Neijoer
oder
Neijoerschdag
ass den eischten Dag vum Kalennerjoer. A bal alle Kulturen, ma mat ganz ennerschiddlechen
Zaitrechnungen
an domat och
Kalenneren
, ass mat dem Neijoer och e
Neijoerschfest
verbonnen, dat domat och zu verschiddenen Zaite gefeiert gett:
Am westleche Kulturraum ass den
1. Januar
als Termain fir de Joresufank zanter dem
Mettelalter
wait verbreet. Onofhangeg dovu gouf a gett et a jee no Regioun verschidden Neijoerschtermainer.
Ze beuechte si follgend, virun allem am kierchleche Beraich gebraucht Varianten:
Am Joer
153 v. Chr.
hunn d'
Reimer
no hirem
Kalenner
de Joresufank vum 1. Maerz op den 1. Januar, op den Dag vum Amtsuntrett vun de
Konsule
verluecht. Si hunn d'Joren och no den Amtszaite vun de Konsule genannt. Domat hunn och d'Zuelmeint (September, de siwenten, Oktober, den aachten, November, den nengten, Dezember, den zengten) hir entspriechend Positioune verluer.
Bis zum Festleee vum Neijoerschdag am Joer
1691
duerch de
Poopst
Innozenz XII.
op den 1. Januar huet a waiten Deeler vun Europa de
6. Januar
als Joresufank gezielt.
Haut geheieren a ville Lanner
Freedefeier
a
Knupperten
zu
Silvester
a Joreswiessel, sou wei Gleck- a Gesondheetswensch am neie Joer.
Sou wenscht ee sech zum Beispill dacks ?e
gudde Rutsch
“ an dat neit Joer. Dest huet warscheinlech awer naischt mat ?rutschen“ ze dinn, ma et kennt op dat
hebraesch
?rosch“ 'Kapp, Ufank' zereckgoen; dat jiddescht Neijoerschfest heescht op Hebraesch
Rosch ha-Schanah
(??? ????).
Grouss Kultur- a Sinfonieorchestere spillen am neie Joer dacks en
Neijoerschconcert
.
Wei iwwerall op der Welt ass et och zu Letzebuerg Usus, datt sech Frenn a Bekannte fir Neijoerschdag Gleck, Gesondheet an och soss alles Guddes wenschen. Bei deser Geleeenheet kreien d'Kanner traditionell vun de Grousselteren an/oder dem Patter an der Giedel en
neit Jaerchen
: e klenge Kaddo a Form vu Seissegkeeten oder Suen. Geweinlech kritt och d'Personal vu verschiddene Beruffsstann (de Breifdreier, d'Zeitungsfra / -mann an d' "Manner vun de Kiwwelen") an den eischten Deeg vum Januar en Drenkgeld. Des Traditioun verschwennt awer lues a lues
[1]
.
- Fritz Bunger:
Geschichte der Neujahrsfeier in der Kirche
. Gottingen 1911.
- Hermann Grotefend:
Zeitrechnung des deutschen Mittelalters und der Neuzeit
. 3. Bande, 1891-1898. Anmerkung: Obwohl im Titel von
deutscher Zeitrechnung
die Rede ist, stellt der Grotefend einen umfassenden Blick auf sehr viele Zeitrechnungen dar.
Gesetzlech Feierdeeg zu Letzebuerg
vu Januar bis Dezember (* Reiefolleg kann anneren)
|
---|
|
- ↑
Quell vun desem Kapitel: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos... Feste und Traditionen in Luxemburg (Sait 3). Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op
luxembourg.public.lu
den 9. Januar 2019