Bannenhaff zur Sait vun der Kierch, an deem d'Millerad stoung. [2] De 4. Mee 1831 huet den Nicolas Spanier d'Elisabeth Fohl bestuet. D'Koppel hat eelef Kanner, dei all op der Mille gebuer goufen. [2]

De Buergermeeschter [ anneren | Quelltext anneren ]

Den 29. Dezember 1843 ass den Nicolas Spanier Buergermeeschter vun der Gemeng Waldbriedemes genannt ginn. [6] An dar Funktioun huet hien dofir gesuergt, datt dei prachtvoll gotesch helze Statue vum hl. Celsus an dem hl. Georg, dei 1847 bei der Reparatur vum Daach vun der Kierch iwwer dem Kiercheverwellef fonnt goufen, an de Musee vun der archeologescher Gesellschaft an der Stad koumen. [7]

Den Deputeierten [ anneren | Quelltext anneren ]

Bei de Wale vum 28. September 1848 ass hien als Vertrieder vum Kanton Reimech an d' Chamber gewielt ginn, zesumme mat dem Pierre Ernest Dams , dem Charles Theodore Andre an dem Dr. Guillaume Velter . [8] Sai Mandat goung vum 3. Oktober 1848 bis de 15. Mee 1854. [9] Den Nicolas Spanier war ee vun deenen Deputeierten, dei 1848 Letzebuergesch an der Chamber geschwat hunn. [10]

Den Nicolas Spanier, deen antiorangistesch a geint d'Groussgrondbesetzer vun der Musel war, [11] ass de Mitock [10] [11] aus dem Dicks sengem Vulleparlament am Grengewald (1848). [12] Do heescht et: [11]

De Miitock jeitzt: “Keng Steire meh,
Keng Scholl, kee Weirecht, keng Schosse,
Keng Maren, (bis),
A fort mat allen Herren!” [13]

A moderner Schreifweis:

De Mitock jaizt: “Keng Steire [Steiere] mei,
Keng Schoul, kee Wairecht [eng Steier um Wain], keng Chaussee,
Keng Mairen [Buergermeeschteren],
A fort mat allen Haren!”

D'Spottlidd huet an der Chamber fir vill Opreegung gesuergt. Zwein Deeg no senger Publikatioun, de 7. November 1848, hunn den Nicolas Spanier an de Charles Theodore Andre d'Regierung, un dar hirer Spetz dem Dicks sai Papp, den Theodore de la Fontaine , stoung, doriwwer interpelleiert. [14] No den animeierten Diskussioune vum 7. an 8. November an dem Ofstemmen iwwer d'Vertrauensfro, dat den 8. November mat nemmen enger eenzeger Stemm Majoriteit fir d'Regierung ausgoung, huet des deen aneren Dag, den 9. November, hir Demissioun ugekennegt. [15]

Den Dicks huet awer nach eng Schepp no geheit an de 15. November 1848 am “Volksfreund” e “Schattenkabinett” publizeiert, wou en am Geck proposeiert huet, dem Nicolas Spanier de Ressort vun den “Travaux publiques” unzevertrauen. [16]

D'Kanner [ anneren | Quelltext anneren ]

Vun dem Nicolas Spanier sengen eelef Kanner sinn der fennef jonk gestuerwen. Eent vun den iwwerliewende Kanner, d'Marie (*1837), huet 1869 sech mam Jean Genson vu Schetter bestuet an d'Haus verlooss. [17] Dei aner Geschwester hu sech net bestuet a sinn am Betrib bliwwen, dee si nom Doud vum Nicolas Spanier zesumme weidergefouert hunn. [2]

D'Kraiz am Haff [ anneren | Quelltext anneren ]

Weekraiz dat vum Nikolaus Spanier soll opgeriicht gi sinn

Als Kuriositeit kann een e stengent Weekraiz ernimmen, dat am Haff vun der freierer Bannmille vu Waldbriedemes steet. D'Kappsteck vum Kraiz weist d'Kraizegung vu Christus , an d'Sail de Kleeschen mat de Kanner an der Biddchen. Dat Kraiz hunn de Michel Noesen an d'Maria Amman opriichte gelooss, ma de Sockel dreit eng Opschreft, no dar et 1818 vum Nikolaus Spanier opgeriicht gi wier. Wat kurieis ass, well den Nicolas Spanier senior war do scho fennef Joer laang dout a sai Jong, de speideren Deputeierten Nicolas Spanier, war dunn ereischt siwe Joer al. [18]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Calmes, A., 1982. La revolution de 1848 au Luxembourg. 2e edition. Imprim. Saint-Paul, Luxembourg, 301 S.
  • Erpelding, E. 1983. Die Muhlen von Waldbredimus . In: Chorale Caecilia Waldbredimus: 80e anniversaire et inauguration du drapeau. Luxembourg, S. 59-69.
  • Goetzinger G. et al., 2009. Ech sinn e groussen Hexemeeschter: Dicks, 1823-1891: Ausstellung und Katalog. Centre national de litterature, Mersch, 275 S.
  • Jung, J., 2010. Nicolas Spanier: Abgeordneter aus Waldbredimus. In: Nouvellen aus eiser Gemeng, Nr. 34 (September 2010), S. 27-28, Administration communale de Waldbredimus. [9]
  • Koenig, A., 1918. Geschichte des Ortes und der Pfarrei Waldbredimus . Linden & Hansen, Luxemburg, 111 S. (Sonderdruck aus: "Ons Hemecht" 1916-1918).
  • Koenig, A., 1921. Die Kirche von Waldbredimus. Druckerei N. Neuens, Esch-Alzette, S. 15 S. (Sonderdruck aus: Ons Hemecht 1921, S. 37-45, 49-56).
  • Luxemburger Wort, 1948. Das Steinkreuz im Hof der ehemaligen Bannmuhle von Waldbredimus. Luxemburger Wort 1948, Nr. 356 (21. Dezember), S. 5. [10]
  • Maack, M.,1991, Geschichten und Anekdoten aus Waldbredimus (I): Dicks kannte den Deputierten Nikolaus Spanier. Tageblatt 1991, Nr. 195 (26. August), S. 11.

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Beim Albert Calmes (1982, S. 246) an am Buch La Chambre des Deputes: histoire et lieux de travail (N. Als & R.L. Philippart, 1994, S. 528) steet “Mathias Spanier" amplaz “Nicolas Spanier”.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Erpelding 1983, S. 66-67.
  3. Luxemburger Wort 1875, Nr. 222 (22. September), S. 2. [1] Den Nicolas Spanier gouf den 23. September 1875 zu Waldbriedemes begruewen.
  4. Luxemburger Wort 1948, Nr. 356.
  5. De Koenig (1918), S. 92, an de Maack (1991) ginn de Virnumm "Mathias" un.
  6. Koenig 1918, S. 92.
  7. Koenig 1921, S. 9 an 10. Kuckt och: Um die Pfarrkirche von Waldbredimus . Luxemburger Wort 1948, Nr. 350 (15. Dezember), S. 5. [2]
  8. Noesen, P., 1949. Pierre Ernest Dams 1794-1855. In: Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, t. 1, fasc. 2, S. 576-577. [3]
  9. Koenig 1918.
  10. 10,0 10,1 Dichter und Bauer. Luxemburger Wort 1944, Nr. 88/89, (9. Dezember), S. 3. [4] Kuckt och: Luxemburger Wort 1948, Nr. 86 (7. Dezember), S. 1. [5] ; Luxemburger Wort 1848, Nr. 70 (15. Oktober), S. 1 ( Verhandlungen der Kammer: Sitzung vum 12. Oct. ) [6] ? Nieft dem Spanier huet an dar Sitzung och den Henri Greisch “im vaterlandischen Dialekte” geschwat.
  11. 11,0 11,1 11,2 Goetzinger et al. 2009, S. 57-59, 248.
  12. P. N.: Vor hundert Jahren: eine politische Satire. In: Die Warte 1948, 1. Jg., Nr. 8 (20. November), S. 3. [7]
  13. D'Vulleparlament am Grengewald (ob d'Weis vun der Vullenhochzeit). In: Der Volksfreund 1848, Nr. 79 (5. November).
  14. Calmes 1982, S. 248.
  15. Luxemburger Wort 1848, Nr. 80 (10. November), S. 1 ( Rucktritt der Regierung ). [8]
  16. Jung 2001.
  17. Erpelding 1983, S. 67. ? Laut Maack (1991) hatt de Genson "Albert" (net Jean) geheescht a wier Schoulmeeschter gewiescht, an d'Koppel wier speider an d'Stad Letzebuerg geplennert (beim Erpelding 1983, S. 67, heescht et, d'Marie hatt a Loutrengen gelieft). ? Beim Maack (1991) geet och nach rieds vun enger Duechter, dei "Amelie" geheescht hatt an zu Charmes an de Vogesen am Klouschter [sœurs de la Doctrine chretienne, dites Vatelottes] gewiescht wier an do als Schoulschwester geschafft hatt. Deen Numm ass beim Erpelding (1983) net ze fannen, grad sou mann wei de "Pir", deen de Maack (1991) ernimmt.
  18. Kuckt och: Koenig 1921, S. 14-15; Friedrich, E., 1983. Waldbredimuser Vergangenheit. In: Chorale Caecilia Waldbredimus: 80e anniversaire et inauguration du drapeau. Luxembourg, S. 52 ( D'Kraiz am Haff ).